Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Dunkerque

Vu Wikipedia
Dunkerque
D'Stadhaus, Rigodon an der Fuesent, de Memorial vun der Operatioun Dynamo, d'Statu vum Jean Bart, de Containerquai am Mierhafen, d'Arrivée bei de Quatre jours de Dunkerque 2010 an d'Plage vu Malo-les-Bains.

D'Stadhaus,Rigodon an der Fuesent,
de Memorial vun derOperatioun Dynamo,
d'Statu vumJean Bart,
deContainerquai am Mierhafen,
d'Arrivée bei deQuatre jours de Dunkerque 2010
an d'Plage vuMalo-les-Bains.
D'Stadhaus,Rigodon an der Fuesent,
de Memorial vun derOperatioun Dynamo,
d'Statu vumJean Bart,
deContainerquai am Mierhafen,
d'Arrivée bei deQuatre jours de Dunkerque 2010
an d'Plage vuMalo-les-Bains.
LandFrankräich
RegiounHauts-de-France
DepartementNord
ArrondissementDunkerque
KantonDunkerque-1
Dunkerque-2
Grande-Synthe
Postcode59140, 59240,
59430, 59640, 59279
Gemengecode59183
Koordinaten51° 02’ 18’’ N
      02° 22’ 39’’ O
Fläch 4 389 ha
Bevëlkerung 89.882(1. Januar 2013)

Dunkerque ass eng franséisch Stad a Gemeng,Sous-préfecture vumDepartementNord. Mat 89.882 Awunner (1. Januar 2013) ass Dunkerque déi fënneftgréisst Stad an derRegiounHauts-de-France. Se läit am Zentrum vun derCommunauté urbaine de Dunkerque Grand Littoral, an där 17 Gemengen zesummegeschloss sinn, a woura ronn 200.000 Leit liewen. Dunkerque ass ausserdeem déi nërdlechst Stad a Frankräich, just 10 km vun der belscher Grenz ewech

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

D'Geschicht vun Dunkerque ass enk mamNordmier verbonnen. Et gouf virun iwwer dausend Joer als Fëscherduerf, op enger Sandbänk, gegrënnt. Nodeems eng Kapell do opgeriicht gouf, krut et säin hollänneschen Numm:Duinkerk- "Düne-Kierch". Wärend senger Geschicht huet Dunkerque zu derGrofschaft Flandern, dem KinnekräichSpuenien, demengleschen afranséische Kinnekräich gehéiert. De 25. Juni 1658 huet d'Stad dräimol hir Nationalitéit gewiesselt. Nodeems de 27. Oktober 1662 deLouis XIV. et vum englesche KinnekCharles II. ofkaaft hat, gouf Dunkerque definitiv franséisch. DeVauban huet et dann och huerteg zu enger imposanter Festungsstad ausgebaut. Zu där Zäit huet och de bekannte KorsarJean Bart do gelieft. Wärend derFranséischer Revolutioun krut d'Stad den NummDune libre. AmÉischte Weltkrich gouf Dunkerque a säin Hafen uerg vun däitscher Säit bombardéiert. Am Ufank vumZweete Weltkrich, koum et do zu derOperatioun Dynamo an derBelagerung vun Dunkerque.

DeCarnaval de Dunkerque ass iwwer d'Stad eraus bekannt, en zitt sech bal 2 Méint laang duerch d'Fueszäit.

Verkéier

[änneren |Quelltext änneren]

Schëfffaart

[änneren |Quelltext änneren]

De Mierhafen (Grand port maritime de Dunkerque) ass deen drëttgréisste vu Frankräich an och dee gréissten Employeur. Eng jett Industrien hu sech do néiergelooss, wéiArcelor Mittal,Air liquide,Europipe oder petrocheemesch Installatiounen.

Iwwer den Hafe vu Dunkerque huet d'Banneschëffaart Uschloss un de franséischen a belscheKanalsytem. Net manner wéi fënnef Schëffskanäl hunn oder haten do am Laf vun der Zäit, hiren Ufank. Dat sinn:

Stoossen- an Eisebunnsréseauen an der Géigend

Autosverkéier

[änneren |Quelltext änneren]

Dunkerque läit no bei zwou Autobunnen, der A25 vuBergues opLille, an der A16/E40 vuL'Isle-Adam op d'belsch Grenz. Et läit och um Trajet vun der fréierer N1 (haut: D601 am Departement Nord), der N225 (déi d'A16 mat der A25 verbënnt) an der ex-N353 (zënter 2005: D625).

Eisebunn

[änneren |Quelltext änneren]

D'Gare vun Dunkerque huet eng direktTGV-Verbindung mat derGare Paris-Nord. Mat derTERGV kënnt een op d'Gare Lille-Europe, déi ë. a. enEurostar-Uschloss fir opLondon oderBréissel huet, an TGV-Verbindungen opBordeaux,Lyon oderMarseille. 20-mol den Dag huet een och eng Verbindung mat derGare Lille-Flandres. Weider Verbindunge gëtt et matCalais anArras (viaHazebrouck).

D'Gare vun Dunkerque ass, mat engem Trafic vu ronn 12 Milliounen Tonnen d'Joer, déi gréisst Marchanisë-Gare vu Frankräich.

Kuckeswäertes

[änneren |Quelltext änneren]
  • DenTour du Leughenaer, (Tuerm vum Ligener) aus dem15. Joerhonnert.
  • D'KapellNotre-Dame-des-Dunes aus dem 15. Jh.
  • D'Kierch Saint-Éloi aus dem16. Joerhonnert, mat enger neigotescher Fassad aus dem19. Joerhonnert.
  • DeBeffroi Saint Eloi aus dem 13. - 15. Jh. Uewendrop ass eCarillon mat 50 Klacken.
  • D'Porte de la Marine, eng Paart vun der Vaubansfestung.
  • Den Hafemusée am Bassin du Commerce
  • DeMémorial du Souvenir iwwer d'Schluecht vun Dunkerque an d'Operatioun Dynamo.
  • e puer Konschtmuséeën
  • dräiScherzer-Rullklappbrécken am Hafen, wovun déi vun der Schleis Charles de Gaule fir den Ament (2016) ofgeriicht ass an nieft dem Schleisebaseng steet fir renovéiert ze ginn.
  • deLiichtuerm vun Dunkerque ochPhare vum Risban genannt, ee vun den héchsten a Frankräich.
  • d'Appartementshaiser um Quai de la Cunette.
  • De Beffroi
    De Beffroi
  • Saint-Éloi
    Saint-Éloi
  • Stadhaus
    Stadhaus
  • Tour du Leughenaer
    Tour du Leughenaer
  • Plage vun Dunkerque
    Plage vun Dunkerque
  • D'Muséesschëffer Duchesse Anne a Sandettié virum Hafemusée
    D'MuséesschëfferDuchesse Anne aSandettié virum Hafemusée
360°-Panorama vun Dunkerque.

Kuckt och

[Quelltext änneren]


Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Dunkerque – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Dunkerque&oldid=2601593
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp