Ferrantia
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
Ferrantia ass den Numm vun enger wëssenschaftlecher Publikatiounsserie déi denNaturmusée erausgëtt. D'Serie ass nomVictor Ferrant (1856-1942), dem lëtzebuergeschenZoolog a fréiereConservateur am Naturmusée benannt.
D'Ferrantia verëffentlecht d'Resultater vu Fuerschungsaarbechten am Beräich vun den Naturwëssenschaften, haaptsächlech vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun. Déi meescht Bänn enthalen eng Aarbecht, eng Rei anerer e puer Aarbechten zu engem bestëmmte Sujet. D'Texter sinn op Däitsch, Franséisch oder Englesch geschriwwen.
D'Bänn vun der Serie kommen onreegelméisseg eraus, jee no Bedarf.
Bis 2012 sinn am Ganzen 68 Bänn erauskomm.
D'Serie huet d'ISSN-Nummer: 1682-5519.