Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Falcon 9

Vu Wikipedia
Eng Falcon 9 mat Dragon-Raumkapsel fir en Test op der Startplaz
Falcon 9 (lénks) aFalcon Heavy (riets)

D'Falcon 9 ass eng US-amerikaneschDrorakéit, déi vun der FirmaSpaceX entwéckelt gouf. Si baséiert technesch op der klengerFalcon 1, awer amplaz vun engem eenzelen Dreifwierk an der éischter Stuf, ginn néng Stéck gebraucht. Am Kader vumCOTS-Programm soll d'Rakéit d'Dragon-Raumschëff an den Äerdorbit bréngen. Donieft gëtt si och fir kommerziell Starter ugebueden. Den éischten erfollegräiche Fluch war am Juni2010.

Duerch Montage vun zwou weideren Éischtstufen als Booster un déi éischt Stuf vun der Falcon 9 entsteet d'Falcon Heavy. Bei där besteet d'Méiglechkeet datt den Dreifstoff vun de Boosteren och déi éischt Stuf alimentéiert, soudatt déi éischt Stuf eréischt kuerz virum Oftrenne vun de Boosteren op déi eegen Tanken ëmschalte muss. Den éischte Start vun enger Falcon Heavy war fir den Oktober 2016 virgesinn, gouf awer dunn op den November 2017 zeréckgesat[1].

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]
V. l. n. r.:Falcon 1, Falcon 9 v1.0, dräi Versioune vun der Falcon 9 v1.1, dräi Versioune vun der Falcon 9 v1.2, zwou Versioune vun der Falcon 9 Block 5 an d'Falcon Heavy

Am September2005 hat SpaceX bekannt ginn, datt si eng nach méi staark Drorakéit déi méi dacks kéint gebraucht ginn, ënner der Bezeechnung Falcon 9 entwéckele wëll. Déi éischt Stuf vun der Falcon 9 v1.0 benotzt néng Merlin-1C-Dreifwierker a quadratescher Andeelung, déi zweet Stuf en eenzelt Merlin-1C-Dreifwierk mat enger vergréisserter Ausstréimungsdüs. Ufanks war mat der Falcon 5 e weidere Modell geplangt, mat deem senger Entwécklung awer an der Tëschenzäit zu Gonschte vun der méi grousser Falcon 9 opgehale gouf. D'Rakéit mat hiren néng Dreifwierker ass och bei Ausfall vun engem Dreifwierk a jiddwer Fluchphas vun der ënneschter Stuf ze manövréieren. De4. Juni2010 war no ville Verréckelungen de Start vun der Falcon 9 umCape Canaveral AFS Launch Complex 40. Si hat den Äerdorbit erreecht an hat déi éischt Stuf ogetrennt. D'Notzlaaschtkapazitéit vun der éischter Falcon 9 v1.0-Versioun louch bei ongeféier 10.000 kg fir en niddregen Orbit (LEO). Dës Versioun gouf schonn no fënnef Starte mat der méi leeschtungsstaarker Versiounv1.1 ersat. Bei där Ausbaustuf ginn déi méi staark Merlin-1D-Dreifwierker benotzt. De méi héije Schub erlaabt et elo och méi Dreifstoff matzehuelen. Dofir goufen d'Tanke vun der éischter an zweeter Stuf verlängert. D'Dréifwierker vun der éischter Stuf sinn elo an engem Rank vun aacht Dreifwierker ëm en zentraalt Dreifwierk gruppéiert. Vu SpaceX gëtt dës Opstellung alsOctaweb bezeechent. Mat dëser Versioun goufen éischt Versich gemaach, fir déi éischt Stuf no hirer Trennung vun der Uewerstuf kontrolléiert ze landen, wat awer net gelonge war.

Am Laf vum Joer2015 goufe weider Verbesserunge vun der Falcon 9 ugekënnegt. D'Merlin-1D-Dreifwierker krute méi Schub, wat nees méi eng héich Dreifstoffkapazitéit verlaangt. Dëst gëtt engersäits duerch Ënnerkillung a sou héijer Dicht vum Kerosin a flëssegem Sauerstoff fir béid Stufe an anerersäits duerch vergréissert Tanken an der Uewerstuf erreecht. Dës Versioun gëtt inoffiziell alsv1.2 oderv1.1 Full Thrust bezeechent, en offiziellen Numm ass net bekannt. Och ënnerscheede sech d'Notzlaaschtdonnéeën net vun derv1.1. Den éischte Start war den21. Dezember2015 nom Feelstart am Juni2015. Fir d'éischt ass et gelongen, de Réckfluch vun der éischter Stuf erfollegräich ze landen.

Et ass eng nach méi staark Versioun vun der Falcon 9 geplangt, déi zwou weider Falcon-9-Éischtstufen änlech derDelta IV Heavy als Booster benotze soll. Dës Variant (Falcon Heavy) soll 53.000 kg an e niddregen Orbit transportéiere kënnen an tëscht 77 Millioune an 135 Milliounen US-Dollar pro Missioun kaschten. Duerch déi stänneg Weiderentwécklung vun der normaler Falcon 9 verspéit sech d'Entwécklung vun dëser Heavy-Versioun, en éischte Start ass2016 méiglech.

Tëschefäll

[änneren |Quelltext änneren]
  • Beim véierte Start den8. Oktober2012 war bei der Falcon 9 no 1 Minutt an 19 Sekonne en Dreifwierk an der éischter Stuf ausgefall. Déi eenzel Dreifwierker am Cluster vun der éischter Stuf sinn duerchKevlarëmmantelunge geschützt, soudatt déi aner Dreifwierker duerch d'Explosioun vun deem Dreifwierk net beschiedegt goufen. Fir e symmetresche Schub ze kréien, gouf d'Dreifwierk dat vis-à-vis läit automatesch ofgeschalt. Wéinst enger verlängerter Brenndauer vun deenen aneren Dreifwierker an der zweeter Stuf konnt trotzdeem de geplangten Orbit fir d'Haaptnotzlaascht Dragon erreecht ginn. Duerch d'Sécherheetsreegele fir d'ISS konnt awer d'Sekundärnotzlaascht, de Satellit „Orbcomm FM44“, net méi op deem seng, méi héich Ëmlafbunn bruecht ginn. Sou gouf de Satellit op enger méi niddreger Bunn, wéi virgesinn, ausgesat a war dräi Deeg méi spéit vergloust. Doduerch war dëse Start vun der Falcon 9 nëmmen en Deelerfolleg.
  • Beim sechste Start vun der Falcon 9 an zugläich éischte Start vun der verbesserter Versioun v1.1 konnten den29. September2013 d'PrimärnotzlaaschtCASSIOPE an en ettlech kleng Sekundärnotzlaaschten erfollegräich op hir geplangt Bunnen ausgesat ginn. Nom Aussetze vun de Notzlaaschte war geplangt, déi zweet Stuf nach eng Kéier ze zünden, fir d'Neeszündfäegkeet am Orbit ze demonstréieren, déi fir Starten an enggeostationär Transferbunn noutwendeg ass. Bei der neier Zündung gouf et awer eng Explosioun am Dreifwierk, an d'Stuf gouf zerstéiert.
  • De schwéiersten Tëschefall an éischten Totalverloscht war den28. Juni2015 beim 19. Start vun enger Falcon 9. 2 Minutten an 19 Sekonne nom Start – kuerz virun der geplangter Ofkopplung vun der éischter Stuf an Zündung vun der zweeter Stuf – war de Sauerstofftank vun der zweeter Stuf explodéiert an hat dobäi déi Stuf demoléiert. D'Notzlaascht an d'Dragonkapsel sinn ewechgebrach. Den Trunk (drocklose Frachtdeel vum Dragon) an de Kopplungsadapter IDA fir d'ISS, dee fir d'Kopplung vun den neie bemanntenCCDev-Raumschëffer mat der ISS dénge sollt, goufen zerstéiert. D'Dragonkapsel hat ufanks den Onfall iwwerstanen an nach weider Telemetriedate gesent, gouf awer méiglecherweis beim Opschlag um Ozean zerstéiert.

Den20. Juli2015 huet denElon Musk bekannt ginn, datt warscheinlech en Hollem gerass war, mat deem den Heliumtank um Sauerstofftank festgemaach war. Den Heliumtank ass dunn an d'Luucht geschoss, wat zu engem Verloscht vun der struktureller Integritéit gefouert huet. Den Hollem soll bei 20 % vun der zertifizéierter Laascht gerass sinn. SpaceX konnt de Virgank bei enger Testrei novollzéien.

Technesch Donnéeën

[änneren |Quelltext änneren]
VersiounFalcon 9 v1.0Falcon 9 v1.1Falcon Heavy
Éischt Stuf9 ×Merlin-1C9 ×Merlin-1Déischt Standard-Stuf mat 9 × Merlin-1D
plus 2 Booster mat jee 9 × Merlin-1D
domat am Ganze 27 Merlin- Dreifwierker
fir déi éischt Stuf
Zweet Stuf1 ×Merlin-1C-Vac1 × Merlin-1D-Vac1 × Merlin-1D-Vac
Héicht (maximal) (m)54,969,2
Duerchmiesser (m)3,63,63,6 × 11,6
Schub (um Buedem) (kN)4.94017.000
Startmass (t)3331.400
Notzlaaschtverkleedung
Duerchmiesser (m)
5,25,25,2
Notzlaascht (LEO) (kg)10.45053.000
Notzlaascht (GTO) (kg)4.540~4.800iwwer 12.000
Präis (Mio. US-Dollar)3580–125

Startlëscht

[änneren |Quelltext änneren]

Dëst ass eng komplett Startlëscht vu Falcon-9-Rakéiten. Stand vun der Lëscht:1. Januar2016.

Laf. Nr.Datum
(UTC)
TypStartplazNotzlaaschtAart vun
Notzlaascht
Notzlaascht
a kg (brutto)
OrbitBemierkungen
104.06.2010Falcon 9 v1.0CC SLC-40
Dragon-Qualifikatiounseenheet
Modell vun der Dragon-Kapselk. A.LEOErfolleg
Éischte Fluch vun der Falcon 9
208.12.2010Falcon 9 v1.0CC SLC-40Dragon C1Dragon-Kapsel5200 kgLEOErfolleg
NASA COTS – Demo 1 (5-h-Fluch)
322.05.2012
7:44:38
Falcon 9 v1.0CC SLC-40
Dragon C2+,
Celestis 11
Dragon-Kapsel fir d'Undocken un d'ISS anWeltraumbegriefnesLEOErfolleg
NASA COTS – Demo 2
408.10.2012
00:35
Falcon 9 v1.0CC SLC-40
Dragon CRS-1
Dragon-Kapsel, Orbcomm FM44LEODeelerfolleg
Ravitaillementsfluch CRS-1 op d'ISS mat der Dragon-Kapsel.
No 1 Min. 19 sek. Ausfall vum Dreifwierk 1 vun der éischter Stuf. Mat verlängerte Brennzäite vun der éischter an zweeter Stuf konnt den Dragon CRS-1 op der geplangter Bunn ausgesat ginn. Fir de Weiderfluch an déi geplangt Ëmlafbunn vun Orbcomm FM44 wiere Sécherheetsreegele fir d'ISS verletzt ginn. Sou gouf en express an enger netgeplangter, falscher Ëmlafbunn ausgesat[2]. Testprogramm vun der Rakéit trotzdeem gréisstendeels erfollegräich. Den Orbcomm FM44 ass an der Tëschenzäit vergloust[3].
511.03.2013Falcon 9 v1.0CC SLC-40
Dragon CRS-2
Dragon-KapselLEOErfolleg
Ravitaillementsfluch CRS-2 zu der ISS mat der Dragon-Kapsel.
629.09.2013Falcon 9 v1.1VAFB SLC 4ECASSIOPE,
CUSat,
DANDE,
dräiPOPACS
kombinéierte Fuerschungs- a Kommunikatiounssatellit,
Technologietestssatellit,
4 Fuerschungssatellitten
LEOErfolleg
Éischte Start vu Vandenberg
Éischte Start vun der Versioun Falcon 9 v1.1.
703.12.2013Falcon 9 v1.1CC SLC-40
SES 8
Kommunikatiounssatellit3200 kgGTOErfolleg
Éischte Start an e geostationäre Transferorbit.
808.01.2014Falcon 9 v1.1CC SLC-40
Thaicom 6
Kommunikatiounssatellit3325 kgGTOErfolleg
Bruttogewiicht, d. h. Mass vun der Notzlaascht mat Adapter, Gehais asw.
918.0420141.1CCAFS
SpaceX Dragon
CRS-3
5500 kgTransportLEOErfolleg Ravitaillement fir d'ISS
1014.0620141.1CCAFSOrbcomm OG21100 kg6 Satellitten
vun 172 kg
LEOErfolleg.Orbcomm
1105.08.20141.1CCAFSAsiasat 84535 kgTelekommunikatiouns
satellitten
GTOErfolleg
1207.09.20141.1CCAFSAsiasat 63700 kgTelekommunikatiouns-
satellitten
GTOErfolleg
1321.09.20141.1CCAFS
SpaceX Dragon
CRS-4
5500 kgTransport
5 Cubesatellitten
LEORavitaillement fir d'ISS
1410.01.2015Falcon 9 v1.1CC SLC-40
Dragon CRS-5
Dragon-KapselLEOErfolleg
Brochlandung vun der éischter Stuf umAutonomous spaceport drone ship
1511.02.2015Falcon 9 v1.1CC SLC-40DSCOVRÄerdobservatiounssatellit570HEO-TransferorbitErfolleg
Héchst bis elo erreecht Vitess vun enger Falcon 9
1602.03.2015Falcon 9 v1.1CC SLC-40Eutelsat 115 West BKommunikatiounssatellitten4159GTOErfolleg
Duebelstart, béid Satellitte blouwe bis zum Aussetze matenee verbonnen
1714.04.2015Falcon 9 v1.1CC SLC-40Dragon CRS-6Dragon-KapselLEOErfolleg
Brochlandung vun der éischter Stuf op demAutonomous spaceport drone ship
1827.04.2015Falcon 9 v1.1CC SLC-40
TurkmenAlem52E
MonacoSat 1
Kommunikatiounssatellit4731GTOErfolleg
Éischten turkmenesche Satellit
1928.06.2015Falcon 9 v1.1CC SLC-40 Dragon CRS-7Dragon-KapselLEOFeelschlag
2:19 Minutte nom Start strukturellt Versoe vun der zweeter Stuf, bis 2:27 ass der Dréier komplett ausenee gebrach
2022.12.2015Falcon 9 v1.2CC SLC-40Orbcomm OG211 KommunikatiounssatellittenLEOErfolleg
éischten erfollegräiche Réckfluch a Landung vun der éischter Stuf op Cape Caneveral, éischte Start vun enger verbesserter Ausbaustuf vun der Falcon 9
2117.01.2016Falcon 9 v1.1VAFB LC4Jason 3OzeanfuerschungssatellitSSOErfolleg
Leschte Start vun der Versioun Falcon 9 v1.1; mëll Landung vun der éischter Stuf op enger Plattform am Ozean, uschléissend allerdéngs wéinst Versoe vun engem Landebeen ëmgefall
224. Mäerz2016
23:35
Falcon 9 v1.2CC SLC-40SES-9Kommunikatiounssatellit5271GTOErfolleg
Brochlandung vun der éischter Stuf umAutonomous spaceport drone ship
238. Abrëll2016
20:43
Falcon 9 v1.2CC SLC-40Dragon CRS-8Dragon-Kapsel mam opblosbaren ISS-ModulBEAM am drockfräie FrachtsektorLEOErfolleg
éischt erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf umAutonomous spaceport drone ship
246. Mee2016
5:21
Falcon 9 v1.2CC SLC-40JapanJCSAT-14Kommunikatiounssatellit4700GTOErfolleg
éischt erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf wärend enger GTO-Missioun
2527. Mee2016
21:39
Falcon 9 v1.2CC SLC-40ThailandThaicom 8Kommunikatiounssatellit3100GTOErfolleg
Erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf umAutonomous spaceport drone ship
2615. Juni2016
14:29
Falcon 9 v1.2CC SLC-40Eutelsat 117 West B,
BermudaABS 2A
Kommunikatiounssatellitten3600GTOErfolg
Brochlandung vun der éischter Stuf umAutonomous spaceport drone ship
2718. Juli2016
04:45
Falcon 9 v1.2CC SLC-40Dragon CRS-9Dragon-KapselLEOErfolleg
Erfollegräich Landung vun der éischter Stuf op derLanding Zone 1
2814. August2016
05:26
Falcon 9 v1.2CC SLC-40JCSAT-16Kommunikatiounssatellit4600GTOErfolleg
Erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf umAutonomous spaceport drone ship
N/A3. September 2016
07:00-09:00
(geplangt)
Falcon 9 v1.2CC SLC-40Amos 6KommunikatiounssatellitGTOFeelschlag
D'Rakéit ass bei engem routinneméissegen Testlaf den 1. September 2016, dräi Deeg virum geplangte Starttermin, op der Startramp explodéiert, Totalverloscht vun der Notzlaascht.[4],[5]
2017
2914. Januar 2017
17:54
Falcon 9 v1.2VAFB LC4Iridium NEXT 1-10Kommunikatiounssatellitten9600LEOErfolleg
Erfollegräich Séilandung vun der éischter Stuf umAutonomous spaceport drone ship
3019. Februar 2017
14:39[6]
Falcon 9 v1.2KSC LC39A Dragon CRS-10Dragon-KapselLEOErfolleg
Éischte Start vumKennedy Space Center
Erfollegräich Landlandung vun der éischter Stuf op derLanding Zone 1
3116. Mäerz 2017
06:00
Falcon 9 v1.2KSC LC39AEchoStar 23Kommunikatiounssatellit5500GTOErfolleg
Keng Landung vun der éischter Stuf

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Falcon 9 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Startprogramm
  2. Stephen Clark:SpaceX cargo flight overcomes engine mishap, in spaceflight now, datum: 8. Oktober 2012, abgerufen: 10. Oktober 2012
  3. Stephen Clark:Orbcomm craft falls to Earth, company claims total loss, in spaceflight now, datum: 11. Oktober 2012, ofgeruff: 20. Oktober 2012
  4. https://www.heise.de/newsticker/meldung/SpaceX-Falcon-9-Rakete-und-Amos-6-Satellit-bei-Explosion-auf-Cape-Canaveral-zerstoert-3312028.html
  5. https://twitter.com/SpaceX/status/771357538738577408
  6. http://forum.nasaspaceflight.com/index.php?topic=42182.msg1644878#msg1644878
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Falcon_9&oldid=2497301
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp