D'Ammonitte sinn déi bekanntst FossilienFossil vun engem Schmelzschuppefësch
Fossilie sinn Iwwerreschter oder Spuere vuLiewewiesen, déi méi wéi 10.000 Joer al sinn.[1] D'Fossilie gi virum allem vuPaleontologen erfuerscht.
Fir datt e Liewewiesen als Fossil kann erhale bleiwen, muss et no sengem Doud séier zougedeckt ginn. Déi allermeescht doudegDéieren aPlanzen gi gefriess, an all d'Reschter ginn normalerweis zerstéiert. Souguer haartMuschelschuele gi vun de Waasserwelle widderenee gestouss, gebrach a mat der Zäit zuSand zerriwwen.
Zënter op d'mannst 3,5 Milliarde Joer gëtt et Liewen op derÄerd. Et fënnt een aus där Zäit nëmme mikroskopesch kleng Fossilie vunEenzeller (Bakteerien). Réischt 3 Milliarde Joer méi spéit, viru 540 Millioune Joer, hu sech am Mier vill verschiddeVillzeller entwéckelt, déi schonn e puer Zentimeter grouss goufen. AmNaturmusée sinn eng Rei Fossilien aus demkanadescheBurgess-Schifer ausgestallt, déi viru 505 Millioune Joer gelieft hunn.
Déi eelst Steng vuLëtzebuerg si viru ronn 400 Millioune Joer amDevon-Mier entstanen. AmÉislek kann een typesch Fossilien aus där Zäit fannen, d'Trilobiten, eng Klass vuGlidderféisser, déi virun 250 Millioune Joer ausgestuerwe sinn. Dofir fënnt een där keng amGuttland, wou d'Gestengs méi jonk sinn.
Déi bescht erhale Fossilie fënnt een am Guttland, besonnesch an de Schichten aus derJurazäit. Aus demLëtzebuerger Sandsteen, dee ronn 200 Millioune Joer al ass, kenne mer vill Zorte vu Muschelen,Schleeken,Ammoniten aKorallen. AmUelegschifer am Süde vun eisem Land fënnt een ochFësch a spektakulärMiersaurier, déi viru ronn 180 Millioune Joer gelieft hunn. Iwwerreschter vu richtegenDinosaurier sinn zu Lëtzebuerg immens rar, well Dinosaurier um Land liewen a Lëtzebuerg deemools gréisstendeels vum Mier bedeckt war.
Beispiller vu Fossilien, déi zu Lëtzebuerg fonnt goufen