Zäitgenëssesch Karikatur zu der Englescher Revolutioun
D'Englesch Revolutioun (ochEnglesche Biergerkrich oderÉischt Englesch Revolutioun) gouf vu1642 bis1649 tëscht den Unhänger vum KinnekCharles I. an demParlament ausgedroen. An hir hu sech net nëmmen d'Spannungen tëscht demabsolutistesche Kinnek an demËnnerhaus entlueden, mä och d'Géigesätz tëscht denAnglikaner,Puritaner,Presbyterianer aKatholicken. De Krich ass mat der Hiriichtung vum Kinnek op en Enn gaangen, an der zäitweileger Ofschafung vun derMonarchie -England gouf engRepublik.
Nom Doud vun der Elizabeth, déi ouni Kanner gestuerwe war, ass d'englesch Kroun un de KinnekJames VI. vuSchottland gaangen. Als James I. huet hien am Joer1603 déi zwee Länner an engerPersonalunioun vereenegt, a sech zanter1604 Kinnek vu Groussbritannie genannt. Aneschters wéi seng kathoulesch Mamm, d'Maria Stuart, déi1587 op en Uerder vun der Elizabeth I. higeriicht gi war, war den James en iwwerzeegteProtestant, dee staark vumCalvinismus beaflosst war. Ausserdeem war hien en iwwerzeegten Unhänger vun der Iddi vumdivine right, dem gëttleche Recht vun de Kinneken, eleng ze herrschen. Déi Iwwerzeegung huet d'Stuartkinnekshaus vun Ufank un an e Géigesaz mam englesche Regierungssystem bruecht, wat deemools zanter bal 300 Joer eng (wann och begrenzte) Matwierkung vum Parlament un de Staatsgeschäfter kannt huet.
Den James I. huet sech als Kinnek vun England op déi anglikanesch Staatskierch gestäipt, an där d'Majoritéit vun de Bëscheef och vumGottesgnadentum vun de Kinneken iwwerzeegt war. Gläichzäiteg huet hien déi puritanesch Léier ofgeleent, déi dem Kinnek d'Recht ofgeschwat hat, seng Sujeten a Gewëssensfroen engem Zwang auszesetzen.
Wéi d'anglikanesch Bëschofskonferenz vu1604 souwuel de puritanesche wéi och de kathoulesche Glawe verdaamt huet, koum et zu ëmmer méi reliéise Spannungen an England. Am November1605 hu kathoulesch Adleger ronderëm deGuy Fawkes an der sougenannterPolferverschwörung d'Ermuerdung vum James I. an alle Parlamentarier geplangt. Den Uschlag gouf nëmmen duerch en Zoufall verhënnert. Dëst huet kuerzzäiteg zu engem méi no Kommen tëscht Kinnek a Parlament gefouert. Op laang Siicht hu sech awer d'absolutistesch Tendenze vum James I. als méi follegräich erwisen. Den entscheedende Punkt war awer, datt de Katholizismus vun deem Ament un meeschtens als suspekt duergestallt gouf, an domat politesch ouni Bedeitung gouf.
D'Virstellung vun engem gëttlech legitiméierte Kinnektum, wat also kenger irdescher Muecht an domat och net dem Parlament verflicht wier, huet dem James seng Politik geprägt. Sou huet hien de Kaf vun Titelen erméiglecht, woumat hien eng Schwächung vum nidderenAdel bezwecke wollt. Déi friddlech Haltung vum James I. géintiwwerSpuenien huet säi Ruff weider zerstéiert. Am Parlament huet sech engOppositioun géint de Kinnek forméiert, déi virun allem aus Membere vun derGentry (Landadel) an dem Biergertum bestanen huet, an déi d'parlamentaresch Rechter oprecht erhale wollt. Eng weider Degradatioun vum Ruff vum Kinnek krut den James I. duerch d'massiv Usidlung vun engleschen a schottesche Bierger amireschenUlster. Obschonn Irland zanter dem spéiden12. Joerhonnert schonn an englescher Hand war, an zanter1542 offiziell der englescher Kroun ënnerstallt war, hat sech de kathoulesche Glawen hei gehalen. En ireschen Opstand aus dem Joer1602 deen néiergeschloe gouf huet gewisen, datt och an dësem Deel vun der englescher Muechtsphär e grousse Konfliktpotential geherrscht huet.
Wéi den James I.1625 gestuerwen ass, koum säin zweeteelste Jong alsCharles I. op den engleschen a schotteschen Troun. Nach am selwechte Joer huet sech den Charles I. mat derHenriettede Bourbon bestuet, wat hie besonnesch bei de Puritaner onbeléift gemaach huet, well et sech bei der Henriette ëm déi kathoulesch Duechter vum franséische KinnekHenri IV. gehandelt huet. Den Charles I. war nach méi staark wéi säi Papp vun der Existenz vu gëttleche Kinneksrechter iwwerzeegt, an huet eng Versöhnung mat der kathoulescher Kierch ugestriewt. Hien huet sech méi wéi eng Kéier am Kader vu sengerRestauratiounspolitik iwwer d'Parlament ewech gesat, andeems hien ouni seng Zoustëmmung Steieren erhuewen huet. Dem Charles I. seng absolutistesch Herrschaftsausübung huet en energesche Widderstand vum Parlament provozéiert, an deem vill Puritaner vertruede waren. D'Wal vumOliver Cromwell am Joer1628 an d'Ënnerhaus war en entscheedenden Datum. Dësen huet zu der Gentry gehéiert, a war e fanatesche Puritaner, den zu der radikaler Stréimung vun denIndependents gehéiert huet. Am selwechte Joer huet d'Parlament dem Kinnek d'Petition of Right virgeluecht, déi hien ënner finanziellem Drock erlaabt huet. D'Petition of Right huet ënner anerem de Verzicht vum Kinnek op Steiererhiewungen an de Schutz viru willkürleche Verhaftunge gefuedert. Et war virun allem d'Bedeelegung vun England amDrëssegjärege Krich, déi den Haushalt vun der Kroun geschiedegt hat, a sou d'Steierpolitik vum Charles I. noutwenneg gemaach hat.
E Joer méi spéit huet de Charles I. awer d'Opléisung vum Parlament decidéiert, an huet bis1640de facto als absolutisteschen Herrscher regéiert, woubäi hie sech op Beroder wéi deGrof vu Strafford an den ÄerzbëschofWilliam Laud gestäipt huet. Den Thomas Wentworth, spéideren Earl of Strafford, a fréieren Deputéierte vumHouse of Commons, gouf1632 zumLord Deputy an Irland ernannt, wou hie mat senger haarder an zugläich pro-kathoulescher Politik d'Lag berouege konnt. An dëser Phas vu senger Regentschaft huet den Charles I. seng politesch a reliéis Géigner verfollege gelooss, wouvu virun allem d'Puritaner betraff waren. Den Äerzbëschof Laud huet d'Duerchsetzung vum anglikanesche Glawen am presbyterianesche Schottland ugestriewt, wat d'Resistenz vun de Schotte mat sech gezunn huet.
D'presbyterianesch Schotten, déi sech amCovenant with God ("Bund mat Gott") gesinn hunn, hunn1638 en Opstand ugefaangen. DeWentworth gouf1639 nees an England zeréckgeruff, zum Lord vu Strafford ernannt a géint den Opstand agesat. Déi englesch Feldzich fir den Opstand néierzeschloe waren ouni Erfolleg, wärend d'Käschte vun dëse sougenannte "Bëschofskricher" ëmmer méi héich gi sinn. Virun dësem Hannergrond huet sech den Charles I.1640 gezwonge gesinn, fir d'Bewëllegung vu weidere Finanzmëttel d'Parlament anzeberuffen. Well d'Parlamentarier dem Charles I. seng Herrschaft am Allgemengen a säi militärescht Virgoe géint Schottland besonnesch kritiséiert hunn, huet de Kinnek d'Parlament no e puer Wochen nees opgeléist, wouhir och den Numm "Kuerzt Parlament" komm ass.
Weider englesch Mësserfolleger am Kampf géint déi opstänneg Schotten hunn den Charles I. nach am selwechte Joer dozou gezwongen, d'Parlament eng zweet Kéier anzeberuffen, wat als Ofgrenzung zum "Kuerze Parlament" och als "Laangt Parlament" an d'Geschicht agaangen ass. Et gouf vun de Puritaner ënner der Féierung vumJohn Pym dominéiert. D'Laangt Parlament huet dem Kinnek1641 e Katalog vu Plainte virgeluecht, an huet Zougeständnesser erzwongen. Dem kinnekleche Beroder Lord Strafford gouf de Prozess gemaach, a seng Hiriichtung gouf beschloss.
An Irland gouf gefaart, datt et no der Politik vum Strafford, déi hinnen entgéint komm war, zu enger gewaltsamer Anglikaniséierung géif kommen. Doduerch koum et1641 zu enger oppener Rebellioun, an där vill englesch a schottesch Awunner ëm d'Liewe koumen.
An de parlamentaresche Kreesser koum et zu Gerüchter déi besot hunn, datt den Charles I. an dës Virfäll verwéckelt wier. Den Charles I. wollt sech awer un d'Spëtzt vun engem Feldzuch géint déi rebellesch Ire setzen, wat him d'Majoritéit vum Parlament verweigert huet. Als Reaktioun dorop huet seng aus moderéierten Deputéierten eng kinnekstrei Partei forméiert. Am Januar1642 huet den Charles I. d'Verhaftung vun enger Partie oppositionelle Parlamentarier decidéiert, zu deenen denJohn Pym, denJohn Hampden an denArthur Haselrig gehéiert hunn, mä déi awer fortlafe konnten. Den Charles I. huet doropshiLondon verlooss, a sech op de Kampf virbereet. D'Parlament huet d'Opstellung vun enger Arméi an d'Weeër geleet, fir de Royalisten ze begéinen. Wärend denDrëssegjärege Krich um europäesche Festland lues awer sécher op en Enn gaangen ass, ass England an e Biergerkrich gefall.
Nom Ausbroch vum Biergerkrich gouf a groussen Deeler vuWales, amCornwall an am Nordoste vun England Partei fir de Kinnek ergraff. Wärend déi kinnekstrei Englänner "Cavaliers" ("Reider") genannt goufen, kruten d'Unhänger vum Parlament den Numm "Roundheads" (opgrond vun hire kuerzen Hoer). Zu der éischter méi grousser Kampfhandlung vun der Englescher Revolutioun koum et mat der Belagerung vuKingston upon Hull duerch de royalisteschen Earl ofNewcastle, déi den11. Oktober1642 huet missen ofgebrach ginn. Hull am Nordoste gouf vun do un vun de Parlamentarier als méiglechen Ausgangspunkt fir d'Eruewerung vuYorkshire a Betruecht gezunn. Den23. Oktober koum et beiEdgehill zu enger Feldschluecht tëscht de Konfliktparteien. Den Ausgang vun dëser Schluecht war awer net kloer an hat keen Afloss op de weidere Virmarsch vun de royalistesche Cavaliers, deenen et kuerz drop gelongen ass,Oxford anzehuelen. Fir d'parlamentaresch Roundheads war elo d'Gefor vun engem kinnekleche Virmarsch géintLondon no. De GenerolSkippon huet am Déngscht vum Parlament eng Arméi mat enger Stäerkt vun iwwer 20.000 Mann op d'Bee gestallt, a London befestege gelooss. Dem Skippon seng Truppen hu sech de Cavaliers den13. November 1642 entgéint gestallt, mä d'Cavaliers sinn ofgezunn, ouni datt et zu grousse Kampfhandlunge komm ass.
Am Joer1643 hunn d'Schotte Partei fir d'Roundheads ergraff, wärend d'Cavaliers vu Cornwall aus militäresch däitlech méi aktiv gi sinn. Ënner dem SirRalph Hopton konnten d'royalistesch TruppenDevon,Dorset aSomerset fir sech anhuelen. Dem Hopton seng Truppen hu sech amJuli mat deene vum kinnekleche ReidergenerolRuprecht vun der Pfalz vereenegt, engem Jong vumFriedrich V.. Zesummen hu siBristol ugegraff, en Ugrëff deen de26. Juli ugefaangen huet an no héije Verloschter zu engem royalisteschen Erfolleg gefouert huet. Den9. August hunn d'Cavaliers mat der Belagerung vuGloucester ugefaangen, wat matzen an engem mëttlerweil royalistesch kontrolléierte Gebitt louch. Den20. September koum et schliisslech zu enger Schluecht beiNewbury wou et awer kee klore Gewënner gouf.
D'Krichsjoer1644 huet mat der Belagerung vunNantwich duerch iresch Truppen ënner dem royalistesche GenerolByron ugefaangen, mä dës Belagerung gouf awer de25. Januar duerch parlamentaresch Truppen ënner dem SirThomas Fairfax op en Enn bruecht. FirYork z'entlaaschten, wat vun de Roundheads belagert gouf, ass deRuprecht virun der Stad agetraff an huet d'Parlamentarier an hir schottesch Alliéiert den2. Juli zu enger Schluecht um oppene Feld amMarston Moor gezwongen. Dës Schluecht war eng schwéier Néierlag fir d'Royalisten, déi domat d'Kontroll iwwer Nordengland verluer hunn. D'Schluecht vu Lostwithiel amCornwall war de leschte groussen Erfolleg vun de Royalisten. Amplaz den Ausgang vun der Schluecht fir weider militäresch Aktiounen auszenotzen, huet den Charles I. sech mat sengen Truppen opOxford zeréckgezunn.
De weidere Krichsverlaf gouf virun allem duerch d'Opstellung vun derNew Model Army ënner demFairfax an demCromwell entscheet, déi am Wanter1644 ugefaange gouf a bis zumJanuar1645 ofgeschloss war. Den Oliver Cromwell hat 1643 engKavallerieeenheet opgestallt, déi virun allem aus fanatesche Puritaner bestanen huet, a wou d'Memberen als "Ironsides" bekannt goufen. De Cromwell huet an derNew Model Army, déi och zum gréissten Deel aus radikalePuritaner bestanen huet, den iéweschte Kommando iwwer d'Reiderei iwwerholl. Déi modern Arméi - fir déi deemoleg Verhältnesser - konnt de14. Juni1645 an derSchluecht vun Naseby de Kampf fir sech entscheeden. Den10. Juli koum et zu enger weiderer Néierlag vun de Cavaliers beiLangport. Bis zum Hierscht konnten d'Roundheads wichteg Stützpunkter wéi Bristol zeréckgewannen. Dobäi koum et amBasing House zuHampshire zu engem besonnesch grausame Virfall. D'Uwiesen, wat och als "Loyalty House" bekannt war, a vun de Royaliste verdeedegt gouf, hat mat senge provisoresche Bastiounen an de Joren1643 a1644 ville Belagerunge standgehalen. Et war eng Zuflucht fir Katholicken a Membere vum Héichadel, alles Leit déi op parlamentarescher Säit verhaasst waren. De14. Oktober1645 hunn d'Roundheads d'Basing House ugegraff. E puritanesche Priedeger huet d'Verdeedeger vum Uwiesen als "Gotteslästerer" bezeechent, an hir Vernichtung gefuerdert. Tatsächlech goufe beim Stuerm op d'Basing House nëmme wéineg Mënschen duerch d'Roundheads verschount.
Um Ufank vum Joer1646 waren d'Royalisten eendeiteg an der Defensiv. Parlamentaresch a schottesch Truppen hu mat der Belagerung vunNewark ugefaangen, der leschter Stad déi d'Royalisten an Nordengland gehalen hunn. Den8. Mee huet sech d'Garnisoun vun der Stad erginn. Am selwechte Mount huet d'Belagerung vun Oxford duerch d'Roundheads ugefaangen, wouhi sech den Charles I. no derSchluecht vun Naseby zeréckgezunn hat, mä hie konnt nach fortlafen. Hien huet sech an d'Schlass vunNewcastle zeréckgezunn, wou him schottesch Truppe Schutz ginn hunn. Vun do aus koum de16. Juni1646 den Uerder un d'royalistesch Garnisounen, hir Waffen néierzeleeën.
D'Schotten hunn den Charles I.1647 un dat englescht Parlament ausgeliwwert. Spannungen tëscht der Arméi an dem Parlament konnt den Charles I. no e puer Méint a Gefaangenschaft ausnotzen, fir d'Schotten dozou ze beweegen, sech op seng Säit ze stellen. Am Juli1648 koum et an England zu royalisteschen Opstänn, wärend schottesch Kämpfer an den engleschen Territoire agefall sinn. Ënner demOliver Cromwell goufen d'Schotte beiPreston geschloen, wärend royalistesch Uertschaften nees ënner d'Kontroll vum Parlament bruecht goufen. Den Englesche Biergerkrich ass domat op en Enn gaangen. Just an Irland hunn Opstänneger nach weiderhi Widderstand géint d'Roundheads geleescht. Duerch seng militäresch Erfolleger a säin aggressive Puritanismus war dem Cromwell säin Afloss an der Tëschenzäit staark an d'Luucht gaangen. Hien huet der Arméi den Optrag ginn, verschidde presbyterianesch a kinnekstrei Deputéierte festzehuelen. Ausserdeem gouf villen Deputéierten den Zougang zum Parlament ënnersot. D'Rump Parliament wat sou entstanen ass, huet op Bedreiwe vum Cromwell dem Charles I. de Prozess gemaach, deen den30. Januar1649 higeriicht gouf.
D'Englesch Revolutioun hat d'Ofschafung vun derMonarchie zur Folleg, an England gouf zu engerRepublik, de sougenannteCommonwealth. D'Republik gouf ouni d'Uewerhaus vum Rumpfparlament regéiert. De Puritanismus war vun enger zäitweileg ënnerdréckter zu der dominanter Reliounsbeweegung an England ginn, wat sech besonnesch zum Nodeel vun de Katholicken ausgewierkt huet. Ënner dem Cromwell goufe brutal Strofzich géint Irland a Schottland ënnerholl, an den iresche Grondbesëtzer gouf den Territoire ewechgeholl. D'Republik hat nëmme bis1653 Bestand a gouf vun enger puritanescherMilitärdiktatur ënner dem Cromwell alsLord Protector ofgeléist. Nom Doud vum Cromwell am Joer1658 an dem Ofdanke vu sengem inkompetente JongRichard gouf1660 d'Monarchie ënner demCharles II., dem Jong vum Charles I., nees hiergestallt. Trotzdeem hat d'Englesch Revolutioun laangfristeg zu der Festegung vum Parlamentarismus an der Erausbildung vun enger parlamentarescherDemokratie an England bäigedroen.
An direktem Zesummenhang mat den Evenementer vun der Englescher Revolutioun stinn d'Strofzich vum Cromwell géintIrland aSchottland, déi hien no der Hiriichtung vumCharles I ënnerholl huet.
Den ireschen Opstand vun de Katholicken, dee1641 ausgebrach war, huet sech am Ufank géint sämtlech englesch Awunner geriicht. Noutgedrongen hu si sech am weidere Verlaf vun der Revolutioun nougedronge mat de Royaliste verbonnen, an zanter dem "zweete" Biergerkrich och mat de presbyterianesche Schotten. Nodeem d'Parlament géint d'Kroun gewonnen hat, wollt de Cromwell d'Herrschaft vun der englescher Republik och an Irland duerchsetzen, an dobäi un den Opstännegen en Exempel statuéieren. Bis 1649 war et dem royalisteschenEarl of Ormonde gelongen, mat irescher Hëllef d'Parlamentarier op wéineg Stützpunkter zeréckzedrängen. Nëmmen d'RegiounUlster anDublin konnte fir d'englesch Republik gehale ginn. Déi opstänneg Ire waren awer schlecht ausgerëscht a meeschtens schwaach organiséiert. Kompenséiert gouft dëst deelweis duerch militärescht Wëssen, wat sech vill Iren alsSöldner vum europäesche Festland matbruecht haten. Och beim Baue vu Befestegungsanlage waren d'Iren hire Géigner mindestens gläich gestallt. Et huet hinnen awer uSchéisspolver gefeelt, an dowéinst hu si aus de Läiche vun EnglännerSalpeter gewonnen.
Wéi den Oliver Cromwell am August mat sengen Truppen an Irland agetraff ass, huet sech d'Lag séier geännert. D'Belagerung vunDublin duerch d'Iren an d'Royaliste gouf gewaltsam op en Enn gesat, wärend dem Cromwell seng Truppen den9. September mat engem Ugrëff opDrogheda un der irescher Ostküst ugefaangen hunn. Den11. September ass et hinne gelongen, d'Stad anzehuelen, wat zu engem Bluttbad gefouert huet. All d'Awunner vun Drogheda goufen ëmbruecht oder deportéiert. Duerno ass dem Cromwell seng Arméi weider no Süde gezunn, bis si den11. Oktober an der KüstestadWexford ukomm sinn, déi si eruewere konnt a wou d'Awunner ëmbruecht oder verschleeft goufen. Virum Hannergrond vun dësem brutale Feldzuch hu sech Stied wéiCork aYoughal op déi parlamentaresch Säit geschloen, fir der Zerstéierung z'entgoen. Den Ugrëff opKilkenny ass ouni Erfolleg bliwwen, an huet vill Doudesaffer gefuerdert, soudatt de Cromwell mat der Garnisoun Verhandlungen opgeholl huet, an hinnen den28. Mäerz fräien Ofzuch garantéiert huet. Am Mee hunn dem Cromwell seng Truppen e puermol versichtClonmel anzehuelen, wat vun den ireschen Opstännegen ënner demHugh Dubh O'Neill verdeedegt gouf. Wéi d'Iren hir ganzMunitioun verschoss haten, sinn si an der Nuecht aus der Stad gaangen, soudatt d'Roundheads se den Dag drop besetze konnten. Duerch d'Lag a Schottland huet de Cromwell kuerz Zäit drop Irland verlooss, an e gréisseren Truppekontingent ënner dem Kommando vu sengem SchwoerHenry Ireton zeréckgelooss. Dës Truppen hunn de leschten iresche Widderstand gebrach. Den21. Juni goufen d'opstänneg Ire beiScarrifhollis geschloen an den10. August gouf d'Kapitulatioun vun hirem Stützpunkt zuWaterford erzwongen. De Feldzug gouf1651 fortgefouert an huet sech géintLimerick geriicht. D'Stad, déi vum O'Neill verdeedegt gouf, huet de27. Oktober no der Zousécherung vum fräien Auszuch kapituléiert. Bis1652 hunn d'Iren nach vereenzelt Widderstand geleescht, mä zu dësem Zäitpunkt war Irland scho gréisstendeels ënner der Kontroll vun der englescher Republik.
D'Schotten, déi zanter1648 mat de Royalisten alliéiert waren, haten zwar bei Preston eng schwéier Néierlag missen hinhuelen, mä déi schottesch Resistenz gouf duerch dës Schluecht net gebrach. Dofir ass de Cromwell1650 aus Irland zeréckkomm, an huet e Feldzuch géint Schottland organiséiert. Dësen huet mat enger Victoire vun de parlamentareschen Truppen ënner dem Cromwell an dem GenerolGeorge Monk beiDunbar ugefaangen. D'schottesch Stützpunkter wéiEdinburgh Castle aStirling Castle, déi nach mëttelalterlech Befestegungsanlagen haten, goufe séier ënner parlamentaresch Kontroll bruecht. Duerno goufen a schotteschen Uertschafte wéiAyr,Perth aLeithZitadelle gebaut, fir d'Herrschaft vun der englescher Republik duerchzesetzen. Zu weidere Konflikter koum et, wéi denCharles II., dee1650 a Schottland gelant war, mat Truppen an England agefall ass. Ënner dem Cromwell hu sech hinnen d'parlamentaresch Truppen den3. September beiWorcester gestallt, wou si an enger oppener Feldschluecht géint d'Schotte gewanne konnten. Domat war och déi schottesch Resistenz gebrach.