De BegrëffDiglossie (griichesch διγλωσσία, diglossía, „zwou Sproochen“) bezeechent an derSoziolinguistik eng Situatioun, wou eng Sproochcommunautéit zwou Sproochen, déi enk mat enee Famill sinn, jee no Situatioun, ofwiesselnd gebraucht. DenCharles A. Ferguson, deen de Begrëff definéiert huet, deelt dobäi déi 2 Sproochen an en niddreg ("L" fir "low") an eng héich ("H" fir "high") Variant an. D'L-Variant géif dobäi am Alldaagsgespréich, an der Famill, virun allem mëndlech, gebraucht ginn, wärend d'H-Variant a bestëmmten, méi formelle Situatiounen, wéi der Literatur, Zeremonien, Schoulbildung, asw. gebraucht gëtt.[1]
D'H-Variant kann eng eeler Form vun der Sprooch sinn (wéi d'Latäin am fréie Mëttelalter), oder en Dialekt (z. B. amNorwegeschen d'Bokmål par Rapport zumNynorsk, oder amChineesesche mamMandarin als offiziell standardiséiert Schrëftsprooch,al, an de sëllegen Topolekten/Dialekten, déi am Alldag geschwat ginn.