Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Frank Borman

Vu Wikipedia
Frank Borman
GebuertsnummFrank Frederick Borman II
Gebuer14. Mäerz1928
Gary
Gestuerwen7. November2023
Billings
DoudesursaachHiereschlag
NationalitéitUSA
EducatiounCalifornia Institute of Technology,
United States Military Academy,
Harvard Business School
AktivitéitTestpilot,Astronaut, Autobiograph, Pilot

DeFrank Frederick Borman, II, gebuer de14. Mäerz1928 zuGary,Indiana,USA a gestuerwen de7. November2023 zuBillings,Montana, USA, war en amerikaneschenAstronaut.

Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

Nodeem de Borman1950 op derMilitärakademie zuWest Point e Loftfaarttechnikstudium ofgeschloss hat, war hie bis1953 Kampfpilot vun der Loftwaff op dePhilippinnen. Duerno huet hie jonk Piloten anGeorgia an amArizona ausgebilt.1957 krut de Borman eMaster an der Loft- a Raumfaart. Duerno huet hie bis1960 als Assistentprofesser zu West PointThermodynamik aFluidmechanik geléiert. Du koum hien nees an de Cockpit zeréck op derEdwards Air Force Base aKalifornien: fir d'éischt an der Ausbildung zumTestpilot, duerno als Instrukter.

De17. September1962 gouf hie vun derNASA fir déi zweet Astronautegrupp erausgesicht. Als Spezialaufgab hat hien d'Rakéiten, déi d'Raumschëffer an d'Äerdëmlafbunn brénge sollten, iwwerholl.

Enn1963 war de Borman als Ersatzpilot fir den éischte Fluch vuGemini 3 virgesinn. Duerch d'Fluchonfäegkeet vum virgesinnene Gemini-3-KommantAlan Shepard an d'Verrécklung vun de Missiounsprofiler gouf de Borman dann awer Ersatz-Kommandant vuGemini 4, wat dem Publik de27. Juli1964 matgedeelt gouf.

Nom erfollegräiche Fluch am Juni1965, gouf de Borman zum Kommandant vuGemini 7 nominéiert. De Borman war domat nomJames McDivitt den zweeten NASA-Astronaut, deem scho beim éischte Fluch de Kommando iwwer e Méipersouneraumschëff iwwerdroe gouf. Zesumme mamJim Lovell hat hie vum 4. Dezember bis den18. Dezember1965 d'Äerd ëmkreest, e Laangzäitrekord, deen eréischt1970 gebrach gouf.

Den29. September1966 gouf hien als Ersatzkommandant fir den zweete bemannten Apollo-Fluch agedeelt, mä dëse Fluch gouf schonn e puer Woche spéider nees gestrach, well et en onnéidege gewiescht wier.

No der Katastroph vunApollo 1, bei deem dräi Astronauten ëm d'Liewe koumen, war de Frank Borman Member bei der Ënnersuchungskommissioun. Hie krut uschléissend d'Aufgab, d'Team fir den Ëmbau vun der Apollo-Kommandokapsel ze leeden.

Nodeem d'NASA d'Pläng fir bemannt Weltraumflich nees opgeholl hat, goufen den20. November1967 d'Andeelunge fir den zweeten an drëtten Apollofluch (Missiounen D an E) bekannt gemaach. De Borman war als Kommandant fir d'Missioun E virgesinn. Zesumme mat him goufen deMichael Collins an denWilliam Anders agedeelt. Dat sollt den éischte bemannte Fluch vun der neier RakéitSaturn V ginn a bis zu 11 Deeg daueren.

Am Summer1968 hat sech ofgezeechent, datt d'Moundlandefähr, déi am zweete bemannten Apollofluch (Missioun D) getest sollt ginn, net mat Zäiten asazbereet kéint sinn. Am August huet d'NASA entscheet, d'Missioun E virzezéien an den Team vum Borman alsMissioun C'de Mound ëmronden ze loossen. De Michael Collins, deen eng Operatioun viru sech hat gouf duerch denJim Lovell ersat.

Nodeem d'Missioun C (Apollo 7) erfollegräich verlaf war, huet d'NASA den 10. November entscheet, datt d'Crew vum Borman déi éischt sollt sinn, déi op de Mound flitt. Den historesche Fluch vunApollo 8 hat den21. Dezember1968 ugefaangen an hat siwen Deeg gedauert. Fir de Borman war dat den zweeten a leschte Raumfluch. Hie war ee vun de wéinegen Astronaute vum Gemini- an Apollo-Projet, déi selwer ni als Verbindungsspriecher (Capcom) geschafft haten.

Am Juli1969, kuerz virun der Moundlandung vunApollo 11 hat de Borman offiziell d'Sowjetunioun besicht. Hie gouf dobäi vu senger Fra a sengem zwéi Bouwe begleet. De Borman hat de Leeder vun der sowjetescher bemannter Raumfaart, denNikolai Kamanin getraff, an d'KosmonauteFeoktistow,Titow,Schatalow,Volynow,Beregowoi an d'Tereschkowa.

Den1. Juli1970 huet de Frank Borman der NASA Äddi gesot a goung bei d'amerikaneschFluchgesellschaftEastern Airlines, am Ufank alsVizepresident, a vun1976 als President.

1986 huet hie bei Eastern opgehalen. Hien huet sech dono mat der Restauréierung vuFligere beschäftegt.

Éierungen

[änneren |Quelltext änneren]

De Borman gouf als zweeten Astronaut mat derCongressional Space Medal of Honor dekoréiert.

Hien ass Member an derNational Aviation Hall of Fame, an där nëmme wéineg Astronaute Member sinn.

1968 war hie mat senge Komerode vunApollo 8Mann vum Joer vumTime Magazine.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Frank Borman – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Frank_Borman&oldid=2483555
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp