Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Elizabeth Taylor

Vu Wikipedia
Elizabeth Taylor
GebuertsnummElizabeth Rosemond Taylor
Gebuer27. Februar1932
Hampstead Garden Suburb
Gestuerwen23. Mäerz2011
Los Angeles
DoudesursaachHäerzversoen
NationalitéitVereenegt Kinnekräich,USA,USA
AktivitéitPhilanthropin, Autobiographin, Theaterschauspillerin, Televisiounsschauspillerin,Schrëftstellerin, Filmschauspillerin,Filmproduzentin, Konschtsammlerin,Schauspillerin
ParteiRepublican Party
FonctiounDame Commander of the Order of the British Empire
AuszeechnungenCommandeur des Arts et des Lettres‎, Dame Commander of the Order of the British Empire, Jean Hersholt Humanitarian Award,Oscar fir déi bescht Schauspillerin,Oscar fir déi bescht Schauspillerin, Theatre World Special Award, Kennedy-Präis, Sëlwere Bier fir déi bescht Schauspillerin, Cecil B. DeMille Award, Crystal Award, Stär um Hollywood Walk of Fame, Chevalier vun der Légion d'honneur‎
Famill
Bestuet matConrad Hilton, Jr. (6.5.1950–29.1.1951),
Michael Wilding (21.2.1952–30.1.1957),
Michael Todd (2.2.1957–22.3.1958),
Eddie Fisher (12.5.1959–5.3.1964),
Richard Burton (15.3.1964–26.6.1974),
Richard Burton (10.10.1975–29.7.1976),
John Warner (4.12.1976–7.11.1982),
Larry Fortensky (6.10.1991–31.10.1996)
PappFrancis Lenn Taylor
MammSara Sothern
KannerMichael Wilding junior, Liza Todd, Maria Burton
Websäithttps://elizabethtaylor.com/

D'Elizabeth Rosemond Taylor,DBE, gebuer de27. Februar1932 zuLondon, a gestuerwen den23. Mäerz2011 zuLos Angeles, war engbrittesch-US-amerikaneschSchauspillerin. Si huet hir Karriär als Kannerschauspillerin an de fréien 1940er ugefaangen a war ee vun de beléiftste Staren zuHollywood an den 1950er. An den 1960er huet si hir Filmcarrière erfollegräich weidergefouert, a bis zum Rescht vun hirem Liewen ass si eng bekannt Perséinlechkeet bliwwen. 1999 huet den American Film Institute si déi "siwentgréisst weiblech Leinwandlegend" genannt.

Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

Kandheet a Jugendfilmer

[änneren |Quelltext änneren]

D'Elizabeth Taylor gouf als Kand vu räichen a gesellschaftlech prominenten US-amerikaneschen Elteren zuLondon gebuer, déi 1939 mat hir op Los Angeles geplënnert sinn. Do gouf si relativ séier vuUniversal Pictures ënner Vertrag geholl. Hire Leinwanddebut huet si 1942 an enger klenger Nieweroll am FilmThere's One Born Every Minute gemaach, mä Universal huet d'Zesummenaarbecht mat der Taylor no engem Joer nees gekënnegt. Duerno ass d'Elizabeth Taylor vuMetro-Goldwyn-Mayer (MGM) rekrutéiert ginn an huet hiren Duerchbroch matNational Velvet (1944) gefeiert. Dee Film huet aus hir ee vum Studio senge populäerste Jugendstare gemaach. An de fréien 1950er Joren huet si d'Transitioun zu Erwuesseneroll gepackt, wéi si amKaméidistéckFather of the Bride (1950) matgespillt huet a vun de Kritiker fir hir Roll am DramaA Place in the Sun (1951) gelueft gouf.

Héichpunkt als Filmstar an den 1950er an 1960er

[änneren |Quelltext änneren]

Obwuel si ee vun de Stare war, deen MGM am meeschte Suen abruecht huet, wollt d'Elizabeth Taylor hir Karriär an de fréien 1950er un den Nol hänken. Hir huet dem Studio seng Kontroll net gepasst a vill vun de Filmer, déi si zougewise krut, hunn hir net gefall. Vun der Mëtt der 1950 u krut si Rollen, déi hir du besser gefall hunn, ugefaange mam eepeschen DramaGiant (1956). An de Joren drop huet si an enger Rei kritesch a kommerziell erfollegräiche Filmer matgespillt, dorënner zwou Filmadaptatioune vun Theaterstécker vumTennessee Williams:Cat on a Hot Tin Roof (1958) aSuddenly, Last Summer (1959). Fir dee leschten huet d'Taylor eGolden Globe als bescht Schauspillerin gewonnen. Obwuel hir d'Roll als Callgirl an hirem leschte Film fir MGM,Girl a BUtterfield 8 (1960), net gefall huet, krut si dofir enOscar als bescht Schauspillerin.

Duerno huet si e Rekord gebrach wéi si fir hir Roll als Kleopatra am Film mam selwechten Numm eng Gage vun enger Millioun US-Dollar krut.Cleopatra (1963) war bis zu deem Zäitpunkt den deierste Film, dee jee gedréint gouf. Wärend den Dréiaarbechten hunn d'Taylor an hire Ko-Schauspiller, deRichard Burton, sech op eng Affär agelooss, déi e Skandal provozéiert huet. Trotz ëffentlechem Mëssfalen hunn de Burton a si hir Bezéiung weidergefouert a goufen 1964 bestuet. An den engleschsproochege Medie krute si de Spëtznumm "Liz and Dick". Zesummen hu si 11 Filmer gedréint, dorënnerThe V.I.P.s (1963),The Sandpiper (1965),The Taming of the Shrew (1967), aWho's Afraid of Virginia Woolf? (1966). Fir hir Roll am leschtgenannte Film krut d'Taylor déi bescht Kriticken an hirer Carrière, an huet een Oscar an e puer aner Präisser gewonnen. Si an de Burton hu sech 1974 scheede gelooss, mä sech kuerz drop erëm verdroen a sech 1975 nei bestuet. Ee Joer drop ass dat Bestietnes nees gescheet ginn.

Spéidert Liewen an Doud

[änneren |Quelltext änneren]

An de spéiden 1960er huet der Taylor hir Schauspillcarrière ofgeholl, obwuel si bis an d'Mëtt der 1970er Jore weider Filmer gedréint huet. Duerno huet si sech drop konzentréiert, d'Karriär vun hirem sechste Mann, demSenateur John Warner, ze ënnerstëtzen. An den 1980er huet si hir éischt gréisser Theaterrollen ugeholl an an e puer Fernseefilmer a -serie matgespillt. Si war den éischte Prominenten, dee seng eege Parfumsmark lancéiert huet. Donieft war d'Taylor och e vun den éischte Staren, deen en HIV/AIDS-Aktivist war. Si huet 1985 d'American Foundation for AIDS Research an 1991 d'Elizabeth Taylor AIDS Foundation matgegrënnt.

Vun de fréien 1990er bis zu hirem Doud huet si hir Zäit fir philanthropesch Aktivitéite benotzt. Dofir krut si eng Rei Auszeechnungen, dorënner d'Presidential Citizens Medal vumPresident vun de Vereenegte Staaten.

Hiert ganzt Liewen iwwer hat der Elizabeth Taylor hiert Privatliewen eng grouss Medienopmierksamkeet. Si war aachtmol mat siwe verschiddene Männer bestuet, hat schwéier Krankheeten an huet en Jet-Set-Liewe gelieft, wärend deem si eng vun de wäertvollste private Bijouskollektiounen an der Welt opgebaut huet. No laangjäreger Krankheet ass d'Elizabeth Taylor 2011 am Alter vun 79 Joer un engem Häerzversoe gestuerwen.

Filmer (Auswiel)

[änneren |Quelltext änneren]
D'Elizabeth Taylor am Film "Cleopatra" (1963)
D'Elizabeth Taylor bei der Presentatioun vun hirem Parfum (1987)

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Elizabeth Taylor – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Sozial Medien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Elizabeth_Taylor&oldid=2652673
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp