EFrigo ass enelektreschen Apparat a Form vun engemSchaf, dee sengBannentemperatur selbstänneg niddreg hält. En huet meescht een Haaptkompartiment mat enger Temperatur vun tëscht 2 an 8° C[1] a kann donieft nach en zweet Kompartiment hunn (d'Gefréierfach), dat méi eng niddreg Temperatur huet an an deem ee Saache afréiere kann (-18 °C). De BegrëffFrigidaire kënnt vun der Mark mam selwechten Numm vum GruppElectrolux a gëtt heiansdo alsgenereschen Numm fir de Frigo benotzt. OchÄisschaf aKillschaf sinn nach gebräichlech; dës Begrëffer ginn op déi Zäit zeréck, wéi e Block Äis an e Schaf geluecht gouf, fir do fir kal Temperaturen ze suergen.
De Frigo gëtt haaptsächlech an derKichen an amLaboratoire benotzt. Säin Haaptzweck ass et,Liewensmëttel,Medikamenter aChemikalien ze lageren, kal ze halen a se sou ze konservéieren. Duerch déi niddreg Temperature lafe cheemesch Reaktiounen a biologesch Prozesser, déi Liewensmëttel verdierwe loossen a Medikamenter onbrauchbar maachen, méi lues of.