Ethan (oderÄthan) ass egesiedegte Kuelewaasserstoff aus der Famill vun denAlkanen. E kënnt am Sumpfgas, Äerdgas an an de Raffinerie- a Kokereigaser vir. Ethan ass e Bestanddeel vun de Brenngaser.
Ethan ass bei 25 °C an 1013 hPa am gasfërmegen Zoustand an en huet kee Geroch a keng Faarf. En ass méi schwéier wéiLoft, sengDicht läit bei 1,36 g/l. Ethan léist sech schlecht amWaasser, dofir awer ass en amBenzol gutt léislech. Wéi deMethan, ass och den Ethan schwéier ze verflëssegen, wéinst sengem nidderege Kachpunkt.
Ethan ass liicht brennbar a kann, mat Sauerstoff gemëscht, explodéieren. E brennt mat enger schwacher Flam. Bei der Verbrennung vum Ethan entsteet, wéi bei allAlkan,Waasser aKuelendioxid[1].

Ethan bilt matChlor a mat Brom duerchSubstitutioun nei Produkter. Déi wichtegst sinn déi chloréiert Substitutiounsprodukter wéi de Monochlorethan, den Dichlorethan, den Trichlorethan, den Tetrachlorethan, de Pentachlorethan a den Hexachlorethan.

Am Laboratoire:
Ethan kann een duerchElektrolys vun enger konzentréierterNatriumacetat-Léisung hierstellen. Dobäi entsteet un derKathod Waasserstoff an un derAnod Ethan aKuelendioxid.
Eng aner Méiglechkeet ass d'Wurtz-Reaktioun. MatMonochloromethan aNatrium léisst sech Ethan gutt hierstellen[1].

Eng drëtt Method besteet doran,Natriumpropanoat matNatriumhydroxid ze hëtzen.
An der Industrie:AusÄerdgas kann een Ethan industriell hierstellen. Aner Methode sinn d'Pëtrolhydréierung an d'Kuelenhydréierung.
An der cheemescher Industrie gëtt Ethan bei derEthenproduktioun benotzt. Eng Method dofir ass deCracking. Bei 500 °C bis 1000 °C gëtt den Ethan an Ethen an aWaasserstoff ëmgewandelt.
- Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
- ↑1,01,1Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul, S.64-65