Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Daidalos

Vu Wikipedia

DenDaidalos (gr. = dee Konschtfäerdegen / och: Dädalus) war an der So, en Athener, den eelste vun de bildende Kënschtler vun denHellenen, deem vill Erfindungen zougesprach gi sinn.

Mythos

[änneren |Quelltext änneren]

Den Daidalos war de Jong vumMetion, Urenkel vumErechtheus, dee konschfäerdechste Mann vu senger Zäit, Baumeeschter a Sculpteur. An deene verschiddenste Géigende vun der Welt si seng Wierker bewonnert ginn. Wärend bei deene fréiere Meeschteren d'Skulpturen d'Aen zou haten an d'Äerm net vum Kierper getrennt waren, hu seng Skulpturen d'Aen op gehat, d'Äerm ausgestreckt an d'Been zum Schrëtt ausernee gehat.

Awer sou grouss wéi den Daidalos och als Kënschtler war, so agebilt an houfreg war en och.En huet säinNeveu (senger Schwëster hire Jong) a Schüler denTalos (anere Quelle no dePerdix) aus Näid ëmbruecht, andeems en e vumAthena senger Buerg erofgestierzt huet, well deen d'See (an och nach aner Saachen) erfonnt huet. Wärend den Daidalos mam Begriefness beschäftegt war ass en iwwerrascht ginn an huet virginn eng Schlaang ze begruewen. Trotzdeem ass e virum Geriicht vumAeropag wéinst Mord ugeklot a fir schëlleg befonnt ginn. Doropshin ass e vun Athen op Kreta bei de KinnekMinos geflücht.

Duerch seng Kënschte war en do héich ugesinn an ass och zum Frënd vum Minos ginn. Fir de Minos huet hien och d'Labyrinth ënner dem Palais vuKnossos gebaut fir deMinotauros, de Jong vum Minos senger FraPasiphaë an dem Stéier vumPoseidon anzespären. Nodeem de Bau fäerdeg war hat souguer den Daidalos selwer Schwieregkeeten selwer erëm erauszefannen.

Mä den Daidalos huet och dem Minos senger Duechter, demAriadne bäigestan an him de Rot ginn wéi et demTheseus kéint hëllefe fir datt deen de Minotauros kéint ëmbréngen an erëm aus dem Labyrinth kéint erausfannen.

Dofir ass hie vum Minos selwer (nom Doud vum Minotauros) zesumme mat sengem Jong Ikaros am Labyrinth agespaart ginn. Nodeem e sech a säi Jong doraus befräit hat, huet e sech eppes ausgeduecht fir vun der Insel Kreta ze flüchten: en huet ugefaange Fiedere vu verschidde Gréisste mat Wues zesummenzepechen. Den Daidalos huet no engem kuerzen Test den Ikaros gewarnt mat de Filleken entweeder ze no un d'Mier ze kommen (well se dann duerch de Gësch ze schwéier ginn) oder ze no un d'Sonn (well dann de Wues deen d'Flilleken zesummenhält schmëlzt). Dunn hunn hien a säi Jong sech déi kënschtlech Flilleken ugedoen a sinn domat an d'Luucht geflunn.

De Papp ass virgeflunn an huet vun Zäit zu Zäit no sengem Jong gekuckt, mä op eemol no laanger Rees ass den Ikaros iwwermiddeg ginn an ass ëmmer méi héich geflunn. Lues a lues ass de Wues deen d'Fiederen zesummegehalen huet geschmolt an hien ass ofgestierzt.

Den Daidalos huet no sengem Jong gesicht deen net méi hanner him war an huet e schliisslech opgrond vun de Fiedere fonnt, säi Kierper louch op enger Insel, déi hautIkaria genannt gëtt.

Nodeem den Daidalos säi Jong Ikaros erëmfonnt hat ass hie virun opSizilien bei de KinnekKakolos gaangen. Seng Konscht huet wéi ëmmer all d'Awunner an Erstaune gesat.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Daidalos – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Daidalos&oldid=2515965
Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp