Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Departement Eure-et-Loir

Vu Wikipedia
Eure-et-Loir (28)
RegiounCentre-Val de Loire
PrefectureChartres
ËnnerprefectureChâteaudun
Dreux
Nogent-le-Rotrou
Bevëlkerung422.411 Aw.(2007)
Fläch5 880 km²
Arrondissementer4
Kantonen29
Gemengen403

Eure-et-Loir (28) ass efranséischt Departement. Et ass ee vun de sechs Departementer vun derRegioun Centre; Chef-lieu assChartres.

Et huet säin Numm vun den zwéi wichtegste Flëss, déi derduerch lafen: d'Eure, en Niewefloss vun derSeine, an deLoir, Niewefloss vun derSarthe.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Wéi déi meescht Departementer gouf d'Eure-et-Loir an der Zäit vun derFranséischer Revolutioun gegrënnt, méi genee de 4. Mäerz 1790. Et gouf haaptsächlech aus Deeler vun der fréierer ProvënzOrléanais an derGrofschaft Maine, mä och vun derÎle-de-France (Drouais,Thimerais, dem Dall vun derAvre,Hurepoix) zesummegesat.

Dat haitegt Departement Eure-et-Loir entsprécht dem fréieren Territoire vun deCarnutes (mat der Haaptstad Chartres, deemoolsAutricum genannt).

Chartres war e wichtegt Handelszentrum fir Agrarprdukter, an d'Foire vuChateaudun bis an d'19. Joerhonnert ee wichtegt Dréikräiz fir Wueren.

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]
Kaart vun der Eure-et-Loir

D'Eure-et-Loir ass en Deel vun der RegiounCentre. Et läit südwestlech vumParäisser Ballungsgebitt an d'Landschaft ass duerch 3 Couchë vumParäisser Baseng gekennzeechent: am Norden denThimerais, am Osten d'Beauce, am Süden denDunois. Am Weste leien d'Hiwwele vun derPerche.

D'Eure an de Loir sinn déi zwéi wichtegst Waasserleef.

Biller

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Eure-et-Loir – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Departement_Eure-et-Loir&oldid=2620902
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp