Duerch de Kontakt vu Stol op Stol (Rad / Schinn) entsteet eng Fortbeweegung mat niddregem Reifwidderstand, wat awer laang Bremsweeër mat sech bréngt. Ausserdeem bedéngt dat och datt keng géi Steigunge kënne bewältegt ginn. Déi meescht Eisebunnsstrecke lafen doduerch am Fong vum Dall a benotzen opwänneg Bauwierker wéiBrécken anTunnellen.
D'Beweegung ass schinnegebonnen. Den Zuch kann a muss do fuere wou d'Schinne leien. E kann also selwer nëmme no vir oder no hanne fueren. E Gleiswiessel ass méiglech mat Hëllef vuWeichen. En Iwwerhuelen um selwechte Gleis ass onméiglech.
D'Fueren amConvoi. D'Waggonen kënne net eleng circuléieren (wéi d'Autoen op der Strooss). Dofir gi se zuZich zesummegesat, déi vun engerLokomotiv gezu ginn. Dat erlaabt eng grouss Transportkapazitéit bei klengem Beweegungswidderstand. Et bedéngt awer datt den Opbau an d'Attelagen (de Krop mat deem d'Waggonen unenee gestréckt ginn) vun de Waggone bestëmmt minimal technesch Konditiounen erfëllen.
All dës Charakteristiken erfuerderen e spezielle Betribssystem. Fir d'éischt mol e strikte Sécherheets- aSignalisatiounssystem an dann nach e méiglechst preziseFuerplang. Doduerch ass et méiglech fir d'Energiekäschten anzegrenzen an en héije Sécherheetsniveau ze garantéieren.
„Transport en commun“: D'Eisebunn ass per Definitioun e Massentransportmëttel a gëtt als solches vum Staat reglementéiert an ënnerstëtzt (Service public). Den Afloss op den Urbanissem ass net z'ënnerschätzen an ass e wichtegen Aspekt vun derLandesplanung.
„Monopolstellung“: Wéinst den héijen Investitiounskäschte beim Bau vun Eisebunnsstrecken huet d'Eisebunn eng natierlech Monopolstellung an, am Krichsfall, strateegesch militäresch Missiounen.
„Integréierten Transport“: déi staark géigesäiteg an technesch bedéngt Ufuerderungen tëscht der Infrastruktur an dem Zuchbetrib hunn an Europa dozou gefouert datt gréisstendeels integréiert Eisebunnsentreprisen entstane sinn. Dat wëllt soen datt dës Gesellschafte souwuel d'Gestioun vun hirem Streckenetz wéi och d'Exploitatioun vun den Zich bedriwwen hunn. Déi aktuell EU-Politik wëllt an Zukunft d'Exploitatioun vun den Zich opmaache fir all Konkurrent an d'Gestioun vun de Gleisanlage vu getrennten Entreprisë maache loossen.
Déi éischt Schinnebunne ware sekundär Industriebunnen, meeschtens Bunnen déi en Uschloss vu Karriären a Minièren u Flëss an der Noperschaft gebilt hunn. Eréischt de Bau vu leeschtungsfäegen a betriibssécheren Damplokomotiven hunn der Eisebunn eng Dominanz am Verkéierssystem vum19. Joerhonnert erméiglecht, well et domat méiglech gouf grouss Laaschten mat Vitessen ze transportéieren déi an derPostkutschenzäit net méiglech waren. D'Industrialiséierung an de Bau vun Eisebunnen hu sech géigesäiteg beaflosst a gefërdert, sou datt an der allgemenger Opfaassung d'Eisebunn zesumme mat den Damplokomotiven entstanen ass, deemno am Ufank vum19. Joerhonnert wat dermat ugefaangen huet wéi1803 deRichard Trevethick déi éischtDamplokomotiv entwéckelt hat, an1825 anEngland tëschtStockton anDarlington déi éischt Eisebunnsstreck opgemaach gouf, a schliisslech well demGeorge Stephenson sengRocket och ëm déi Zäit als déi éischt sougenanntmodern Lokomotiv sech am Lokomotivbau konnt duerchsetzen a sou den zukünftege Lokokomotivbau markéiert huet. Sou gouf Eisebunn1825 an England „gebuer“ an zwar am Zesummenhank mat der industrieller Revolutioun. Déi éischt Streck um europäesche Festland ass aFrankräich tëschtSaint-Étienne anAndrézieu1827 a Betrib gaangen.
Déi éischt Systemer déi als Virleefer vun der Eisebunn kënne betruecht ginn, gouf et amMëttelalter an de Minièren, wou d'Weenercher scho geleet goufen, fir datt se net all Ament sollten an d'Säitewänn knuppen. Se si sou op Brieder gefuer, déi op der Säit mat Dunne begrenzt waren, änlech wéi d'Metroen dat haut op Bëtong maachen. Déi éischt Waggonsrieder déi schonn op enger Zort Metallschinn gerullt sinn, gouf et an England. Se waren aus Goss an haten zwéiSpuerkränz.
Sou ass tëscht dem Mëttelalter an derRenaissance an de Minièren, am Ufank op hëlze Schinnen, mat primitive Weichen an Dréischeiwen en Transportsytem entstane bei deem d'Buggien entweeder eenzel oder gruppéiert vu Mënschen oder Déiere gedréckt a gezunn goufen. Verschidde fréier Enzyklopedië wéi d'Cosmographie universelle vu1550 vumSébastien Münster déi d'Minieresnetz amLebertal beschriwwen huet, oder ochDe re metallica vumAgricola vu1556 dee Weenercher beschreift déi op hëlze Schinne fueren, sinn Zeien dovun.
Gosse Schinnen an L-Form, an Egland goufe sou StreckePlateway genannt.Reschter vun de stenge Schinne vumHaytor Granite Tramway
Mat der grouuser Aktivitéit déi bei der englescher industrieller Revolutioun entstanen ass, goufe Massentransportmëttele gebraucht besonnesch fir den Transport vu Kuele wat grouss eng Finanz- an Energiequell war. Besonnesch wichteg waren Transportverbindunge vun de grousse Stied am Banneland mat denHafestied. Dofir hunn d'Bauingenieuren versicht fir sou séier wéi méiglech, do wou deKanalbau wéinst topographesche Schwieregkeeten ze komplizéiert oder ze deier war, déi wéi si sotenDréche Kanäl ze bauen. Et goufen eng sëllege kuerz Strecke gebaut, déi Häfe mat Stied am Banneland, déi net ze wäit ewech waren, verbonnen hunn. Verschiddener waren un Nopeschstrecken ugeschloss, besonnesch aWales wou Industrialiséierung scho méi wäit fortgeschratt war a wou de Kuelentransport oder dee vun anere schwéiere Gidder huet musse gemaach ginn. Am Ufank war d'Technik einfach, stenge Placke mat enger breeder Rill, hëlze Schinnen, déi geschwë mat Eisebänner beschloe goufen, duernogosse Schinne vun de verschiddenste Formen (platt, mat engem Bord (L-Form) an T-Form etc), stenge Bléck wou déi kuerz Schinnestécker droplouchen, duerno hëlze Schwellen déi dacks einfach nëmmen op eng riichtgezunne Pist geluecht goufen. Sou huet England am 17. Joerhonnert intensiv un engem Eisebunnsnetz geschafft dat de Virleefer vun de groussen Eisebunne vum Joerhonnert duerno war.1604 hat denHuntingdon Beaumont e sougenannteWagonway gebaut fir Material aus enger Grouf beiNewcastle ze transportéieren.Päerd hunn déi eidel Buggie biergop gezunn, a wa se geluet waren, si se praktesch vum selwen de Bierg erof gelaf. D'Streck hat bis zu 600 Buggie lafen, wat fir déi Zäit en enorme Fuerpark war.
D'Pëtrolskris vun1973 huet der Eisebunn en neien Opschwonk bruecht.ICE (InterCityExpress) an TGV (Train à Grande Vitesse) goufen entwéckelt an op d'Schinne gesat.
ZuShanghai aChina ass eng 43 km laang „Magnéitschwiefbunn“ a Betrib geholl ginn.