Déi zwéi Punkte vun der Ekliptik déi sech op derHimmelskugel vis-à-vis leien, am Moment an deem d'Sonn an den Equinoxen ass, sinn d'Equinoxepunkten, déi den Ufank oder d'Enn vun engerastronomescher Joreszäit markéieren:
DenAstronomesche Fréijoersufank ass denDuerchgank duerch deFréijoerspunkt.
DenAstronomeschen Hierschtufank ass den Duerchgank duerch denHierschtpunkt.
Demëttelsten Equinoxepunkt nennt een ochGéigepunkt aWopunkt.
AlsEquinoxe bezeechnet een och:
1) demëttelste Fréijoerspunkt selwer,
2) d'Lag vum Fréijoerspunkt (Positiounsdonneeën) zu engem bestëmmten Zäitpunkt, souwéi
3) deenZäitpunkt, fir deen d'Lag vum Fréijoerspunkt festgestallt gëtt.
An deene Bedeitunge spillt de Begrëff vun der Equinoxe eng wichteg Roll bei der Definitioun vun astronomesche Koordinatesystemer, déi de verännerleche Fréijoerspunkt als Koordinaten-Nullpunkt gebrauchen.
Well en op laang Zäit seng Positioun verännert, gëtt en alsEquinoxe vum Datum oder alsStandardequinoxe mat engem Zäitbezuch notéiert.