DeBarack Obama ënnerschreift dePatient Protection and Affordable Care Act, deen den Zougank zur Krankeversécherung reegelt (2010). Dat Gesetz war en zentrale Bestanddeel vun der Politik vun den Demokrate wärend senger Presidentschaft.
D'Demokratesch Partei gouf 1828 gegrënnt. Domat ass si déi eelst politesch Partei, déi nach existéiert. Bis haut waren am Ganze 15 Demokrate President vun den USA; deen éischte war denAndrew Jackson (1829-1837) an de rezentste war deJoe Biden vun 2021 bis 2025.
Zënter den 1930er Joren ass d'Partei eng Plattform fir Mëtt-lénks a lénksliberal Iddien an ënnerstëtzt eng Ekonomie mixte a sozial Gerechtegkeet. Der Partei hir Ideologie vu "modernem amerikanesche Liberalismus" promouvéiert sozial a wirtschaftlech Gläichberechtegung an deWuelfaartsstaat. D'Ekonomie mixte soll duerch Regierungsinterventiounen a Wirtschaftsregulatiounen duerchgesat ginn. Interventioune wéi eng universell Gesondheetsversuergung,Gewerkschaften, sozial Programmer,Chancëgläichheet,Konsumenteschutz anËmweltschutz bilden d'Basis vun den Demokraten hirer Wirtschaftspolitik.
Am20. Joerhonnert hat d'Partei nach e konservative Wirtschaftsfligel, deen an de grousse Stied baséiert war, an epopulisteschen Agrarfligel aus dem Süde vum Land. De Wirtschaftsfligel ass no 1932 erläscht an d'südlech Populiste sinn no 1980 an d'Republikanesch Partei gaangen. Haut sinn déi meescht gewielt Deputéiert vun der Demokratescher Partei Progressisten an Zentristen.
Dat traditionellt (mä inoffiziellt) Maskottche vun der Partei ass enIesel.