DëseMuseksartikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Akademie der Künste der DDR,American Academy of Arts and Sciences, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Accademia Nazionale di Santa Cecilia, Académie des beaux-arts
Gielercher
Stalinpräis, Staatspräis vun der UdSSR, Leninuerden, Vollekskënschtler vun der UdSSR, Leninuerden, Leninuerden, Stalinpräis, Stalinpräis, Stalinpräis, Stalinpräis, Ordre des Arts et des Lettres, Ordre du Mérite vun der Republik Éisträich
Vum Papp senger Säit hier staamt seng Famill ausPolen; se huet zuWilna gewunnt. Méi spéit ass se opKasan an opTomsk geplënnert. Déi Dokumenter, déi erhale sinn, weisen eng verwurrelt Auswiel vu Variante vum Numm: Szostakowicz, Szostakiewicz, Szestakowicz a souguer Szustakiewicz.
De Papp, den Dmitri Boleslawowitsch Schostakowitsch, deen an der Tëschenzäit zu Sankt Péitersbuerg gewunnt huet, huet sech1903 mat enger jonker russescher Pianistin, der Sofia Wassiljewna Kokoulina betued. D'Koppel hat am Ganzen dräi Kanner, den Dimitri war dat zweet dovun. Obwuel et eng Famill war mat enger musekalescher Traditioun, huet sech de Jong virleefeg kaum fir Musek intresséiert. D'Mamm huet et awer fäerdeg bruecht, den Interessi vum klengeMitja a senger grousser Sëschter op dePiano ze bréngen.
D'musekalescht Talent vum Jong huet sech duerch de Pianosunterrecht entwéckelt an den Dimitri huet geschwënn seng éischt Kompositioune geschriwwen.1917 gouf deen Eelefjäregen Zeien, wéi bei enger Demonstratioun en Aarbechter vu Polizisten erschoss gouf. Doropshin huet de "Mitja" engHymn un d'Fäiheet an enTrauermarsch fir d'Affer vun der Revolutioun geschriwwen.
..zerbriechlech, schwaach, no banne gekéiert, antikonformistesch, ouni Limitten a reng wéi e Kand..
Sou huet de Michail Soschtschenko säi Bekannten, de Schostakowitsch, an engem Bréif beschriwwen, deen hien der armeenescherSchrëftstellerin Marietta Schaginjan geschéckt huet.
Zu der Zäit, wou de Komponist sech vun der 2. Sinfonie erholl huet, léiert hien d'Gesëschter Warsar kennen, d'Meedercher vun engem bekannte Jurist. Déi jonk Leit hunn hir Owender mat Pokerspille verbruecht. Bei all Geleegenheet huet de Schostakowitsch d'Famill Warsar besicht. D'Nina hat him et ugedoen, mä hatt hat säi Mathematik- a Physikstudium nach net ofgeschloss. Dovu war seng Famill nach laang net begeeschtert. Mä déi zwee Verléift krute sech duerchgesat, an d'Houchzäit war den13. Mee1932. Dat war schonn den zweeten Ulaf, well e puer Méint virdrun hätt se solle sinn, mä do war de Bräitchemann net do: De Schostakowitsch, deen déi Zäit an enger séilescher Kris war, ass eréischt e puer Deeg drop komplett depriméiert opgedaucht.
Ech ëmfanne Leed, dat net ze heelen ass fir all déi, déi den Hotler ëmbrucht huet. Awer ech ëmfannenen net manner Leed, wann ech un déi denken déi de Stalin ëmbrénge gelooss huet. De Schostakowitsch a senge Memoiren.
Mat der Fënnefter Sinfonie huet de Schostakowitsch den18. Abrëll1937 op derKrim ugefaangen. En huet sech déi Zäit zu Gaspra opgehalen, eng Plaz, déi hien u seng glécklech Kannerjoren an u seng Frëndin Tatjana Gliwenko erënnert huet. Wéi hie méi spéit erzielt huet, schrouf en den drëtte Saz bannen dräi Deeg. Wéi en d'Krim den 2. Juni verlooss huet, hat e schonn dräi Sätz fäerdeg.
Wéi en zeréck zu Lenigrad war, gouf e gewuer, datt de Mann vu senger Sëschter verhaft gi war, a si selwer a Sibirien deportéiert gi war. D'Gewerkschaft vun de leningrader Komponisten hat decidéiert, de Schostakowitsch sollt hinnen emol säi Wierk presentéieren, datt sech kéint feststelle loossen, ob et der Ëffentlechkeet konnt zou gemutt ginn. De jonken DirigentJewgeni Mrawinski, 34 Joer al, sollt d'Uropféierung, dirigéieren. De Concert war am grousse Sall vun derLeningrader Philharmonie. D'Prouwen hu fënnef Deeg gedauert. Wärend d'Leit an d'Hänn geklappt hunn, huet de Mrawinski iwwer eng hallef Stonn mat der Partitur an der Loft ëm sech geschloen.
No där Virstellung gouf dat Wierk offiziell als de Retour vum verluerene Jong ënner de Rack vun der stalintreier Kulturpolitik presentéiert. De Schlussmarsch gouf laang asl Verherrlechung vum Regime ugesinn. A Wierklechkeet war et de geneeë Géigendeel: Eréischt nodeem d'Memoiren publizéiert waren, sinn dem Schostakowitsch seng Kiritiker geuwer ginn, datt denTriumphmarsch a wierklechkeet enDoudesmarsch ass.