DëseGeographiesartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Déi äermst Staate vun der Welt: Low-Income-Countries (LIC) (Akommes/Awunner ënner 745 US$), Quell: Weltbank 2001
EnEntwécklungsland ass nom allgemenge Sproochgebrauch eng eegestänneg national Communautéit, där hir Bevëlkerung an der Majoritéit alsaarm betruecht gëtt an e Liewensstandard huet, deen ënner enger international unerkannter Aarmutsgrenz läit. Wéi e Land als Entwécklungsland ze betruechten ass, hänkt vun den applizéierte Krittären of. De Begrëff gëtt meeschtens am Zesummenhank mat der Entwécklungspolitik gebraucht an ass net ëmmer riguros festgeluecht.
Follgend Länner ginn alsEmerging and Developing Economies (Entwécklungslänner) vumFonds monétaire international a sengemEconomic Outlook Report (Abrëll 2008) betruecht:[1]
Fir de Begrëff „Entwécklungsland“ gëtt et eng Rei vuSynonymen, wéiDrëtt Welt oderVéiert Welt. Dës Begrëffer sinn - grad wéi „Entwécklungsland“ - zum Deel ëmstridden a gi vu verschiddenen Experte kontestéiert. D'Kritiker vum Begrëff „Entwécklungsland“ soen z. B. datt en eppes ënnerstellt, dat net passéiert: nämlechEntwécklung. Ee vun de prominentste Kritiker vun dësem Begrëff ass deschweedeschen EkonomGunnar Myrdal.
Net méi gebraucht ginn: „ënnerentwéckelt Länner“ (underdeveloped countries), oder „réckstänneg Länner“ (backward countries), well se pejorativ sinn.
Mat „Industriestaaten“ gëtt versicht, industrialiséiert Staate sproochlech vun den Entwécklungslänner ofzegrenzen, dat zu engem Zäitpunkt wou net méi d'Industrie, mä d'Déngschtleeschtungen déi dreiwend Kraaft vun der wirtschaftlecher Weiderentwécklung sinn.
De Begrëff „Drëtt Welt“ staamt aus den 1950er Joren an hat dunn e politeschen Nogeschmaach, well en op d'blockfräi Staaten, déi weeder dem kommunisteschen nach dem kapitalistesche Block zougeuerdent konnte ginn, higewisen huet.