Am Ganzen huet dat „franséischt Mammeland” an Europa eng Fläch vu 543.965 km². Am franséische Landschaftsbild fënnt ee virun allem flaach Géigenden a kleng Hiwwelen am Norden a Westen. De Rescht ass matBierger bedeckt, Haaptbierger sinn d'Pyrenäen am Südwesten, deMassif central an d'Alpen am Südosten. Den héchste Bierg vu Frankräich - an och héchste Bierg vun denAlpen - ass deMont Blanc (4.808 Meter). Wéinst senger Form gëtt Frankräich ochl'Hexagone (Sechseck) genannt.
Déi mat Ofstand wichtegst a gréisst Stad a Frankräich ass d'HaaptstadParäis mat ronn 12 Milliounen Awunner an derAgglomeratioun (RegiounÎle-de-France). D'Groussraim ëmMarseille,Lille aLyon hunn och méi wéi eng Millioun Awunner.
D'aktuellt Frankräich besteet gréisstendeels aus dem antickeGallien. Den Numm kënnt allerdéngs vun engem germanesche Vollek, deFranken, déi sech op de Lännereie vumRéimesche Räich néiergelooss hunn.
Eng éischt richteg Dynastie, déi eng Partie Territoire ënner demRegnum Francorum vereenegt huet, waren d'Merowenger mam KinnekClovis am Joer486. Ënner sengen Ierwe gouf d'Frankeräich awer nach dacks opgedeelt, duerch d'merowengesch Ierfschaftspolitik no där d'Kinnekräich nom Doud vum Kinnek ënnerall de Jongen opgedeelt gëtt.
Eng zweet Dynastie, d'Karolenger, konnte sech am8. Joerhonnert behaapten, an ënner demKarel dem Groussen koum et zu engem grousse Keeserräich. No sengem Doud gouf d'Räich alt erëm opgedeelt, an aus derFrancia occidentalis gouf dat spéidert Frankräich (d'Francia orientalis gëtt zum haitegenDäitschland).
Frankräich ass engzentralistesch organiséiertDemokratie mat engemsemi-presidentielle Regierungssystem. An derConstitutioun vun derV. Republik huet de Staatspresident, dee vum Vollek gewielt gëtt, eng staark Positioun. Hien ernennt de Premierminister an (op Rot vum Premierminister) déi aner Ministeren, huet vis-à-vis vu Gesetzesvirschléi vum Parlament eVeto-Recht, a kann d'Nationalversammlung opléisen. D'Parlament besteet aus zwou Kummeren, derNationalversammlung (Assemblée nationale) mat 577 Deputéiert, déi vum Vollek gewielt ginn, an dem indirekt gewielteSenat mat 331 (no der Senatsreform 2010: 346) Memberen.
Frankräich war1949 Grënnungsmember vumNordatlantiktraité a krut militäresche Schutz vun denUSA. Wéi1958 dende Gaulle un d'Muecht komm ass, hu sech d'Bezéiungen zu den USA, an zu derNATO, déi vun den USA dominéiert gouf, verännert. Ënner der Leedung vum de Gaulle huet sech Frankräich1960 zu engerAtommuecht entwéckelt, an hat zanter1965 mat derForce de Frappe och engAtomsträitkraaft, déi 50 Fligere matAtombommen an den Déngscht opgeholl huet.1968 hat Frankräich schonn 18 Ofschossrampe firMëttelstreckerakéiten opgestallt, déi1970 an71 Atomsprengkäpp kruten. An de70er Joren huet Frankräich seng Atommuecht och op d'Mier ausgebreet. VéierAtom-U-Booter hu jeeweils 16 atomar Mëttelstreckerakéiten.
An der aktueller Baussepolitik beméit sech Frankräich ëm gutt Relatioune mat sengem NoperDäitschland ("Käreuropa") a steet zesumme mat den Däitschen der Virmuechtstellung vun den USA skeptesch géintiwwer. Duerch dës Skepsis ass Frankräich1966 bisMäerz2009 aus der militärescher Organisatioun vun derNATO ausgetrueden, mä ass awer am politeschen Deel weiderhin integréiert bliwwen.
Dobäi kënnt och en Engagement nom Enn vun derKolonialherrschaft anAfrika, wou Frankräich bis haut a ville Länner d'Uerdnungsmuecht bliwwen ass. Frankräich ass ausserdeem Member amUNO-Sécherheetsrot matVetorecht.
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Territorial Administratioun vu Frankräich.
Frankräich ass a 26Regiounen opgedeelt, déi hirersäits nees an 100Departementer opgespléckt sinn. 22 vun deene Regioune sinn um europäesche Kärland(France métropolitaine), dorënner och d'MëttelmierinselKorsika, déi allerdéngs alsCollectivité territoriale e Sonnerstatus huet. Déi aner véier Regioune bestinn aus jeeweils nëmmen engem Departement a ginn dohierDépartements et régions d'outre-mer (D.R.O.M.) genannt (bis zu der Ännerung vun der Constitutioun am Joer 2003Départements d'outre-mer, Ofk. D.O.M.). Am Eenzelen handelt et sech heibäi ëmGuadeloupe (971),Martinique (972),Guyane (973),La Réunion (974) aMayotte (976)
D'D.R.O.M. si wéi dat franséischt Kärland Member vun derEU, fir d'T.O.M. gëllt dat net. Gesetzer aus Frankräich gëllen an den T.O.M. nëmme wann dat ausdrécklech ernimmt gëtt.
Traditionell ass a Frankräich d'Wirtschaftspolitik vu staarke staatlechen Agrëffer beaflosst. Dobäi spillt virun allem den historescheMerkantilismus - besonnesch deColbertismus - eng wichteg Roll.
Frankräich ass eng sougenannt "Gemëscht Ekonomie", déi an de leschte Joren ëmmer méidereguléiert aprivatiséiert ginn ass. E staatlecheMindestloun, deSMIC, séchert den Ugestallten e Stonneloun vun 8,03 Euro. Schlësselindustrien, besonnesch d'Energiewirtschaft, sinn ënner staatlecher Kontroll. Frankräich ass e wichtege Produzent vunAtomstroum, Däitschland zielt zu de gréisste Clienten. A Frankräich ginn ongeféier 80 Prozent vum Elektresch mat Atomkraaftwierker produzéiert. Domat huet Frankräich nieftLitauen momentan(Ufank 2005) den héchste Prozentsaz un Atomstroumproduktioun op der Welt.
Wäin steet opgrond vun de villeWäibaugebidder op fënnefter Plaz vun de franséischen Exporter: no Autoen, Fligeren, pharmazeutesche Produiten an Elektronik. Och denTourismus spillt eng grouss Roll.
D'Bruttoinlandsprodukt (BIP) ass an der Moyenne vun 1995 bis 2005 ëm 2,1 % pro Joer an d'Luucht gaangen, an huet 2005 de Wäert vun 1.689,4 Milliarden Euro erreecht. Am Verglach mat demBIP vun derEU kënnt Frankräich op en Index vun 111.4 (EU-25:100) (2003).1
2003 hu 4 % an der Land- a Forstwirtschaft souwéi der Fëscherei geschafft, an der Industrie ware 24 % beschäftegt, 72 % vun de Fransousen hunn am Déngschtleeschtungsberäich geschafft.2004 louch d'Inflatioun bei 2,1 % an am Januar 2005 hat Frankräich 2.716.000 Aarbechtsloser (10 %).
Zum1. Januar2004 gouf d'Bevëlkerung, inkl. den Iwwerséigebidder, op 61,9 Millioune geschat. NoDäitschland steet Frankräich an derEU domat op der zweeter Plaz, wat d'Bevëlkerungszuel ugeet. An der EU huet Frankräich e Bevëlkerungsundeel vun 13 %.
Am Joer2003 koumen op 792.600Gebuerten 560.300Stierffäll, dat entsprécht engem Iwwerschoss vun 232.300 Persounen. 2004 louch de Gebuertentaux bei 1,9.Den 1. Januar 2004 ware 16,2 % vun der Bevëlkerung méi al wéi 65 Joer, géintiwwer 14,6 % am Joer1994. Am selwechten Zäitraum ass den Undeel vun de Leit ënner 20 vu 26,7 % op 25,3 % gefall.
2003 hu sech 280.300 Leitbestuet, dat sinn der 6.000 (-2,1 %) manner wéi 2002. Den Duerchschnëttsalter louch bei de Männer bei 30,4 a bei de Frae bei 28,3 Joer.
D'Kannerstierflechkeet läit bei 4,29 ‰.
Den duerchschnëttleche männleche franséische Staatsbierger huet engLiewenserwaardung vu 76,7 Joer, d'Frae kommen op 83,8 Joer.
Wéi a bal allen europäesche Staate gëtt et a Frankräich engBildungsflicht, déi am Géigesaz zu derSchoulflicht och duerch Hausunterrecht ofgeschloss ka ginn. A Frankräich gëtt et follgend Schoulformen:
Am Kader vun der europawäiter Harmoniséierung vun de Studien (Bologna-Prozess) gëtt och an de franséischen Héichschoulen den LMD-System agefouert. LMD bedeit, datt noenaner d'Licence respektivBachelor (no 3 Joer), deMaster (no 5 Joer) an en Doktorat (no 8 Joer) ofgeschloss kënne ginn. Déi national Diplomer falen domat ewech.
D'Awanderer vu verschiddenen Natiounen, virun allem ausPortugal,Osteuropa, demMaghreb an allgemeng ausAfrika hunn hir Sprooche matbruecht. D'Zuel vun den Awanderer ausarabesche Länner gëtt op 4,5 Millioune geschat. Am Ënnerscheed zu den traditionelle Sprooche konzentréiere sech déi Sproochgemeinschafte besonnesch an de grousse Stied, mä et kann ee se kengem geneeë geographesche Gebitt zouuerdnen.
Frankräich ass offiziell elaizistesche Staat, dat heescht, Staat a Reliounsgemeinschafte si komplett vunenaner getrennt. Well vu staatlecher Säit keng Daten iwwer d'Reliounszougehéieregkeet vun den Awunner erhuewe ginn, berouen all Informatiounen iwwer eng konfessionell Zesummesetzung vun der Bevëlkerung op Schätzungen oder Informatioune vun de Reliounsgemeinschafte selwer. Dofir si follgend Zuele mat der néideger Virsiicht ze genéissen.
Frankräich dréit den Éierentitel, déieelst Duechter vun der Kierch ze sinn.496 huet sech de KinnekClovis (Chlodwig I. > Ludwig/Louis)) no enger Victoire géint d'Alemannen an derSchluecht vun Tolbiac (Zülpich) zum éischte chrëschtlechen Herrscher vun Europa ernannt, a sech deefe gelooss.
83 % vun de Fransouse sikathoulesch (~ 51 Mio.) an 8 % siMoslemen (~ 4,8 Mio.). Dernieft gëtt etprotestantesch ajiddesch Minoritéiten, déi knapps 4 % ausmaachen. 5 % hu keng Relioun, d'Tendenz geet an d'Luucht.
↑1,01,1Fläch vun derFrance métropolitaine mat enger geschater Populatioun vun 65.834.836 (01/2023). Mat denDépartements d'outre-mer huet Frankräich 643 801 km² an 68 042 591 Awunner.