Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Drüs

Vu Wikipedia
Schematesch Representatioun vun den Drüsentyppen

An derAnatomie ass engDrüs (lat.:glandula) enOrgan oder engZell amKierper vum Déier, dat eng chemesch Substanz produzéiert an entweder an deBluttkreeslaf oder an eng Hiel vum Kierper oder un der baussenzeger Uewerfläch ofgëtt.

Drüse spillen eng entscheedend Rolle beim Oprechterhalen an der Reguléierung vu ville liewenswichtege Prozesser am Kierper.[1]

Et ginn zwou Aarten Drüsen, déi jeeweils eng aner Aart vun derSekretioun opweisen.Endokrinn Drüsen hu keng Kanäl, iwwer déi se hire Produit kënnen ausschëdden; si ginn hir Produkter (d'Hormoner) direkt an d'Tëscheraim of, wou si an de Bluttkreeslaf opgeholl ginn. Wichteg endokrinn Drüsen am mënschleche Kierper sinn zum Beispill d'Schilddrüse an d'Nieweschilddrüsen.Exokrinn Drüsen schëdden hir Produkter iwwer e Kanal an eng Kierperhiel oder op déi baussenzeg Uewerfläch. Beispiller heifir sinn d'Schweesdrüsen an der Haut, d'Speicheldrüsen amVerdauungstrakt, d'Bronchialdrüsen an denOtemweeër, d'Tréinendrüsen an d'Prostatt.[2]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Drüsen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. medi-karriere.de:Drüsen
  2. DocCheck Flexikon:Drüse
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Drüs&oldid=2546658
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp