David Kalakaua I. | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 16. November1836 Honolulu |
Gestuerwen | 20. Januar1891 San Francisco |
Doudesursaach | Nephropathie |
Aktivitéit | Monarch,Komponist |
Fonctioun | Kinnek |
Gielercher | Grand-croix de la Légion d’honneur, Grand collier vum Chrysanthèmenuerden,Uerde vun der Sonn déi opgeet |
Famill | |
Geschwëster | Likelike |
![]() |
DenDavid Kalakaua I., gebuer alsDavid Laʻamea Kamanakapuʻu Mahinulani Nalaiaehuokalani Lumialani Kalākaua den12. November1836, a gestuerwen den20. Januar1891 zuSan Francisco am US-BundesstaatKalifornien, war dee leschte vun denhawaiiesche Kinneken. Hien huet vum 12. Februar 1874 bis zu sengem Doud regéiert.
Nodeem de KinnekKamehameha V., dee leschte vun derKamehameha-Dynastie den 11. Dezember 1872 gestuerwen ass, ouni en Nofollger genannt ze hunn, huet déiLegislativ, wéi et an der kinneklecherConstitutioun stoung, den Nofollger bestëmmt.
Wuel gouf et e puer Kandidaten, awer nieft dem Kalakaua war et just deWilliam Charles Lunalilo deen eng Konkurrenz fir de Kalakaua war. D'Wale vum 1. Januar 1873 huet de Lunalilo gewonnen an den Dag drop huet d'Regierung d'Resultat confirméiert.
Wéi de Lunalilo schonn e Joer méi spéit, den 3. Februar 1874 gestuerwen ass, huet de Kalakaua an d'Kinnigin Emma, d'Wittfra vumKamehameha IV., kandidéiert. Den 12. Februar huet d'Regierung de Kalakaua mat 39 géint 6 Stëmme gewielt. Nodeem d'Resultat publizéiert gouf, hu Supporter vun der Emma d'Gebai vum kinnekleche Geriicht gestiermt an e puer Ministere blesséiert an een ëmbruecht. Den neie Kinnek huet doropshin d'USA aGroussbritannien ëm Hëllef geruff an nach de selwechten Dag konnt d'Rou nees retabléiert ginn.
Als Trounfollger huet de Kalakaua säi Brudder, deWilliam Pitt Leleiohoku, genannt. Vun do un ass de Kinnek net méi vun der Regierung gewielt ginn. Eng Rees iwwer déi hawaiiesch Inselen huet him vill Popularitéit bruecht. 1879 gouf domat ugefaangen, deen ale Iolani-Palast ofzerappen, an en duerch en neien z'ersetzen.
1881 ass de Kinnek op eng Weltrees gaangen, déi hien ënner anerem anDäitschland an anÉisträich gefouert huet.
ZuBerlin krut de Kalakaua vumKeeserWilhelm I. eSchellebam geschenkt, mat der Gravurno ka hoomanao ana ia Berlin, datals Erënnerung u Berlin bedeit.
De Kalakaua, deen e grousse Bewonnerer vuWalzer war huet beim Staatsbesuch zuWien dovu profitéiert firPartitioune vu Stécker vumJohann Strauß Papp aJohann Strauß Jong ze kafen, a fir Aarbechter fir seng Plantagen ze rekrutéieren.
Nom Besuch zu Wien, huet de Kinnek an engem Bréif op Hawaii de VolleksdanzHula, de laang Zäit vun deMissionnairë verbuede war, nees ausdrécklech erlaabt.
DenEvergreenAloha Oe, eng vun de sellege Melodien, déi vum Kinnek senger Sëschter, derLiliʻuokalani, geschriwwe goufen, ass nach haut déi inoffiziellNationalhymn vun Hawaii.
Commons: David Kalakaua I. – Biller, Videoen oder Audiodateien |