Ënner dem BegrëffDeep Sky (wiertlech: „déiwen Himmel“) ginn an derAmateurastronomie déijeeneg optesch observéiertHimmelskierper zesummegefaasst, déi baussenzeg vun eisemSonnesystem sinn (also keng Asteroiden, Planéiten oder Koméiten), an déi och keng eenzel Stäre sinn. Zu hinnen zielen ënner anerem allStärekéip,astronomesch Niwwelen aGalaxien.
Et gëtt keng Klassifizéierung vun Objeten am Zesummenhank mat hirer Distanz gemaach. Sou kënnen Deep-Sky-Objete relativ no (Messier 45: 430 Liichtjoer), oder och wäit ewech sinn (Messier 51: ongeféier 35 Mio. Liichtjoer).
Déi visuell a fotografesch Observatioun vun Deep-Sky-Objeten ass bei denAmateurastronome staark beléift. E puer vun dësen Objete kënne schomat bloussem A gesi ginn, zum Beispill denAndromedaniwwel, den oppene StärekoupMessier 45, denOrionniwwel an de KugelstärekoupMessier 22.
Fir eng visuell Observatioun vun Deep-Sky-Objete soll een awer optesch Instrumenter mat groussen Objektiver gebrauchen. Fir d'Observatioun sinn meeschtens kleng Vergréisserunge vu Virdeel, fir datt méiglechst vill Liicht an d'A kënnt. Et kann een dann natierlech d'Vergréisserung fir d'Detailobservatiounen unhiewen.
Vill Deep-Sky-Objete si scho mat einfachen opteschen Hëllefsmëttele wéi z. B. mat enger Spektiv ze kucken. Fir Detailobservatioune gebrauchen d'HobbyastronomeSpigelteleskopen.
Verschidden Deep-Sky-Objete ware schonn an der Antiquitéit bekannt. Awer eréischt am18. Joerhonnert, nodeem systematesch noKoméite gesicht gouf, war et wichteg ginn, déi niwweleg aner Himmelsobjete vun deKoméiten z'ënnerscheeden. De franséischenAstronomCharles Messier huet am 18. Joerhonnert d'Positioune vun 110 Objeten (Messier-Katalog) festgehalen. Zanterhier goufen ëmmer méi vun dësen Objete fonnt.1888 huet denJohn Dreyer de bekanntenNew General Catalogue, an deem ronn 8.000 Objeten dra stinn, verfaasst.
Eng wichteg Duerchmusterung war d'Hubble Deep Field1995,Hubble Deep Field South1998, an d'Hubble Ultra Deep Field2004, dat astronomescht Bild, dat bis dato dat wäitst Bild ass, dat jeemools am Beräich vum visuelle Liicht opgeholl gouf.