Cross-country-Laf, ochCross-Laf oder einfachCross, ass eng Disziplin am Lafen. Si huet eng laang Traditioun a gëtt zu de Laangstreckeleef gezielt. Et gëtt tëscht normalem Cross a Sprintcross ënnerscheet.
Crosslaf gëtt, wéi den Numm et scho seet op enger Wiss oder op Bëschweeër gelaf. De Parcours gëtt mat Hënnernesser méi schwéier gemaach. Déi Hënnernesser mussen awer ze bewältege sinn, an zwar sinn dat: Plazverhältnesser (Bulli), Profil vun der Streck (géi Koppen, wéi z. B. beimEurocross) oder Hürden an Trapen.
Crosslaf erfuerdert Ausdauer, Vitess, mental Stäerkt an Duerchhalverméigen. Crosslaf gëtt am Wanter praktizéiert an ass en Deel vumOlympesche Fënnefkampf. D'Championater ginn am Februar/Mäerz ausgedroen.
Cross ass och gutt, fir sech op d'Pistesaison virzebereeden.
Cross Country ass och zu Lëtzebuerg eng populär Sportaart. Fir dat ganzt méi interessant ze maachen, ginn al Joer 7 Crosser a Lëtzebuerg gelaf. Déi beschte Leefer kréie Punkten, déi zu engem Generalklassement zesummegezielt ginn, demChallenge Peters Sports.