Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Ford T

Vu Wikipedia

DeFord T war en Autosmodell, dee vun 1908 bis 1927 vun derFord Motor Company gebaut gouf.

Nodeem denHenry Ford1903 d'Ford Motor Company gegrënnt hat, huet seng Firma probéiert, en Auto ze produzéieren, dee sech sou vill Leit wéi méiglech kafe kéinten. Ee Joer drop gouf um Eck vun der Piquette an der Beaubien Strooss zuDetroit e Gebai opgeriicht fir un deem Projet ze schaffen. Se hu mamFord A ugefaangen, awer déi meescht warePrototyppen. De Virleefer vum Modell T war deModell S, dee virumT der Firma hire meeschtverkaaften Auto war.

  • Ford Modell T - 1914
    Ford Modell T - 1914

Um Fléissband

[änneren |Quelltext änneren]

Ee vum Ford senge Leit, deWilliam C. Klann huet sech bei engem Besuch an engemSchluechthaus zuChicago op d'Iddi vum engerFléissbandproduktioun brénge geloss, fir op déi Manéier Autoe bauen ze loossen. Am Schluechthaus hat e gesinn, datt d'Béischten uKreep houngen, an domat vun engem Aarbechter bei deen aneren transportéiert goufen. Sou huet jiddwer Eenzelen nëmmen een Handgrëff gemaach, an d'Aarbecht ass méi séier vun Hand gaangen.
Den12. August1908 ass deen éischten Auto op der Welt, deen op déi Manéier produzéiert gouf, de Ford T, vumFléissband gerullt. Et koumen der 15 Milliounen no.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Ford Model T – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Ford_T&oldid=2427954
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp