De landschaftleche Charakter vun Egypten ass geprägt vum Géigesaz tëscht deWüstegebidder an dem dicht bewunnten a bewässerte Land ronderëm denNil. Dës Landfläch mécht zirka 5 % vum Territoire aus.
Am Weste vun Egypte läit d'Libesch Wüst, déi ronn zwee Drëttel vun der Staatsfläch anhëlt. Am Norde vun dëser Wüst läit den zimmlech niddreg geglidderteLibesche Plateau, deen an Egypten bis zu 241 m héich gëtt. Südëstlech vun dësem Gebitt fält den Terrain an op knapps 134 m ënner demMieresspigel erof, am Südwesten hieft e sech bis op 1.098 m héich erop. Am Oste vun Egypten, wou d'Arabesch Wüst läit, ginn d'Bierger bis zu 2.184 m héich. Den héchste Bierg vum Land ass deGabal Katrîna (Katharinebierg) an deGabal at- Bierger mat 2.637 m. Dës Bierger sinn op derSinai-Hallefinsel am Nordoste vum Land a sinn duerch deSuezkanal vum afrikanesche Festland getrennt. De Mëtteldeel vum Land ass am Duerchschnëtt ëm déi 500 m héich.
Tëscht d'Wüsten duerch fléisst denNil, deem säi Quellfloss,Kagera, am Biergland vuBurundi läit. Den Nil leeft op ronn 1.550 km an Egypte vu Süden no Norden, ier en, nodeem en duerch d'Nildelta, wat 24.000 km² grouss ass, an d'Mëttelmier fléisst. Ronn 100 km südwestlech vuKairo läit deFayyum Baseng, deen 1.827 km² grouss ass, an engbaseng-aartegOaselandschaft ass, an där hirem Norddeel den 230 km² grousseQarun-Séi läit.
AmNildelta an op der Mëttelmierküst herrscht emediterrant Klima, am Wanter ginn d'Temperaturen erof, an et reent. De Rescht vum Land läit ënner dem Wüsteklima: Waarm an dréchen am Summer, mëll am Wanter, ouni wierklech ernimmenswäerten Néierschlag a mat laangen Drécheperioden.
Den Ufank vun der egyptescher Zivilisatioun läit ongeféier 7.000 Joer zeréck an der Vergaangenheet. D'egyptesch Geschicht gëtt a vill Epochen ënnerdeelt:
Speziell d'Andeelung vun degeschichtleche Perioden an der virchrëschtlecher Zäit geet op deManetho zeréck, deen d'Herrscherlëschte vum alen Egypten bis zum leschte Pharao an 30Dynastien agedeelt hat.
Egypten ass zanter dem18. Juni1953 engRepublik. De Staatschef war zanter dem14. Oktober1981 deMuhammad Husni Mubarak, dee gläichzäiteg och de Leader vun der Nationaldemokratescher Partei war. All sechs Joer koum et zu engem Referendum iwwer d'Wal vun engem Presidentschaftskandidat, dee vum Parlament virgeschloe gouf. Laut enger Ukënnegung vum Mubarak vum26. Februar2005 sollten doraus awer an Zukunft fräi Wale mat méi Kandidate ginn.
Déi lescht Walen (2000) fir déi 454 Sëtz vum "Rot vum Vollek" (10 Sëtz gi vum President verginn) huet d'NDP mat 86 % gewonnen, duerno koumen d'Onofhängeg (dorënner Kandidate vun derMoslembrudderschaft) mat 8 %, d'Nei Wafd-Partei (NWP) mat 2 %, d'Nationalprogressiv GewerkschaftsvereenegungAl-Tagammu‘ (NPUG) mat 1 % an d'Nasseristesch Partei souwéi d'Liberal Partei mat manner wéi 1 %.
Opgepasst: Bei zwou Transkriptiounsméiglechkeete, getrennt duerch e Komma, stellt déi éischt déihéicharabesch Variant duer, déi zweet d'Egyptesch-arabesch Variant.
D'Ekonomie vun Egypte gëtt och haut nach duerch d'Landwirtschaft geprägt, déi sech haaptsächlech op de Regioune laanscht denNil, amNildelta an an eenzelenOasen ass. Dobäi huet sech de landwirtschaftlechen Ubau vun engerSubsistenz- zu enger Exportorientéierung gewandelt, soudatt relativ betruecht manner landestypesch Nahrungsmëttel wéiHirse,Saubounen aKabes ugebaut ginn. Zirka 17 % vumBruttoinlandsprodukt kommen aus der Landwirtschaft (Stand: 2000). Trotzdeem ass Egypten net fäeg, seng Bevëlkerung, déi staark am Wuessen ass, z'ernieren, soudatt vill Liewensmëttel importéiert musse ginn - am Joer 1980 goufen iwwer 5 Mio. TonneWeess aus dem Ausland agefouert respektiv dräimol sou vill wéi an Egypten selwer ugebaut gouf. D'Liewensmëttelaféierung mécht ee Véirel vum Gesamtimport aus, wat zirka 3 Mrd. US-Dollar entsprécht. Ausserdeem existéiert en enormt Mëssverhältnis tëscht Im- anExport, wat zu enger enormer Auslandsverscholdung gefouert huet. Dëse Problem wäert sech och sou séier net léise loossen, well den Terrain an Egypten, bis op déi Deeler déi scho benotzt ginn, net fir Landwirtschaft gëeegent ass, well de Buedem immensarid ass, an et kaum Waasserquelle fir eng kënschtlech Bewässerung gëtt. E weideren negative Punkt fir de Liewensmëttelubau an Egypten ass de Bau vumAssuan-Staudamm; hien huet dofir gesuergt, datt d'Iwwerschwemmung vum Nil bal net méi existéiertert an domat d'Ubaufläch méi kleng a méi onfruchtbar gi sinn. Zurzäit ginn awer am Kader vumToshka-Projet Deeler vun der egyptescherWüst westlech vumNil fir d'Landwirtschaft notzbar gemaach.
E weidere wichtegen Ekonomiesecteur ass denTourismus, deen no den Terroruschléi op touristesch Ziler an den90er Joren awer zäitweis staark huet missen abéissen (Luxor 1997, Sinai 2004 an 2005 an 2006 zuDahab).
DenTourismus ass eng vun de wichtegste wirtschaftleche Ressource vum Land. Besonnesch d'egyptesch Altertümer sinn e grousse Magnéit fir Besicher aus dem Ausland. NieftGizeh aKairo gëtt ochLuxor gär besicht, vu wou aus een ënner anerem denDall vun de Kinneken erreeche kann. Luxor ass och den Ausgangspunkt fir Nilcroisière bis opAssuan. Vun do gi Fluch- oder Bustouren opAbu Simbel ugebueden. Déi meescht Reesveranstalter bidden en Inlandsvol op Kairo, an eng Plagevakanz opHurghada un.
D'Touristenhéichbuerg ass ouni ZweiwelHurghada um Roude Mier. D'modern TouristenuertschaftSharm El-Sheikh op der Südspëtzt vun derSinai-Hallefinsel ass besonnesch bei Frënn vumDauchsport immens beléift, an de leschte Jore koumen awer och ëmmer méi Ënnerwaasser-Sportler op Dahab, wat nërdlech dovu läit. Duerch den Dauch-Tourismus, deen ëmmer méi an d'Luucht geet, ginn och Plaze südlech vun Hurghada, laanscht d'westlech Küst vum Roude Mier, erschloss. Dozou zielenal-Qusair,Marsa Alam, anZabargad kuerz virun der sudaneesescher Grenz.
Allerdéngs ass den Touristestuerm op Sharm El-Sheikh an d'Sinai-Hallefinsel zanter den Uschléi amOktober2004 aJuli2005 staark zeréckgaangen. Zu Dahab koumen de24. Abrëll2006 bei dräi Explosiounen 23 Mënschen ëm d'Liewen, dorënner vill Touristen.
Staatsbudget fir Gesondheet, Bildung a Verdeedegung
D'Majoritéit vun der egyptescher Bevëlkerung sinnAraber. Doriwwer eraus liewen am Süde vun Egypten d'Nubier. An derLibescher Wüst hu fréierBerberstämm gewunnt, vun deenen haut awer nëmmen nach e puer an der OasSiwa engBerbersprooch schwätzen, an de Wüsten ëstlech vum Nil liewen arabesch- aBedscha-sproocheg Nomaden.
Egypten ass laut sengerConstitutioun en islamesche Staat an denIslam ass d'Staatsrelioun, d'Scharia ass d'Haaptquell vun der Gesetzgebung.Nieft dersunittescher Majoritéit fënnt een zu Kairo an Alexandria, awer och a Mëttel- anUeweregypten,Chrëschten, virun allemKopten, déi net selen an Dierfer mat chrëschtlecher Majoritéit liewen. Eng amtlech Zielung vun de Chrëschte gouf bewosst net duerchgefouert, opschonn d'Relioun an de Pass muss agedroe ginn.
85-90 % vun den Egypter si Moslemen (meeschtens Sunitten), 7-13 % si koptesch Chrëschten (meeschtens orientalesch-orthodox, e klengen Deel och koptesch-kathoulesch), de Rescht verdeelt sech op griichesch-kathoulesch a protestantesch Chrëschte souwéi Judden.
Besonnesch an Ueweregypten sinn déi als chrëschtlech Minoritéit dacks benodeelegt Kopten Zil vun Terror a Schutzgelderpressunge vu radikale Mosleme ginn, heefeg mam Wësse vun de lokalen Autoritéiten. Moslemen, déi zum Chrëschtentum iwwertrieden, musse mat staatlechen Zwangsmoossname rechnen. Nei koptesch Kierchen däerfen net gebaut ginn, och kleng Reparature brauchen e Presidialdekret. D'Kopte beusproche fir sech, déi direkt Nofollger vun der alegyptescher Bevëlkerung vun der Pharaonenzäit ze sinn. Aus hirem Numm ass dat griichescht Wuertaigiptios ginn, wat am LëtzebuergeschenEgypten gouf.
Engersäit ass d'Ausleeung vum Islam an Egypten immens modern a fortschrëttlech, besonnesch duerch d'al-Azhar-Universitéit. Anerersäits ass Egypten zanter Joerzéngten (nieftSaudi-Arabien) och en Zentrum vumislamesche Fundamentalismus. Sou ass d'Moslembrudderschaft hei aktiv an amOsama bin Laden senger Terrorgrupp al-Qaida ware schonn zu Zäite vum11. September2001 immens vill Egypter a Féierungspositiounen. Deels sti si bis haut mat un der Spëtzt. Datt si hirheemesch Wuerzele gekappt hunn, ass net warscheinlech. D'islamistesch-fundamentalistesch Zeen gesäit de Kampf géint Westler, wéi z. B. zu Dahab (Sinai) am Abrëll 2006, als Bestanddeel vun engem gerechte Kampf géint en ongerechte System, e gottlose Staat an eng westlech-jiddesch Verschwörung géint den Islam un.
An der OasSiwa gëtt nach engBerbersprooch geschwat, dat sougenannteSiwi.Am Süden an an der OasCharga schwätze vill MënschenNubesch. Am Südoste gëtt et och Leit déiBedscha schwätzen.
Als Friemsprooch assEnglesch an an der Uewerschicht ochFranséisch verbreet.
D'Bevëlkerung vun Egypten wiisst immens séier, a stellt d'Land, wat schonn nëmmen op senge fruuchtbaren Deeler bewunnt ass, viru grouss Problemer. Ëm1800 hat d'Land nëmmen eng ronn 2,5 Milliounen Awunner. Am Joer1900 huet d'Bevëlkerung d'12,5 Milliounen Awunner erreecht,2000 waren et scho bal 68 Milliounen. An der Vergaangenheet, zirka zu der Zäit vun de Pharaonen, hat d'Land tëscht 4 bis maximal 12 Milliounen Awunner - eng Bevëlkerungszuel déi wuel och an derSpéitantiquitéit erreecht gouf.
No dePtolemäer an deRéimer huet d'egyptesch Musek Aflëss aus dembyzantinesche,perseschen a - virun allem - arabesche Raum integréiert. An Egypten hu virun allem d'Traditioune vun deBeduinen,Saiyidis anNubier d'egyptesch Volleksmusek beaflosst.
Déi haiteg egyptesch Musek gëtt an zwou Gruppen agedeelt: