Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Feldmouk

Vu Wikipedia
Mouk
E Weibchen

E Weibchen
E Weibchen
Systematik
Räich:Déiereräich
Stamm:Chordata
Klass:Amphibien
Uerdnung:Fräschelurchen (Anura)
Ënneruerdnung:Neobatrachia
Famill:Mouken (Bufonidae)
Gattung:Echt Mouken (Bufo)
Aart:Feld- oder Gaardemouk
Wëssenschaftlechen Numm
Bufo bufo
Linnaeus 1758


D'Feldmouk oderGaardemouk (Bufo bufo), dacks einfachMouk, ass eFräschelurch aus der Gattung vun denEchte Mouken bannent der Famill vun deMouken (Bufonidae).

Ausgesinn

[änneren |Quelltext änneren]

Bei de Feldmouken a Mëtteleuropa gëtt de Männche bis zu néng Zentimeter laang, d'Weibche bis zu zwielef. Si weien tëscht 30 a 50 Gramm (Männchen) resp. tëscht 50 und 100 Gramm (Weibchen), och alt bis zu 150 Gramm, wa se voll Eeër sinn.

Hire Kierper huet uewendrop warzeg Hautdrüsen an e breede ronne Kapp, op deem sengem hënneschten Deel op den zwou Säite bounefërmeg Drüsen (Parotiden) sinn, an deenen e Gëft ass, dat Friessfeinden ofwiere soll. Uewendrop si se meeschtens gro- bis routbrong; d'Männercher sinn heiqnsdo schwaarzbrong oder och alt hell-leemfaarweg, iwwerdeems d'Weibercher éischter réitlech Téin hunn. Männchercher kënnen och donkel Flecken hunn. Ënner dem Bauch sinn d'Mouke knaschteg-wäiss, mat gro-schwaarze Flecken. D'Pupille sinn horizontal elliptesch geformt, d'Iris huet eng koffer- bis goldrout Faarf.

Mouken hu relativ kuerz hënnescht Been a beweege sech op véier Patte virun, wann et méi séier muss goen, maache se kleng Spréng. D'Männercher hunn eppes méi kräfteg viischt Been, an e méi flaache Kapp wéi d'Weibercehr a bleiwen, wéi gesot, méi kleng wéi déi.

Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Feldmouk&oldid=2552670
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp