Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Discogs

Vu Wikipedia
Logo vun Discogs

Discogs ass eng Datebank an engWebsäit mat Informatiounen iwwermusekalesch Opnamen. Si huet hire Sëtz zuPortland amBundesstaatOregon an denUSA an ass am November 2000 online gaangen.

Den Numm kënnt vum englesche Wuertdiscographies. An der Datebank fënnt een Informatiounen iwwer musikalesch Opnamen, dorënner net nëmmen déi kommerzialiséiert Opnamen, mee och Wierker, déi fir promotionell Zwecker verëffentlecht goufen an net-autoriséiert Opnamen ("Bootlegs").

De Contenu vun der Websäit gëtt vun de Benotzer selwer eropgelueden, wéi bei derWikipedia.

Obwuel d'Säit ursprénglech opelektronesch Musek spezialiséiert war fënnt een haut op Discogs Opnamen an alle Genren an an alle Formater.

Zënter 2005 gëtt et op der Websäit e "Marketplace" (eng Maartplaz) iwwer déi d'Benotzer Vinylsplacken, CDen, Kassetten, asw., kafen a verkafe kënnen.

Discogs gëllt als eng vun de gréisste musikaleschen Datebanke um Internet. Am August 2023 goufen et an der Discogs-Datebank iwwer 16,6 Milliounen Opnamen, iwwer 8,7 Millioune Kënschtler an iwwer zwou Millioune Plackelabelen.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Discogs – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Discogs&oldid=2609449
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp