2005 goung hien an de rumänesche Ministère fir Landwirtschaft, Bëscher a ländlech Entwécklung schaffen. Vun Oktober 2007 bis Dezember 2008 war hie Landwirtschaftsminister an der Regierung Tăriceanu II.
Vun 2010 bis 2014 war hien an derEuropäescher Kommissiounënnert dem José Manuel Barroso responsabel fir den Dossier Landwirtschaft a ländlech Entwécklung. De 17. November 2015 gouf hien, nom Récktrëtt vumVictor Ponta, vum rumänesche Parlament zum neie Ministerpresident vu Rumänien gewielt.[1]Am Januar 2017 gouf deSorin Grindeanu säin Nofollger.