D'Free Software Foundation (FSF), déi1985 vumRichard Stallman gegrënnt gouf, ass eng Organisatioun déi sech fir d'Fërderung a Produktioun vufräier Software asetzt, a versicht, Kapital fir deGNU-Projet zesummenzedroen.
Den10. Mäerz2001 gouf d'Free Software Foundation Europe gegrënnt, déi sech ëm d'europäesch Besoinen am Beräich fräi Software këmmert. Als offiziell Duechterorganisatioun vun deramerikanescher Free Software Foundation, konzentréiert si hir Aktivitéite ronderëm de GNU-Projet, mä net exklusiv.
Eng vun den Haaptaufgabe vun der FSF Europe ass d'Initiative vu fräier Software ze koordinéieren, e Kompetenzzentrum fir Politiker, Journalisten an Affekoten op d'Been ze stellen an déi néideg Infrastruktur fir fräi Software a speziell de GNU-Projet ze schafen. MatGNU Savannah gouf zum Beispill soueng Entwécklerplattform fir fräi Software geschaf.
AmFebruar2003 huet d'FSF Europe d'Fiduciary Licence Agreement virgestallt, dat europäesche Softwareentwéckleren d'Iwwerdroe vun zäitlech onbegrenzten exlusiven Notzungsrechter a juristesche Vertriedungsrechter un d'FSF erméiglecht.