Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Francis Bacon

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Philosoph Francis Bacon. Fir de Moler, kuckt wgl.Francis Bacon (Moler).
Francis Bacon
De Francis Bacon, gemoolt vum Frans Pourbus (1617).
Gebuer22. Januar1561jul.
London
Gestuerwen9. Abrëll1626jul.
London
DoudesursaachLongenentzündung
NationalitéitKinnekräich England
EducatiounTrinity College,
Universitéit vu Poitiers
AktivitéitPhilosoph,Schrëftsteller, Riichter,Politiker,Affekot, Astrolog,Wëssenschaftler,Historiker, Jurist
AuteursrechterAuteursrechter sinn ofgelaf
GielercherKnight Bachelor
Bestuet matAlice Barnham (10.5.1606–1625)
Bacon,Sylva sylvarum

DeFrancis Bacon, 1st Viscount St. Alban(s),KC gebuer den22. Januar1561, a gestuerwen den9. Abrëll1626, war enenglesche Philosoph, Staatsmann, Wëssenschaftler, Jurist an Auteur.

Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

De Francis Bacon waraussergewéinleche Beroder bei der KinniginElisabeth I. Hie gouf zweemol wéinst Scholde festgeholl, bis seng finanziell Situatioun sech ënner demJames I. gebessert hat. 1619 gouf hie Lord Grousskanzler a krut den Titel Baron Verulam. Dëse leschten Titel huet hie 1620 opginn zou Gonschte vum Titel vu "Vizegrof" (fr: Vicomte, eng Viscount) vuSaint-Alban.

De Bacon gëtt zu de gréissten englesche Philosophe gezielt. Hie selwer huet sech awer net ëmmer als Gentleman beholl. Sou zum Beispill an der Affär rondrëm de Grof vun Essex deen dem Verrot beschëllegt gouf. Hie gouf och selwer a Korruptiounsskandaler verwéckelt. Seng Handlunge waren dee Moment net op Aarmut zeréckzeféieren, mä éischter op Charakterschwächt. Wéinst deene Skandaler krut hie seng Ämter an Titelen oferkannt.

Wëssenschaftlech Aarbecht

[änneren |Quelltext änneren]

A sengem WierkNovum Organum beschreift de Bacon experimentell Methoden, vun deenen hie seet datt Naturphenomeener sech mat Observatioun an Experimenter erkläre loossen. De Bacon huet duerno d'Deelchentheorie ausgeschafft déi nach haut benotzt gëtt fir verschidde Phenomeener einfach z'erklären.

Wierker

[änneren |Quelltext änneren]
  • Novum Organum (1620)

Éierungen

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Francis Bacon – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Francis_Bacon&oldid=2552407
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp