Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Fixstär

Vu Wikipedia

EFixstär (vum laténgeschenstellae fixae = »Stär dee feststeet«) ass eng Bezeechnung fir déi visuell onverréckelbar Stären umNuetshimmel, déi aus derAntiquitéit staamt. Doduerch datt si sech net verréckelen, forméiere si déi bekanntStärebiller aKonstellatiounen. Den Ënnerscheed zu de Fixstäre maache „Wandelstären“, dat heescht d'Planéiten, déi stänneg hir Positioune veränneren.

Tatsächlech awer hunn d'Fixstären och engEegebeweegung, wéi denJames Bradley1728 erkannt huet. D'BezeechnungFixstären ass dowéinst onprezis, an haut kaum nach gebräichlech, a gouf duerchStären ersat.

Bei de meeschte Stäre féiert hir tatsächlech Beweegung am Raum wéinst de groussen Distanzen zu derÄerd nëmmen zu enger ganz klenger Eegebeweegung an der geduechterHimmelskugel. Et gëtt awer wéi iwwerall och Ausnamen. De Stär mat der bis elo gréisster bekannten Eegebeweegung ass deFeilstär vum Barnard.

E weideren Effekt, dee fir eng visuell Beweegung vu Stären um Himmel verantwortlech ass, ass déi joreszäitlech Beweegung vun der Äerd ëm d'Sonn, bei där sech d'Positioun vun der Äerd verréckelt, d'Prezessioun.

Mat bloussem A kënnen um ganzen Himmel ronn 6000 Fixstäre gesi ginn, dovun ongeféier d'Hallschent gläichzäiteg vun enger Plaz vun der Äerd aus. Si sinn alleguer Stären an derMëllechstrooss a stinn op verschiddenen Distanze vun eis. Déi meescht vun haut geschaten 100 Milliarde Stäre vun der Mëllechstrooss sinn awer, well se ze liichtschwaach sinn, mat bloussem A net ze gesinn.

Dat Stäresystem, dat am nooste beimSonnesystem ass, ass d'Alpha Centauri-System, dat aus dräi (Fix-) Stäre besteet, vun deem deProxima Centauri am noosten ass.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Fixstär&oldid=2420971
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp