AlsZäitkorrektur DUT1 gëtt an deGeowëssenschaften an an derAstronomie déi op Zéngtelssekonn ofgeronnt, vumIERS festgeluecht a matZäitzeechesender ausgestraalt Differenz tëscht där mat Atomauere gemoossenerkoordinéierter Weltzäit UTC an där duerch d'Äerdrotatioun definéierterWeltzäitUT1 bezeechent.
Et gëllt also
Doran ass
D'Differenz tëscht UT1 an UTC an domat d'Zäitkorrektur DUT1 gëtt lafend bestëmmt, andeems d'UT1 mat Methode vun derAstrometrie gemooss gëtt (z. B. matCCD-Meridiankrees oderVLBI) a mat dem Zäitsignal UTC vergläicht.
Zesumme mat dePolkoordinaten x an y bilt d'Differenz UT1 − UTC déi dräiÄerdrotatiounsparameteren (ERP).
Well eistZäitsystem déi mëttlere Sekonne vun 1900 bis 1905 als Basis huet an d'Äerdrotatioun zanterhier ëm ronn 0,002 Sekonne pro Dag méi lues ginn ass, ännert sech UT1 − UTC pro Dag am Duerchschnëtt ëm 0 bis 3 Millisekonne (meeschtens an negativer Richtung): beispillsweis vum 20. bis de 25. Mee 2005 vun −0,6125 op −0,6164 Sekonnen. Ausnamsweis huet si dono bisSeptember 2005 op −0,595 szougeholl – wat rar virkënnt, awer wéinst gudder Modeller aus derGeodynamik genee virausberechent ka ginn.
An internationalen Ofmaachunge vun de wëssenschaftlecheDaachverbänn (besonnesch vun derIUGG an derI.A.U.) souwéi dem staatlecheMetrologie-Institut gouf gereegelt, datt UT1 − UTC keng absolut Wäerter déi méi grouss oder gläich 0,9 Sekonnen unhuele soll, fir datt d'Weltzäitskala net ze wäit vun den astronomeschen Normen ofwäicht: Ir UT1 − UTC den absolutte Wäert vun 0,9 Sekonne iwwerschrëtt, gëtt zum 30. Juni oder zum 31. Dezember engSchaltsekonn bäigesat.
Zoustänneg fir d'Iwwerwaachung vun der Äerdrotatioun an domat fir d'Bestëmmung vun UT1 − UTC an domat DUT1 ass demInternationale Déngschtt fir Äerdrotatioun a Referenzsystemer (engl.International Earth Rotation and Reference Systems Service, KierzelIERS), deen den aktuelle Wäert vun DUT1 all sechs Méint a sengem Bulletin D bekannt gëtt.
Den aktuelle Wäert vun DUT1 gouf am IERS-Bulletin D vum12. Oktober2016 op −0,4 s a vum17. November2016 op 0 Auer UTC, festgeluecht, hie gëtt vun deem Zäitpunkt un mat verschiddene Zäitsignaler iwwerdroen.[1] Déi nächst Festleeung vun DUT1 ass viraussiichtlech am Januar 2017.