Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Francisco Franco

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n)Franco)
Dësen Artikel iwwer ePolitiker ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Francisco Franco
GebuertsnummFrancisco Paulino Hermenegildo Teódulo Franco Bahamonde
PseudonymJakim Boor, Jaime de Andrade
Gebuer4. Dezember1892
Gestuerwen20. November1975
DoudesursaachHäerzschwächt
NationalitéitSpuenien
AktivitéitOffizéier, Feldhär,Politiker,Gouverneur,Dréibuchauteur, Filmschauspiller
FonctiounChefkommandant

DeFrancisco Franco Bahamonde, gebuer de4. Dezember1892 zuFerrol aGalicien, a gestuerwen den20. November1975 zuMadrid, war espueneschenOffizéier aPolitiker.

Nom Militärputsch géint déizweet spuenesch Republik, war hie Staatschef vum Abrëll 1939 bis zu sengem Doud amNovember 1975.

Säi Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

De Franco ass 1892 ënner dem NummFrancisco Paulino Hermenegildo Teódulo Franco Bahamonde¨gebuer. Hie war de Jong vum Offizéier Nicolás Franco a senger Fra der María del Pilar.

1904 ass hie bei d'Marinn fir eng Ausbildung gaangen, gouf awer net op d'Akademie vun der Marinn zougelooss. Dofir ass hien an d'Akademie fir d'Infanterie opToledo gaangen.1910 hat hie säin Ofschloss vun der Militärausbildung a gouf zumËnnerleitnant vun der Arméi ernannt an zu Ferrol stationéiert.

1912 gouf hien aMarokko versat an huet do am Kolonialkrich gekämpft. E Joer duerno gouf hien zum Läitnant ernannt, woumat seng Militärcarrière ugefaangen huet.

1922 gouf de Franco Kommandant vun der spuenescher Friemelegioun. Ee Joer méi spéit gouf hie mat der Carmen Polo bestuet.

Den3. Februar1926 gouf e mat knapps 33 Joer zumGenerol ernannt a war deemools de jéngste Generol an der moderner Geschicht vun Europa.1928 gouf hie Chef vun der Militärakademie zuZaragoza.

1935 gouf hien ieweschte Kommandant vun der Arméi.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]
  • Michel del Castillo,Le temps de Franco (récit); Paräis (Fayard), 2008; 395 S.;ISBN 978-2-213-63718-1
  • Bartolomé Bennassar,Franco; Paräis (Perrin), 1995. - 2002 am Täscheformat an der Collectioun 'Tempus' nei opgeluecht.
  • Édouard de Blaye,Franco ou la monarchie sans roi; Paräis (Stock), 1974.
  • Angelo Hüsler,Du franquisme à la démocratie. Effondrement ou évolution d'un régime?; Lausanne (L'Âge d'homme), 2003.
  • Jacques Georgel,Le franquisme. Histoire et bilan; Paräis (Seuil), 1970.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Francisco Franco – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Francisco_Franco&oldid=2581670
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp