 | Dësen Artikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Zäitmooss: Am Miesswiese gëtt den Dag formelméisseg beschriwwen als eng
- Moosseenheet vun derZäit
mat dem - Eenheetszeechen: d
- Formelzeechen fir d'physikalesch Gréisst Zäit ass:t.
- 1 Dag = 24Stonnen = 1440Minutten = 86400 (SI-)Sekonnen
Zäitspan: An derKalennerrechnung (deem bei eis gebräichlechgregorianesche Kalenner) d'Zäitspan vun engerHallefnuecht bis zu der nächster Hallefnuecht.
- Eng Zäitspan vu 24Stonnen, déi um 00:00 ufänkt an um 24:00 en Enn huet. 24:00 Auer fält mat dem Ufank vum nächsten Dag zesummen (ISO 8601)
D'Kalennerdeeg ginn no der ISO 8601 bannen engemMount vun 1 un alsKalennerdatum fortlafend nummeréiert an an engemDatumsformat schrëftlech fixéiert. Ausserdeem ginn hinnen, vu Mount aJoer onofhängeg, a fester Reiefolleg eWochendag zougewisen. Domat beschreift d'Dageszuel eng fortlafend Zäitskala (linear Zäit), am Ënnerscheed zum Wochendag, dee sech a sengem Oflaf reegelméisseg widderhëlt (zyklesch Zäit).
Den Ufank vum Dag um Hallefnuecht ass vun astronomesche Konventioune beaflosst. AnerKalennersystemer setzen den Ufank vum Dag op deSonnenopgang. Amjiddeschen an amislamesche Kalenner ëmfaasst den Dag d'Zäit vun engemSonnenënnergank bis zum nächsten.
AmDroit geet alt emol vum „vollen Dag” ((fr)jour franc) rieds, absënns wann et ëm d'Berechne vun Delaie geet. Am Lëtzebuerger Droit ass e Gesetz am Allgemengen dräi voll Deeg nodeems et amMémorial publizéiert gouf gülteg, ausser et ass explizitt en aneren Datum virgesinn.
Fir dräi voll Deeg ze zielen, gëtt den Dag vun der Publikatioun net gerechent. Duerno zielen dann dräi Periode vu 24 Stonnen.
Beispill: Publikatioun am Mémorial ass op engem Méindeg, dräi voll Deeg duerno sinn de Dënschdeg, Mëttwoch an Donneschdeg. D'Gesetz zielt vum Freideg 00:00 un.
Wann den Delai dann op e Samschdeg, e Sonndeg oder e Feierdag fält, zielt et eréischt vum nächste Schaffdag un.
Amastronomesche Sënn ass en Dag eng vollstännegËmdréinung vun der Äerd.
- D'Ëmdréiungszäit vun derÄerd a Bezuch op d'Fixstäre.
Dauer: 23 Stonnen, 56 Minutten an 4 Sekonnen
- D'Ëmdréinungszäit vun der Äerd a Bezuch op d'Kulminatioun vumFréijoerspunkt. Op him berout d'Stärenzäit. D'Dauer ass nëmmen am Zéngtelsekonnenberäich verschidde vum sidereschen Dag, fir exakt astronomesch Berechnungen awer vu Bedeitung.
- Den Dag, den op derEphemeridensekonn respektiv derEphemeridenzäit opbaut
Besonnesch Bedeitung haten an hunn d'Sonnen- a Stärenzäit vumNullmeridian fir d'Festleeë vun derWeltzäit oder fir d'Bestëmme vunStäreplazen.Am allgemenge Sënn ass een Dag d'Rotatiounsdauer vu jiddwerHimmelskierper, also kënnt och vun engemMarsdag oder engem „Dag op demMound“ geschwat ginn.
Den däitsche Begrëff:lichten Tag, op Englesch ochawake time period, op Lëtzebuergeschhellliichten Dag entsprécht dem astronomesche BegrëffDagesbou vun der Sonn.
Am alldeegleche Liewe gëtt desubjektiven Dag duerch de Rhythmus vumOpstoen aSchlofegoe bestëmmt. Den Dag gëtt dacks verallgemengert an d'OfschnëtterNuecht,Mueren,Virmëtteg,Mëtteg,Nomëtteg,Owend anHallefnuecht gegliddert.
Fir déi meescht Mënsche falen déi verschidden Aspekter zesummen. Tatsächlech ergëtt awer d'Tatsaach, datt een amWanterhallefjoer „virun Dagesufank“ opstoe muss, also denDagesoflaf net mat dem helllliichten Dag korrespondéiert, eWiddersproch, dee sou zu sou engemPhenomeen wéi d'Wanterdepressioun féiere kann. Dësen Effekt gëtt duerch d'Summerzäit e bëssen ofgeschwächt.