Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Däitschland

Vu Wikipedia
Bundesrepublik Deutschland

Fändel vun Däitschland

Wope vun Däitschland

Detailer

Detailer
National Devise:Einigkeit und Recht und Freiheit
Offiziell Sprooch:Däitsch
Haaptstad:Berlin
 • Awunner:3 664 088
Staatsform:Parlamentaresch Republik
 • Bundespresident:Frank-Walter Steinmeier
 •Bundeskanzler:Friedrich Merz
Fläch:357.588km² (62.)
Bevëlkerung:84.607.016(17.)
 • Bevëlkerungsdicht:237/km²
Nationalfeierdag:3. Oktober
Nationalhymn:Das Lied der Deutschen
(Lauschteren)
Wärung:Euro (EUR)
Zäitzon:UTC +1 (+2 am Summer)
Internet TLD:.de
Internationalen
Telefonsprefix
:
+49

D'Bundesrepublik Däitschland (oder einfachDäitschland;däitsch:Deutschland) ass eStaat aMëtteleuropa an huet gemeinsamGrenze matDänemark,Polen, derTschechescher Republik,Éisträich, derSchwäiz,Frankräich,Lëtzebuerg, derBelsch anHolland. Am Norde sinn d'Nordmier an d'Baltescht Mier natierlech Grenzen. Däitschland ass eent vun de gréisste Länner aWesteuropa.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Wat elo kënnt ass nëmmen eng kuerz Skizz vun de wichtegste geschichtlechen Entwécklungen an Däitschland an an der Regioun vum haitegen Däitschland. Méi Detailer stinn am ArtikelGeschicht vun Däitschland, am Artikel iwwerDäitschland am Mëttelalter, oder awer och an den Artikelen iwwer d'Bundesrepublik resp. iwwer d'DDR.

Déi eelst Spuere vu Mënschen um Gebitt vum haitegen Däitschland sinn ongeféier 700.000 Joer al. Zanter ronn 500.000 Joer gëtt Däitschland permanent bewunnt.

E puerkeltesch agermanesch Stämm gi fir d'éischt bei deGriichen aRéimer an der virchrëschtlecher Zäit ernimmt. DeRhäin gëtt58 v. Chr. d'Grenz mat demréimesche Räich. Eng éischt Geschicht vu ganz Germanie liwwert am Joer98 de réimeschen AuteurTacitus. Tëscht dem1. an dem6. Joerhonnert verdeele sech déi germanesch Stämm iwwerEuropa (Vëlkerwanderung) a vermësche sech mat den net ausgewanderte Kelten. Grouss Deeler vum haitegen Ostdäitschland si bis an d'héichtMëttelalter ënner staarkemslaweschen Afloss (Germania Slavica). Als Konsequenz vun der héichmëttelalterlecherOstmigratioun gi si assimiléiert an akkulturéiert.

D'Frankeräich gëtt gegrënnt a stellt800 mamKarel de Groussen als éischte westlecheKeeser, no der Ofsetzung vumRomulus Augustulus duerch denOdoaker, den Usproch op d'Féierungsroll an Europa. Mä säi Räich bleift nëmmen e puer Joerzéngter stabil. Duerch Streidereien tëscht sengen Nofollger zerfält et an dräi Deeler (Westfränkescht Räich,Lotharingien anOstfränkescht Räich), déi nächst Generatiounen deele säi Räich ëmmer méi op.

Als traditionellen (mä e bëssen arbiträr gewielten) Datum fir d'Grënnung vun Däitschland als Staat gëllt den2. Februar962, wéi denOtto I. als éischten Ostfränkesche Kinnek zuRoum zumKeeser gekréint gouf.

D'Westfränkescht Räich entwéckelt sech zu engemNationalstaat (dem haitegeFrankräich), wärend d'Ostfränkescht Räich ëmmer méi de lokalen Interessen zum Affer fält. Obwuel d'Keesere vum Ostfränkesche Räich ëmmer erëm versichen d'Räich z'eenegen, zerfält d'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun, dat eigentlech grad eréischt entsteet, gréisstendeels ëmmer méi an Onmasse vu gréisstendeels onofhängege Staaten aFräi Räichsstied. No derReformatioun an demDrëssegjärege Krich ass d'Muecht vum Keeser nëmmen nach reng formell.

Deen Zoustand dauert bis1806. Dat Joer dankt den däitsche KeeserFranz II., dee schonn1804 Keeser vuméisträichesche Villvëlkerstaat ginn ass, op Drock vum franséische Keeser Napoleon of, andeems hien op d'Droe vun der Räichskroun verzicht. Ënner demNapoleon gëtt d'Zuel vun däitsche Staaten duerch Fusioune staark verklengert, wouduerch vill Räichsstied hir Onofhängegkeet verléieren (Ee Moment gouf et 80 där Stied). DeWiener Kongress dreift d'Vereenegung weider a schliisslech grënnen 38 däitsch Staaten e lassenenDäitsche Bond (Deutscher Bund) ënner der Féierung vun Éisträich. Scho kuerz no der gescheiterter nationaler a liberalerMäerzrevolutioun vun1848/1849 kënnt et zur Kollisioun vuPreisen, dat ëmmer méi staark gëtt, mat der däitscher Groussmuecht Éisträich ëm d'Virmuechtsstellung am Däitsche Bond resp. an Europa, wat zumDäitsch-Éisträichesche Krich vun1866 féiert. Preise gewënnt dee Krich, et kënnt duerno zu enger Deelung an domat zur Opléisung vum Däitsche Bond. Preisen annektéiert seng nërdlech Géigner aus dem Krich. Doduerch gëtt d'Zuel vun den däitsche Staaten nach eng Kéier méi kleng.

No der Grënnung vumNorddäitsche Bond am Uschloss dorun, natierlech ënner der Féierung vu Preisen, kënnt et, bal ouni siichtbaren Iwwergank, zur Grënnung vumDäitsche Räich. Allgemeng gëtt vun engemklengen Däitschland geschwat well Éisträich net dezou gehéiert. Zu dëser Grënnung kënnt et nomFranséisch-Preisesche Krich vun1870/71 an der Proklamatioun vum preisesche KinnekWilhelm I. zum Däitsche Keeser (hien huet sech selwer net als Keeser vun Däitschland ugesinn, well dozou, senger Meenung no, och den däitschen Deel vun Éisträich misst gehéieren). Mat der Räichsgrënnung gehéieren op eemol Gebidder a Regiounen zu Däitschland, déi guer net méi zum Hellege Réimesche Räich Däitscher Natioun gehéiert haten, mä Stécker vu Preise baussent dem Räich waren. Dozou gehéierenOst- aWestpreisen,Danzeg, an Deeler vum haitegePolen an och nachSchleswig. An den1880er Joren huet dat Däitscht Räich op friddlechem WeeKolonien an Afrika an Asien kaaft, woubäi déi bescht Kolonien awer scho laang anere gehéiert hunn.

De Wilhelm I. gëtt 1871 an der Galerie des Glaces zu Versailles zum däitsche Keeser gekréint

Nom Enn vumÉischte Weltkrich (1914-1918) setzt d'Novemberrevolutioun vun 1918 derMonarchie am Däitsche Räich (an an Éisträich-Ungarn) en Enn. De Keeser (Wilhelm II.) dankt of an aus dem Däitsche Räich gëtt engparlamentaresch-demokrateschRepublik. AmVersailler Vertrag gëtt Däitschland vun den Alliéierten dozou gezwongen eng Rei vu Gebidder hierzeginn (Elsass-Loutrengen u Frankräich,Eupen-Malmedy un d'Belsch,Nordschleswig un Dänemark, d'ProvënzePosen aWestpreisen an den Oste vunUewerschlesien an de Süde vum ostpreisesche Krees Neidenburg u Polen, d'Memelregioun uLitauen an d'Hultschiner Ländchen un d'Tschechoslowakei, dozou kënnt de Verloscht vun all de Kolonien). Des Weidere muss Däitschland all Joer Reparatioune bezuelen, an dat iwwer en Zäitraum vun 80 Joer.

D'Weimarer Republik leit ënner stännege Konflikter tëscht demokrateschen an autoritäre Stréimungen. Dozou kënnt e wäitverbreete Refus vum Versailler Vertrag a wirtschaftlech Schwieregkeeten, déi deelweis och dovu kommen, datt Däitschland muss, fir d'Reparatiounen ze bezuelen, immens Kreditter ophuelen.1933 ass et mat där Republik eriwwer wéi de gebiertegen ÉisträicherAdolf Hitler, mat Hëllef vu senger Partei, derNSDAP, un d'Muecht kënnt.

D'NSDAP mécht aus Däitschland ganz séier entotalitären Eeparteiestaat. Vun Ufank u gi politesch Géigner verfollegt, wärend de Judden eng kloer Ausgrenzungspolitik an d'Gesiicht bléist. Wärend demZweete Weltkrich gi schätzungsweis bis zu sechs Millioune Judden an Europa ëmbruecht (zanter den1970er Jore gëtt dofir "Holocaust" gesot, d'Jude soe "Schoah" dofir). Dausende Membere vun anere BevëlkerungsgruppenSinti a Roma,Homosexueller, physesch a psychesch behënnert Mënsche gi verhaft oder falen dem Massemord zum Affer. Eng genee Zuel ass och hei net bekannt.

D'nationalsozialistescht Däitscht Räich war op Expansioun ausgeriicht: Fir d'éischt gëttÉisträich1938 nach ouni allze vill Widdersproch a mat Zoustëmmung vun der Bevëlkerung annektéiert (Anschluss), d'Annektioun vum däitsch bewunnteSudeteland am selwechte Joer gëtt och nach relativ widdersprochslos vun de groussen europäesche Lännerakzeptéiert. Mä den Ugrëff op Polen1939 léist denZweete Weltkrich aus, e Krich, dee weltwäit eng geschaten 55 Millioune Leit d'Liewe kascht. Fir dat (Grouss-)Däitscht Räich ass dëse Krich den8. Mee1945 eriwwer, mat enger Kapitulatioun ouni Konditiounen. Den Hitler huet sech schonn den30. Abrëll suicidéiert gehat; déi iwwerliewend politesch a militäresch Haaptverantwortlech ginn an denNürnberger Prozesser viru Geriicht gestallt.

D'NS-Diktatur huet an der Geschichtswëssenschaft, mä och an der Ëffentlechkeet, dozou gefouert, datt sech Froe gestallt ginn, déi wäit iwwer dës zwielef Joer erausginn, z. B. ob nëmmen den Hitler mat senger Clique, Deeler vun der däitscher Elite, eng Bevëlkerungsmajoritéit oder souguer dat ganzt däitscht Vollek fir d'Verbrieche verantwortlech ze maache sinn.

D'Alliéiert , ufanks d'USA, d'Sowjetunioun aGroussbritannien, méi spéit och d'Besatzungsmuecht Frankräich, beméie sech um Ufank vun der Besatzung nach ëm eng gemeinsam Politik an där Saach. Eens sinn si sech iwwer d'Demilitariséierung an d'Entnazifizéierung. Mä scho bei der Fro, wat een ënner enger Demokratie ze verstoen huet, kommen éischt Differenzen tëscht der Sowjetunioun engersäits an de Westmuechten anerersäits op. Am Ufank huet Frankräich nach Annektiounspläng vis-à-vis vun Däitschland.

Éisträich (mat der Konditioun neutrale Staat ze ginn) an d'Tschechoslowakei ginn erëm selbstänneg Staaten; Pole gëtt an neie Grenzen nees opgebaut woubäi dës Grenzen no Weste geréckelt goufen. DeJoseph Stalin hat nämlech Pole grouss Deeler vum däitschen Oste versprach an der Sowjetunioun d'nërdlech Hallschent vun Ostpreisen, wat vun de Westmuechten op derKonferenz vu Potsdam nëmme mat Widderstand accordéiert gëtt. Allerdéngs hätt d'Verdreiwe vun den Däitsche missen "human" iwwer d'Bün goen, an déi polnesch a sowjetesch Verwaltung gouf "provisoresch" genannt.

D'Däitscht Räich gouf deemno definitiv opgeléist, an a sengem Kär ginn nei Staaten (an der Bundesrepublik méi spéitBundesländer genannt) forméiert. Bei dem Zéie vun de Grenze vun dëse Staate spillen deelweis d'Grenze vun de Besatzungszonen eng Roll, z. B. tëschtNiddersachsen aMecklenburg resp.Sachsen-Anhalt souwéi tëschtThüringen anHessen.

D'Bundesrepublik Deutschland gëtt den23. Mee 1949 an den dräi westlecheBesatzungszone gegrënnt; d'DDR de7. Oktober 1949 an der Sowjetescher Besatzungszon. Domat war dat fréiert Däitscht Räich an zwéin nei Staaten opgedeelt a grouss Gebidder a Regioune waren den Nopeschstaaten zoukomm. D'Bundesverfassungsgeriicht stellt awer1973 fest: "Die BRD ist nicht 'Rechtsnachfolger' des Deutschen Reiches, sondern als Staat identisch mit dem Staat 'Deutsches Reich'". DeKale Krich tëscht West an Ost trennt Mëtteleuropa, d'Bundesrepublik an d'DDR duerch enEisene Rideau. Eréischt e Muechtwiessel an der Sowjetunioun féiert zu (friddleche)Revolutiounen an um Schluss zum Zesummebrieche vun de kommunistesche Regierungen an der DDR an den anere Staate vumWarschauer Pakt. Mat dem Enn vum "Eisene Rideau" a Mëtteleuropa geet och erëm d'Grenz tëscht der Bundesrepublik an der DDR op. Den3. Oktober1990 trëtt d'DDR der Bundesrepublik bäi (däitschWiedervereinigung). Déi "vergréissert" Bundesrepublik ass domat och neessouverän ginn.

Zesumme mat Frankräich spillt (dat neit) Däitschland haut eng féierend Roll an derEU. Däitschland ass virbäi bei deene Staaten déi versichen, e méi vereenegt Europa ze schafen, mat engem politeschen, Verdeedegungs- a Sécherheetsapparat.

Kuckt heizou den Haaptartikel:Geschicht vun Däitschland.

Geographie

[änneren |Quelltext änneren]
Topograhesch Kaart vun Däitschland

Den nërdlechen Deel vun Däitschland, d'norddeutsche Tiefebene, ass en Déifland dat vun der Äiszäit geformt gouf. A Mëtteldäitschland fënnt een d'Mittelgebirge mat senge Bëscher. Am Süde sinn d'Alpen. Den déifste Punkt läit bei Neuendorf-Sachsenbande an der Wilstermarsch mat 3,54 m ënner dem Mierespigel. Den héchste Bierg ass d'Zugspitze mat 2.968 Meter.

Grouss Flëss an Däitschland sinn ënner aneren deRhäin, d'Donau, d'Elbe, d'Weser, d'Oder. Extrem Wierderkonditioune wéi Dréchenten, Tornadoen, Stierm, an exzessive Frascht oder Hëtzt asw. si relativ seelen. Dat kënnt wuel och dovun, datt Däitschland an dergeméissegter Klimazon läit. An de leschte Jore gouf et an Däitschland zwou schlëmm Iwwerschwemmungen déi vu villen als Zeeche vun der Klimaerhëtzung gesi ginn. Eng weider Indikatioun dofir kéint de "Joerhonnertsummer" 2003 gewiescht sinn, deen ee vun deene wäermsten zanter Joerzéngte war. D'Suite waren, ënner aneren, schlecht Rekolte bei de Baueren. Däitschland läit op derEurasescher Plack. D'Grenzen zu anere Placke si wäit ewech, wat dann och erkläert firwat et bis elo keng schwéier Äerdbiewe mat den deementspriechende Suite gouf.

Kuckt heizou den Artikel:Däitsch Inselen

Administrativ Ënnerdeelungen

[änneren |Quelltext änneren]

Haaptstad a Regierungssëtz assBerlin; e puer Ministère sinn zuBonn bliwwen. DePolitesche System vun Däitschland assfederal an d'Land ass gréisstendeels alsparlamentaresch Demokratie organiséiert. De Staat ass a 16Bundesländer ënnerdeelt. Däitschland ass Member vun derEU, derNATO an demG8.

Stied

[änneren |Quelltext änneren]

Déi gréisst däitsch Stied siBerlin,Hamburg,München aKöln. Dat gréisstBallungsgebitt ass d'Ruhrgebiet. Déi fënneftgréisst Stad, an zugläich däitsch Finanzmetropol, assFrankfurt am Main, wou och de gréissten däitsche Fluchhafen ass, de (Rhein-Main-Fluchhafen). Dësen ass an Europa den zweetgréissten a bei der Fracht de gréissten.

Kuckt heizou d'Artikelen:Lëscht vun den däitsche Stied,Lëscht vun den däitsche Groussstied

Politik

[änneren |Quelltext änneren]

Politesche System

[änneren |Quelltext änneren]

Haaptstad aRegierungssëtz vun der Bundesrepublik Däitschland assBerlin. Duerch denArtikel 20 GG ass d'Bundesrepublik Deutschland engdemokratesch,sozial arechtsstaatlechRepublik. Et gëtt 16 deelsouverän Länner (Bundeslänner), vun deenen der e puer aRegierungsbezirker ënnerdeelt sinn. D'Grundgesetz, ass d'Constitutioun vun Däitschland a gouf1949 geschriwwen.Staatschef ass deBundespresident dee méi representativ Aufgaben iwwerhëlt. De Regierungschef ass deBundeskanzler. Hien huetRichtliniekompetenz fir d'Politik vun derBundesregierung (Däitschland ass engKanzlerdemokratie).

Däitschland ass e Bundesstaat deeféderal organiséiert ass, d. h. et gëtt zwéin Niveauen amPolitesche System: de Bund, deen de Gesamtstaat Däitschland an d'Länder no bausse vertrëtt. All Niveau huet seng eegenexekutiv,legislativ ajudiciaire Organer.

DeBundestag an deBundesrat decidéieren zesummen iwwerGesetzer vum Bund an hunn d'Recht mat enger jeeweileger 2/3-Majoritéit d'Constitutioun z'änneren. An de Länder decidéieren d'Länderparlamente (enLandtag resp. engBürgerschaft) iwwer d'Gesetzer vun hirem Land. D'Députéiert sinn no der Constitutioun ganz op sech gestallt wa se sollen entscheeden; trotzdeem dominéieren intern Virentscheedungen an deParteien d'Législatioun.

D'Exekutiv besteet um Niveau vum Bund aus der Bundesregierung, déi vum Bundeskanzler presidéiert gëtt. Um Niveau vun de Länder presideiert de Ministerpresident (resp. d'Buergermeeschtere vun de Stadstaaten) d'Exekutiv. D'Verwaltunge vum Bund an de Länner gi jeeweils duerch déi entspriechendMinistere gefouert, si stinn dunn och op der Spëtzt vun de Verwaltungen.

Wéi an alle Länner spille Verbänn am politesche System eng wichteg Roll. Duerch hir Aarbecht als Lobby probéiere si, d'Politik an d'Richtung vun hire jeeweilegen Interessen ze steieren. Dës Tatsach ass staark ëmstridden a souwisou gëtt se net gär vun deene Verbänn gesinn, déi duerch déi Lobbyasrbecht negativ betraff sinn.

D'Bundesverfassungsgeriicht ass zoustänneg fir d'Anhale vumGrondgesetz. Déi ieweschst Geriichtshäff vum Bund sinn deBundesgerichtshof zuKarlsruhe, d'Bundesverwaltungsgericht zuLeipzig, d'Bundesarbeitsgericht, d'Bundessozialgericht an deBundesfinanzhof zuMünchen. De Groussdeel vun der Applikatioun vum Recht läit an den Hänn vun de Länner. D'Geriichter vum Bund sinn nëmme fir d'Revisiounen zoustänneg a kontrolléieren, ob d'Decisioune vun de Geriichter aus de Länner formal dem Recht entspriechen.

Kuckt heizou d'Artikelen:Politesche System (Däitschland),Politesch Parteien (Däitschland),Grundgesetz

Landkaart vun Däitschland

Aussepolitik

[änneren |Quelltext änneren]

Déi bundesdäitsch Aussepolitik huet als Prioritéit d'Verbindung mam Westen. Däitschland huet beim Opbau vun europäeschen organisatorische Strukturen en entscheedenden Undeel; d'Zil war dobäi laang Zäit, datt den Nopere soll d'Angscht virun Däitschland geholl ginn, an doduerch och d'Limitéierungen duerch d'Besatzer iwwerflësseg ze maachen. D'Bundesrepublik ass zanter1950 Member vum Europarot an huet 1957 deTraité vu Roum ënnerschriwwen, de Grondstee vun der EU vun haut.

Wärend demKale Krich war déi däitsch Aussepolitik zimmlech limitéiert. Dat wichtegst Zil war déi däitsch Eenheet. Militärasätz am Ausland koumen net a Fro, obwuel d'Stationéierung vun amerikanësche Rakéiten a Betruecht gezunn gi war.

Zanter e puer Joer ass d'Bundeswehr - si däerf sech net un Ugrëffskricher bedeelegen an ass just do fir d'Verteidegung vum Land an de Partnerstaaten - a verschiddene Friddensmissiounen a Konflikter dobäi (jeegleche Militärasaatz muss vum Bundestag accordéiert ginn):

Ekonomie

[änneren |Quelltext änneren]

Däitschland feelt et u primäre Ressourcen, dofir ass seng Économie gréisstendeels op den industriellen an den Déngschtleeschtungssecteur konzentréiert. Grouss Fläche vum Land ginn allerdéngs landwirtschaftlech exploitéiert (nëmmen 2-3 % vun alle Beschäftegte sinn am Akerbau). Däitschland ass mat engemBruttoinlandproduk vun iwwer 2,07 BilliounenEuro déi drëttgréissteVollekswirtschaft anIndustrienatioun op der Welt. Ausserdeem exportéiert Däitschland méi wéi jiddwer anert Land op der Welt. Beim Liewensstandard, demHuman Development Index, läit Däitschland allerdéngs nëmmen op der 18. Plaz an der Welt.

00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Am Moment leit déi däitsch Wirtschaft un enger aussergewéinlech héijerAarbechtslosegkeet, virun allem an Ostdäitschland, an un engem relativ niddrege Wirtschaftswuesstëm. D'Sich no den Ursaache vun dëser Kris spléckt d'Gesellschaft: De Patronat an neoliberal Économiste gesinn dee staarken däitscheSozialstaat als Grond, well duerch déi héich Lounniewekäschten d'Betriber an déi méi gënschteg Nopeschlänner auswäichen.Gewerkschaften a Globaliséierungskritiker stäipe sech opkeynesianistesch Modeller a behaapten, datt Kierzungen an de soziale Beräicher den nationale Marché schwäche kéinten.

Als weltwäit konkurrenzfäegst Branchë vun der däitscher Industrie gëllen d'Automobil-, d'elektrotechnesch, d'Maschinnebau- an d'Chimiesindustrie.

Kuckt heizou den Artikel:Wirtschaftsplaz Däitschland

Demographie

[änneren |Quelltext änneren]

Bevëlkerung

[änneren |Quelltext änneren]

Däitschland ass flächeméisseg e bësse méi grouss wéi säi NopeschlandPolen, huet awer mat ronn 82,5 Mio. Mënsche méi wéi duebel sou vill Awunner. Dovu sinn, ethnësch gesinn, ronn 68 Mio. vun däitscher Ofstamung a ronn 15 Mio. anerer Ofstamung. 74,981 Mio. Mënschen hunn déidäitsch Nationalitéit, e puer dozou och nach eng vun engem anere Land. 7,543 Mio. Mënsche sinnAuslänner, also ongeféier 10 % vun der Populatioun.

Kuckt den Artikel:Wunnbevëlkerung an Däitschland

Sproochen

[änneren |Quelltext änneren]

Offiziell Schrëft- anAmtssprooch assStandarddäitsch och nach Houdäitsch genannt. Donieft gëtt et e puer néier-, mëttel- an uewerdäitsch Dialekter, déi deelweis bis an dat not Ausland erareechen.

UnerkannteMinoritéitesprooche sinnDänesch,Frisesch,Sorbesch aRomanes. Donieft gëtt et och nach nidderdäitsch (Niddersächsesch anNidderfränkesch)Regionalsproochen.Niddersächsesch ass zanter1994 duerch d'Sproochecharta vumEuroparot unerkannt.

D'Sprooche vun deene Leit déi keng däitsch Originnen hu respektiv deenen hirMammesprooch net däitsch ass, schwätzen, genee wéi hir Nokommen, virun allemRussesch (ongeféier 5 Mio.),Tierkesch (ongeféier 3 Mio.),Polnesch (ongeféier 2 Mio.). D'Sproochen aus Ex-Jugoslawien, d'Spuenescht a verschidde Sproochen aus denislamesche Länner wäerte méiglecherweis vum Däitschen assimiléiert ginn, anerersäits schéngt et awer och ëmmer méi zu engerGhettoiséierung ze kommen, vun enger ëmmer méi grousser Zuel vunImmigranten, déi keen Däitsch kënnen.

Ausgestuerwe Sproochen

[änneren |Quelltext änneren]

Relioun

[änneren |Quelltext änneren]
Martin Luther (1483-1546)

Duerch d'Grondgesetz ass eng Gedanken-, Gewëssens- a Reliounsfräiheet festgeluecht.

D'Majoritéit vun der däitscher Bevëlkerung ass enger chrëschtlecherKonfessioun ugehéiereg:Réimesch-kathoulesch Kierch 32,4 %,Evangeelesch Kierch 32,0 %,Orthodox Kierch 1,14 % an e minime Prozentsaz ass Member an de chrëschtlescheFräikierche wéi z. B. deBaptisten (Evangeelesch Fräikierchlech Kierch), deMethodisten, der Fräier Evangeelescher Kierch a verschiddenen aneren Ofzweigunge vum Chrëschtentum.

Zu de bedeitendeReliounen an Däitschland gehéieren och denIslam (zirka 3,2 Mio. oder 3,8 % vun der Bevëlkerung), d'Zeugen Jehovas (zirka 164.000 oder 0,2 % vun der Bevëlkerung) an d'Juddentum (zirka 100 000 oder 0,12 % vun der Bevëlkerung).

Ongeféier 27 % vun der däitscher Bevëlkerung (virun allem an denneie Länner) déklaréiern, datt si kengerRelioun ugehéieren. Ausser deene meeschteRelioune gëtt et an Däitschland och Memberen a Symphatisante vun de verschiddensteSekten a spirituelle Beweegungen.

Däitschland gouf zanter derfränkescher Zäitchristianiséiert. D'Reformatioun huet am 16. Joerhonnert an Däitschland an an derSchwäiz ugefaangen, ugestouss duerch Leit wéi denUlrich Zwingli an deMartin Luther. D'Reformatioun ass nach haut déterminéierend fir d'reliéis Landschaft an Däitschland.

Vun de Membere vun den unerkannte Communautéite gëtt eng Kirchenstéier verlangt, den Erléis geet un d'Kirchen.

Kuckt heizou den Artikel:Reliounen an Däitschland

Kultur

[änneren |Quelltext änneren]

Generell

[änneren |Quelltext änneren]

Wéinst der dezentraler Struktur vun Däitschland gëtt et eng Abberzuel vu kulturellen Institutiounen an Événementer, virun allem an de grousse Stied.

Beispiller:Bayreuther Festspiller,Berliner Festwochen,Berliner Philharmonisches Orchester,International Filmfestspiller vu Berlin (Berlinale),Laang Nuecht vun de Muséeen zu Berlin,Frankfurter Buchmesse,Leipziger Buchmesse,Internationale Kurzfilmtage Oberhausen

Déi Däitsch ginn, respektiv goufen, am Réckbléck op eng aussergewéinlech grouss Zuel vun Erfinder a bedeitende Wëssenschaftler (Carl Benz,Otto Hahn,Max Planck,Wilhelm Conrad Röntgen,Albert Einstein,Wernher von Braun,Werner von Siemens asw.), hire klassesche SchrëftstellerLiteratur (Goethe,Schiller asw.), hire berüümteKomponisten (Beethoven,Wagner,Bach, asw.) an hirePhilosophen (Kant,Marx,Nietzsche, etc.) als "Volk der Dichter und Denker" bezeechent.

Kuckt heizou den Artikel:Lëscht vun de bedeitenden Däitschen

Sport

[änneren |Quelltext änneren]

Déi beléiftest Sportaart an Däitschland ass deFoussball; 6,3 Mio. Aktiver aus 170.000 Clibb sinn amDFB organiséiert, deen 2006 d'Foussball-Weltmeeschterschaft ausgeriicht huet. Wat d'Televisiounsquote betrëfft, kann nëmmen d'Formel 1 mat dem Foussball mathalen.Tennis huet nom Enn vumBoris Becker an demSteffi Graf hir Carrière u Popularitéit verluer.

Bildung

[änneren |Quelltext änneren]

D'Bildung an Däitschland läit an den Hänn vun de Länder, gëtt allerdéngs duerch d'Bundeskultusministerkonferenz gereegelt. An alle Länner gëtt et eng néngjäreg Schoulflicht, d'Héichschoulmaturitéit kritt een, jee no Land, no zwielef oder dräizéng Schouljoer.

Quasi all Jugendleche geet duerno op eng weiderféierend Bildungsariichtung. Auszebildender an de Betriber ginn een oder zwéin Deeg an der Woch an engBeruffsschoul. Studente kënnen tëscht wëssenschaftlechenUniversitéiten a méi praxisorientéierteFachhéichschoule wielen.

D'Weiderbildung am Beruff spillt och eng grouss Roll. Aarbechtslosen deelt d'Aarbeechtsamt Weiderbildungsbongen aus.

Reegelméisseg gëtt Däitschland an de leschte Jore vun derOECD fir seng Bildungspolitik kritiséiert. D'Problemer am System ginn zwar erkannt, mä verbessert gouf nach näischt. Déi däitsch Depensë fir d'Bildung leien am OECD-Vergleich ënner dem Duerchschnëtt. E besonnesche Schwaachpunkt sinn dobäi déi éischt Schouljoren, dogéint gëtt vill an d'Héichschoulen investéiert.

Verkéier

[änneren |Quelltext änneren]

DeStroosseverkéier huet an der zweeter Hallschent vum20. Joerhonnert d'Eisebunn als wichtegst Verkéiersmëttel ofgeléist. Däitschland huet eent vun den dichtesteStroossennetzer op der Welt, mat 11.980 kmAutobunn an 41.386 km Stroosse vum Bund. D'Eisebunnsnetz vun derDeutsche Bahn AG ass an de leschte Joren ëmmer méi kleng ginn, wärend de Fluchverkéier ëmmer méi zougeholl huet. De Fluchhafe vuFrankfurt am Main ass d'Haaptachs vun der däitscher FluchgesellschaftLufthansa. Obwuel d'Ëmweltschied doduerch ëmmer méi grouss ginn a virun allem duerch déi zwee Verkéiersmëttel d'Global Erhëtzung accéléréiert gëtt, ass déi däitschVerkéierspolitik op weidert Subventionéiere vu Strooss a Fliger amplaz op d'Subventiounéiere vun der Eisebunn ausgeriicht.

Kuckt dozou d'Artikelen:Lëscht vun den däitschen Eisebunnsgesellschaften,Lëscht vun den Autobunnen an Däitschland,Lëscht vun den Eisebunnsstrecken an Däitschland

Feierdeeg

[änneren |Quelltext änneren]

D'Feierdeeg an Däitschland ginn duerch Gesetzer vun den eenzele Länder gereegelt. Néng Feierdeeg an all d'Sonndeger gëllen a ganz Däitschland no der Constitutioun als "Tag der Arbeitsruhe und der seelischen Erhebung".

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]

Verschiddenes

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Däitschland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Administratioun

[änneren |Quelltext änneren]

Statistiken

[änneren |Quelltext änneren]

Kultur a Sport

[änneren |Quelltext änneren]

Verschiddenes an Allgemenges

[änneren |Quelltext änneren]
Memberstaate vun derEuropäescher Unioun
Aktuell Memberen
Fréier Memberen
Memberstaate vun derNATO

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Däitschland&oldid=2638005
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp