Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Fleeschfrësser

Vu Wikipedia
ELéiw am Gaang, e Gnu-Kallef ze friessen.
Sarracenia rubra, eng Planz déi Fleesch frësst.

Fleeschfrësser (ochKarnivoren; vumlat.carnis ‚Fleesch‘ avorare ‚friessen‘, oderZoophagen, vumgr. ζῷονzoon „Liewewiesen“ a φαγεῖνphagein „friessen“) ginn Déieren, bestëmmtPlanzen aPilze genannt, déi sech haaptsächlech oder vu soss näischt wéi Tissuë vunDéierenernieren.

Domat ënnerscheede se sech vun dePlanzenfrësser (Herbivoren), déi bal nëmmen oder nëmme planzleche Kascht friessen, a vun denAllesfrësser (Omnivoren), wéi deMënschen, deenen hire Regime souwuel op planzlecher wéi déierescher Basis ass. AlsLouderfrësser ginn do dergéint Organismen bezeechent, déi sech vuLouder ernieren, d. h. Déiern, déi schonn dout waren, ier se se fonnt hunn.

Zu de Fleeschfrësser gehéieren Déierenaarte vu bal all Déierestamm. Bei deMamendéieren zielen dozou z. B. Aarte vun denUerdnungeRaubdéieren (Carnivora) aZantwalen, ausserdem där aus der UerdnungDasyuromorphia, eenzelene Vullenaarten wéiGräifvigel oder Fëschaarten wéi villHaien. Ënner deGlidderféisser ass Karnivorie ganz verbreet. Déi meeschtSpannendéieren (Arachnida), virun allemWiefspannen (Araneae) aSkorpiounen (Scorpiones) erniere sech bal nëmme vun aneren Arthropoden.Milben (Acari) aWiewerkniechten (Opiliones) sinn do dergéint nëmmen deelweis karnivor. Och ënner denInsekten gëtt et eng jett karnivor Gruppe, z. B.Raubwanzen (Reduviidae), d'Majoritéit vun deLafkiewerlekaarten (Carabidae), an d'Hautflügler (Hymenoptera). Ënner deene leschtgenannte si villParasitoiden ze fannen.

Fleeschfrësser (Carnivore) sollten net mat derUerdnungRaubdéieren (Carnivora) verwiesselt ginn. Carnivora sinn net onbedént all Karnivoren an d'Karnivoren net zwangsleefeg Carnivora, well et och Fleeschfrësser gëtt, déi net zu der Uerdnung vun de Raubdéiere gezielt ginn, wéi och Raubdéieren, wéi villBieren, déi méi Planzen- wéi Déierekascht friessen, an dofir Omnivore sinn.

Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Fleeschfrësser&oldid=2291430
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp