Explorer 7 | |
---|---|
![]() | |
Typ | Fuerschungssatellit |
Land | ![]() |
Agentur | NASA |
Wierk | Jet Propulsion Laboratory |
COSPAR-Bezeechnung | 1959-009A |
Apogeum | 715 km |
Perigeum | 499 km |
Bunnschréi | 50,3° |
Mass | 41,5 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 96,7 min |
Start | 13. Oktober1959 |
Startplaz | Cape Canaveral |
Drorakéit | Juno II |
Dauer | 2 Joer / ass nach am Orbit |
DenExplorer 7 (oderS1-a) ass eSatellit vumExplorer-Programm vun derNASA. Si gouf den13. Oktober1959 mat engerJuno II-Rakéit vuCape Canaveral aus an eng Ëmlafbunn geschoss. Si gouf gebaut, fir d'Sonnestralung amRöntgen- an amLyman-alpha-Beräich, souwéi kosmeschDeelerchersstralung z'erfaassen. Weider Ziler sollte gesammelt Daten iwwer Aschléi vuMikrometeoritten[1], molekulartSputtern an de Wäermeaustausch tëscht der Äerd an hirerAtmosphär sinn. Besonnesch hat si mat Hellëf vumRadiometer, dee vumVerner E. Suomi anRobert Parent entwéckelt gouf, déi éischt Daten zumEnergieétat vun der Äerd opzehuelen an hat domat den Ufank vun der satellittegestëtzterKlimafuerschung markéiert. De Suomi a säin Team benotzten déi Daten ënner anerem, fir d'Bedeitung vun deWolleke fir d'Weltklima ze ënnersichen.
De Satellit sendete hat bis de Februar1961 kontinuéierlech Date op d'Äerd geschéckz a war dann de24. August1961 ausgefall. Hie kreest nach ëmmer op sengem Orbit.