![]() |
Dësen Artikel gehéiert zur SerieLiteratur |
Lëtzebuergesch Literatur |
Literaturgeschicht |
Antiquitéit -Mëttelalter |
Literaresch Formen |
Liest heizou och |
Nationen a Sproochen |
Amerikanesch -Englesch |
Discworld ass eng Serie vu méi wéi 30 Bicher vumTerry Pratchett déi op engerFantasy-Welt spillen, déi Discworld heescht, op Lëtzebuergesch: Scheiwewelt.
Et ass eng Scheif, e bësse sou wéi sech d'Leit aus demMëttelalter d'Äerd virgestallt hunn. Dës Scheif gëtt vu véier Elefante gedroen an déi stinn um Réck vun der gigantescher Risen-Deckelsmouk Great A'Tuin, déi gemittlech duerch de Weltraum schwëmmt.
Dës Welt huet seng ganz eegen Naturgesetzer, mä souguer déi ginn zimmlech dacks vun der Zauberkraaft gebéit déi op dëser Welt ëmmer present ass.
D'Iddi vun enger Deckelsmouk-dréit-Elefant-dréit-Welt ass eng Indo-Europäesch déi et ganz besonnesch amHinduismus gëtt. Do heescht déi DeckelsmoukChukwa. Zum Theema kann een och noliesen amThe King and I an amBrewer's Dictionary of Phrase and Fable.
Zanter der éischter Geschicht,1983The Colour of Magic, ass se ëmmer méi bekannt ginn, a mëttlerweil gëtt et Theaterstécker, Musek a Comics déi vun dëser Welt inspiréiert gi sinn. Nei Bicher si reegelméisseg an de Bestseller-Lëschte vun derThe Sunday Times, de Pratchett war an den Nonzeger Joren de meeschtverkaaften englesche Schrëftsteller, haaptsächlech wéinst sengen Discworld Bicher. An der Tëschenzäit ass hie vun derJ.K. Rowling mat demHarry Potter iwwerholl ginn. Discworld Bicher hunn och eng Rei Auszeechnunge kritt, wéi denPrometheus Award an d'Carnegie Medal. An derBBC hiremBig Read ware véier Discworld Bicher an den Top 100, am Ganze véierzéng an den Top 200.
Méi wéi 30 Bicher an e puer Kuerzgeschichte spillen an der Scheiwewelt. All Bicher vumPratchett, op d'mannst déi englesch Editiounen, hu Schutzemschléi déi vumJosh Kirby (gestuerwen amOktober2001), gemoolt sinn. Zanter dem Doud vum Kirby huet den ArtistPaul Kidby d'Bicherëmschléi gemaach.
Sou zimmlech all Discworld Bicher hu keng Kapitel-Andeelungen. Meeschtens sinn et verschidde Geschichten déi matenee verwuewe sinn. Dat lescht Buch aus der SerieGoing Postal ass dat éischt mat engem Prolog an Epilog.
Vill vun de Figure kommen ëmmer erëm an de verschiddene Bicher vir an et kann een eng Evolutioun bei hinne gesinn. Vu datt verschidde Bicher och an der selwechter Stad spillen, kann et och virkommen datt eng Haaptfigur aus engem Buch, op eng Kéier eng Nieweroll an engem anere Buch spillt. Zu de Figure sief nach gesot, datt de Pratchett sech ëmmer vill Méi gëtt mat hiren Nimm, déi am Englesche ganz dacks eppes heeschen, wat de Charakter vun der Figur, physesch oder psychesch, beschreift. Sou heescht eng vun den Hexe Granny Weatherwax, wat op Lëtzebuergesch kéint heesche Bomi Wieder-Wues, a geneesou gesäit si och aus. Wann eng Hex Garlick (also Knuewelek) heescht, huet dat och säi Grond.
Déi ganz Geschichte kann een a verschidde Kategorien ënnerdeelen, wou zum Beispill Figuren an Theemen déi selwecht sinn:
Ganz dacks beschäftege sech Discworld-Bicher mat engem Theema dat aus dem Liewe gegraff ass.The last Continent spillt anAustralien a sou munnech australesch Eegenaarten dauchen op.Hogfather ass eng Geschicht wou et em Chrëschtdag geet.The Truth hëlt déi ganz Neiegkeete-Medien op d'Schëpp a beiMonstrous Regiment sinn zwee Länner am Krich géinteneen, a kee weess firwat.
Discworld Bicher:
Numm | Grupp | ISBN | Noten | Theemen |
---|---|---|---|---|
The Colour of Magic | Rincewind | Täschebuch:ISBN 0-552-12475-3 | Éischt Editioun1983. Plaz 93 amBig Read. | Fantasyclichés;Rollespiller |
The Light Fantastic | Rincewind | Täschebuch:ISBN 0-552-12848-1 | Éischt Editioun1986. | Fantasy clichéen |
Equal Rites | Hexen | Täschebuch:ISBN 0-552-13105-9 | Éischt Editioun1987. | Fantasy clichéen,Gläichberechtegung vu Mann a Fra |
Mort | Doud | Täschebuch:ISBN 0-552-13106-7 | Éischt Editioun1987. Plaz 65 amBig Read. | DenDoud a sengPersonifikatioun |
Sourcery | Rincewind | Täschebuch:ISBN 0-552-13107-5 | Éischt Editioun1988. | Fantasy Geschicht,Apokalypse |
Wyrd Sisters | Hexen | Täschebuch:ISBN 0-552-13460-0 | Éischt Editioun1988. Plaz 135 amBig Read. | Shakespeare, méi spezifeschMacbeth anHamlet |
Pyramids | Verschiddenes | Täschebuch:ISBN 0-552-13461-9 | Éischt Editioun1989. | Schoulgeschichten;Egyptesch Mythologie;Quantephysik |
Guards! Guards! | The City Watch | Täschebuch:ISBN 0-552-13462-7 | Éischt Editioun1989. Plaz 69 amBig Read. | Krimi,Rassenhond (Draachen) Ziichterei, Fantasy Geschicht |
Rincewind | Täschebuch:ISBN 0-575-60001-2 | Éischt Editioun1990. Am Original als 'Discworld story' erauskomm: grousst Format a voll illustréiert vumJosh Kirby; elo als normaalt Täschebuch ouni Illustratiounen. | Faust,Dante:Inferno,Homer:Iliad | |
Moving Pictures | Verschiddenes | Täschebuch:ISBN 0-552-13463-5 | Éischt Editioun1990. | Hollywood, deCthulhu Mythos |
Reaper Man | Doud | Täschebuch:ISBN 0-552-13464-3 | Éischt Editioun1991. Plaz 126 amBig Read. | Alien InvasiounSF, "Man With No Name"Western,Moderniséierung, Akafszentrum,Rechter vun de Minoritéitsbeweegungen |
Witches Abroad | Hexen | Täschebuch:ISBN 0-552-13465-1 | Éischt Editioun1991. Plaz 197 amBig Read. | Märercher,Voodoo anTourismus |
Small Gods | Verschiddenes | Täschebuch:ISBN 0-552-13890-8 | Éischt Editioun1992. Plaz 102 amBig Read. | Relioun, Philosophie |
Lords and Ladies | Hexen | Täschebuch:ISBN 0-552-13891-6 | Éischt Editioun1992. | Shakespeare,UFOs,Feeën |
Men at Arms | Staadwuecht | Täschebuch:ISBN 0-552-14028-7 | Éischt Editioun1993. Plaz 148 amBig Read. | Krimi |
Soul Music | Doud | Täschebuch:ISBN 0-552-14029-5 | Éischt Editioun1994. Plaz 151 amBig Read. | Rockmusek |
Interesting Times | Rincewind | Täschebuch:ISBN 0-552-14235-2 | Éischt Editioun1994. | China,Kommunismus |
Maskerade | Hexen | Täschebuch:ISBN 0-552-14236-0 | Éischt Editioun1995. | Oper;The Phantom of the Opera |
Feet of Clay | Staadwuecht | Täschebuch:ISBN 0-552-14237-9 | Éischt Editioun1996. | Krimi;Roboter |
Hogfather | Doud | Täschebuch:ISBN 0-552-14542-4 | Éischt Editioun1996. Plaz 137 amBig Read. | Chrëschtdag;Kleeschen |
Jingo | Staadwuecht | Haarden Deckel:ISBN 0-575-06540-0 | Éischt Editioun1997. | Krich, Diplomatie, Rassismus a Xenophobia, Multi-Kultur, Jingoism, Globaliséierung |
The Last Continent | Rincewind | Haarden Deckel:ISBN 0-385-40989-3 | Éischt Editioun1998. | Action/Abenteuer;Australien |
Carpe Jugulum | Hexen | Haarden Deckel:ISBN 0-385-40992-3 | Éischt Editioun1998. | Vampir Geschicht |
The Fifth Elephant | Stadwuecht | Haarden Deckel:ISBN 0-385-40995-8 | Éischt Editioun1999. Plaz 153 amBig Read. | Diplomatie,osteuropäesch Folklor a Literatur,The Maltese Falcon, Politesch-Komplottsgeschicht |
The Truth | Verschiddenes | Haarden Deckel:ISBN 0-385-60102-6 | Éischt Editioun2000. Plaz 193 amBig Read. | Watergate, Zeitungen,The Front Page anHis Girl Friday |
Thief of Time | Doud, oder Verschiddenes | Haarden Deckel:ISBN 0-385-60188-3 | Éischt Editioun2001. Plaz 152 amBig Read. | Wuxia a Filmer mat Arts Martiaux,Chaos,The Fab Four an d'Apocalypse |
The Last Hero | Verschiddenes | Haarden Deckel:ISBN 0-575-06885-X | Éischt Editioun2001. Publizéiert am Groussformat, illustréiert vumPaul Kidby. | Legenden,Prometheus,Dungeon&Dragons,Conan, de Barbar, deSpace Shuttle,Apollo 13, an deLeonardo da Vinci |
The Amazing Maurice and his Educated Rodents | Verschiddenes | Haarden Deckel:ISBN 0-385-60123-9 | Éischt Editioun2001. Ee Kannerbuch aus der Scheiwewelt. Am Joer 2001 Gewënner vun derCarnegie Medal. | Beatrix Potter,The Pied Piper of Hamelin,The Secret of NIMH |
Night Watch | Staadwuecht | Haarden Deckel:ISBN 0-385-60264-2 | Éischt Editioun2002. Am Joer 2003 dePrometheus Award gewonnen. Plaz 73 amBig Read. | Krimi, historesch Romaner (zum BeispillLes Misérables),Zäitreesen, déiFranséisch Revolutioun, dePeterloo Massaker |
The Wee Free Men | Tiffany Aching | Haarden Deckel:ISBN 0-385-60533-1 | Éischt Editioun2003. Nach een Discworld Kannerbuch. | Folklore, Mythen ausSchottland,Braveheart anHighlander,FeeënMolerei vumRichard Dadd |
Monstrous Regiment | Verschiddenes | Haarden Deckel:ISBN 0-552-14941-1 | Éischt Editioun2003. Den Titel ass inspiréiert vunThe First Blast of the Trumpet Against the Monstrous Regiment of Women. | Folklore Lidder (speziellSweet Polly Oliver), Fraleit déi sech als Männer ausgi fir an d'Arméi ze goen (wéi de ColonelGauntlett Bligh Barker), déiNapoleonesch Kricher,den éischte Weltkrich (speziell wat de Patriotismus ugeet, an d'"fir Chrëschtdag si mer nees doheem" Mentalitéit) |
A Hat Full of Sky | Tiffany Aching | Haarden Deckel:ISBN 0-385-60736-9 | Éischt Editioun2004. Discworld Kannerbuch. | D'Geschicht a Folklor vun den Hexen aus Groussbritannien,Ausserierdecher déi Gedanke kontrolléieren,Science Fiction |
Going Postal | Verschiddenes | Haarden Deckel:ISBN 0-385-60342-8 | Éischt Editioun2004. | Politik,Héichstaplerei,Wirtschaftskriminalitéit, Geschicht vun derPost, Wirtschafts-Monopol,häcken |
Wintersmith | Tiffany Aching | Kéint een neie Roman sinn, op der Convention 2004 ass een Extrait virgelies ginn. | ||
I Shall Wear Midnight | Tiffany Aching | Am 'The Art of Discworld'gëtt dovu geschwat, vläicht een neie Roman. | ||
nach ouni Titel | Rincewind | Warscheinlech een neie Rincewind Roman – aus dem 'The Art of Discworld', (et kéint awer och eng Referenz op een drëtt 'Science of Discworld'Buch sinn). | ||
Thud | Staadwaach | Neie Roman? Een Extrait deen op der Convention 2004 gelies gouf léisst drop schléissen datt et ëm d'Verhältnes vunZwergen anTrolle geet. (Thud ass e Spill dat ëm eng Schluecht tëscht verschidde Rasse geet). |
Et gëtt och véier Kuerzgeschichte vum Pratchett déi op der Scheiwewelt spillen:Theatre of Cruelty,Death and What Comes Next,Troll Bridge anThe Sea and Little Fishes. Déi éischt zwou fënnt een (op Englesch) op dësem Internet Siteonline. Déi drëtt ass amAfter The King: Stories in honour ofJ. R. R. Tolkien erauskomm, an déi véiert aLegends, vumRobert Silverberg.
Doriwwer eraus fënnt een all dës an nach aner Geschichten iwwer d'Scheiwewelt, zum Beispill d'Geschicht vumThud an der Nationalhym vun Ankh-Morpork, an der Kollektioun vum Pratchett senge Kuerzgeschichten,Once More* *With Footnotes.
Bis elo gëtt et zwee DiscworldQuizBicher, zesummegestallt vumDavid Langford:
Et gëtt véierLandkaarten:
Déi éischt zwou si vum Stephen Player gezeechent ginn, orientéiere sech u Pläng vum Pratchett aStephen Briggs, déi drëtt ass eng Kollaboratioun tëscht dem Briggs an dem Kidby, déi lescht ass vumPaul Kidby. An dëse Landkaarten ass och jeeweils e klengen Textdeel, geschriwwe vum Pratchett a Briggs.
De Pratchett huet zesumme mat demIan Stewart an demJack Cohen dräi Bicher iwwer d'Wëssenschaft geschriwwen, als Hannergrond natierlech d'Scheiwewelt:
All Joer gëtt et och en AgendaDiscworld Diary an eKalenner.
Bis elo gëtt et néng Theaterstécker vun Discworld Bicher, iwweregens ginn déi Sue vun dësen Auteursrechter direkt unONGe gespent. D'Adaptatioune si vum Stephen Briggs a si fir d'éischt vum Studio Theatre Club zuAbingdon, amOxfordshire produzéiert ginn.Zum Beispill wieren datThe Truth,Maskerade,Mort,Wyrd Sisters, aGuards! Guards!.Dës Theaterstécker si mëttlerweil schonn op alle Kontinenter opgefouert ginn, anscheinend souguer schonn an derAntarktis.
Et gouf schonn e puer Versich Filmer ze dréien, mä déi sinn alleguer un de Käschte gescheitert.Snowgum Films, e Filmstudio an Australie soll awer elo d'Opname fir de FilmTroll Bridge fäerdeg hunn.
Animatiounen gëtt et vuSoul Music aWyrd Sisters, produzéert vuCosgrove-Hall Productions firChannel 4 am Joer1996. Déi kritt een opDVD aVHS. DeSoundtrack vuSoul Music gëtt et op CD.
Et gëtt eng sëllegeBBC Radio Adaptatioune vu Scheiweweltgeschichten, zum Beispill vuWyrd Sisters,Guards! Guards! (erzielt vumMartin Jarvis) aMort.
DenTerry Pratchett huet zesumme mat demPhil Masters zweeRollespiller fir d'Scheiwewelt mat demGURPS Spillsystem erausbruecht:
Een inoffizielle Supplement gëtt et online:
Discworld Computerspiller:
Et gëtt een DiscworldGesellschaftsspill,Thud, geschaf vum Trevor Truran.
Merchandise mam Theema Discworld gëtt et vumStephen Briggs,Bernard Pearson aClarecraft (ganz besonnesch flott Figuren).