Verschidden Interprete ware scho virdrun emol eng Kéier dobäi, d'Grupp Feminnem fir Kroatien2005 (fir Bosnien an Herzegowina) an d'Niamh Kavanagh fir Irland1993 (Gewënner).
Zanter2008 gëtt et e puer Deeg virun der Finall zwou Halleffinallen, aus deenen déi zéng Éischtplazéiert d'Finall erreechen. Fënnef weider Länner si scho fir d'Finall qualifizéiert gewiescht: déiGrouss Véier (Big-4) vun derEuropean Broadcasting Union (Däitschland,Frankräich,Groussbritannien aSpuenien) an och d'Land dat d'Organisatioun iwwerholl huet, an dësem JoerNorwegen.
Déi gemëschten Ofstëmmung mat 50 % duerch den Televoting vun de Spectateure vun alle Länner a 50 % duerch eng national Jury ass weiderhi benotzt ginn an elo och fir d'Halleffinallen iwwerholl ginn. An den Halleffinalle sinn déi 10 bescht Länner an d'Finall weiderkomm. Am Joer virdru war dat nëmme fir déi néng bescht Länner de Fall, dat zéngte Land ass duerch eng Jury bestëmmt ginn. All Land huet duerch d'Ofstëmmung 12, 10, 8, 7, 6, 5, 4, 3, 2 an 1 Punkt un déi zéng bescht Lidder verginn. D'Resultater si per Telefon op Oslo matgedeelt ginn.
Déi genee Punkteverdeelung ass eréischt no der Finall bekannt gemaach ginn fir eng Beaflossung an der Finall ze vermeiden. Ofstëmmungsberechtegt bei dëser Halleffinall waren d'Länner déi dobäi waren an zousätzlech Frankräich, Däitschland a Spuenien.