DenDromedar (Camelus dromedarius), och altArabescht Kaméil genannt, ass engMamendéierenaart aus derGattungCamelus bannent derFamill vun deKaméiler (Camelidae). En ass a groussen Deeler vunAsien anAfrika verbreet, wou en als Notz- an Drovéi gehale gëtt. A senger Wëllform ass en ausgestuerwen.
Si hunn ee Bockel, wat se vumKaméil (...), dat der zwéin huet, ënnerscheet. Vu Kapp bis Hënner kënne se 2,3 bis 3,4 Meter laang ginn, bei enger Schëllerhéicht vun 1,8 bis 2,3 Meter an engem Gewiicht vun 300 bis 700 Kilogramm. Si hunn e laangen Hals, op deem e laanggezunne Kapp sëtzt. Hir Féiss hunn, wéi all Kaméilen (ochLama,Alpaka,Vikunja,Guanako a Südamerika), zwou Zéiwen, déi amplazHouf eng Zort Polsteren hunn. HireMo besteet aus méi Kummeren, wat hinnen et méi einfach mécht, de Planzekascht ze verdauen.
Si sinn dem dréchene Klima ugepasst a kënnen aWüstegéigende liewen. Si komme laang ouni Waasser aus, well se dat am Kierper späichere kënnen. Hiren Höcker huet Fettreserven, aus där wann néideg Energie gewonne ka ginn.
E. Mukasa-Mugerwa:The Camel (Camelus Dromedarus): A Bibliographical Review. International Livestock Centre for Africa, Addis Abeba 1981,ISBN 92-9053-013-8.
Ilse U. Köhler-Rollefson:Camelus dromedarius. In:Mammalian Species. 375, 1991, S. 1–8,doi:10.2307/3504297.