EnEemer ass e waasserdichten, vertikalen huelenZylinder, deen och d'Form vun enger ofgeschniddenerKeel kann hunn, deen uewen op ass an deen zum dacksten e flaache Buedem huet. En déngt dozou, Flëssegkeeten oder och alt fest, éischter reng Matièren, ze transportéieren. Meeschtens ass eng labber Hänk drun, fir e besser ze droen, an och, fir e méi einfach ausschëdden ze kënnen.
Eemere gouf et der schonn an derSteenzäit, fir Waasser ze transportéieren. Si ware fréier aus Holz oderLieder, méi spéit ausMetall, a sinn haut dacks ausPlastik.
E modernen Eemer huet gewéinlech e Faassungsvolume vu ronn 10Liter.
D'WuertEemer kann een etymologesch iwwer Mëttelhéichdäitsche(i)nber, e(i)mber, Alhéichdäitscheimpar als Léinwuert vum laténgeschenamphora ("Krou mat Grëffer") zeréckféieren.