Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Creative Commons

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just engSkizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Creative Commons (de: „schöpferisches Gemeingut, Allmende“) ass eng Gesellschaft, déi amInternet verschidde Standardlizenzkontrakter verëffentlecht, fir mat Hëllef vun hiren Auteuren an hire Wierker, wéi z. B. Texter, Biller, Musek... asw., der Ëffentlechkeet d'Rechter fir se ze benotze kënne ze ginn.

Rechtermoduler

[änneren |Quelltext änneren]

Aktuell (Versioun 3.0) gëtt et 6 Lizenzméiglechkeeten, déi ee sech mat de Rechtermoduler selwer zesummebastele kann. Zanter der Versioun 2.0 gëtt d'Méiglechkeet "Domaine public" net méi ugebueden, soudatt d'Basisversioun "CC BY" ass, a jee no Bedarf weider Moduler derbäigesat gi fir sech eng Lizenz nom perséinleche Bedarf op d'Mooss zesummenzesetzen.

IkonOfkierzungNumm vum ModulKuerzerklärung
byNummnennung (Englesch: Attribution)Den Numm vum Auteur muss genannt ginn.
ncNet kommerziell (Non-Commercial)D'Wierk däerf net fir kommerziell Zwecker gebraucht ginn, woumat no EU-Recht och de Verkaf dee grad emol käschtendeckend ass verbuede gëtt.
ndKeng Beaarbechtung (NoDerivatives)D'Wierk däerf net verännert ginn.
saWeidergab ënner de selwechte Bedingungen (ShareAlike)D'Wierk muss no Verännerungen ënner der selwechter Lizenz weidergi ginn.

Beispill: D'Texter vun derWikipedia sinn ënner der CC BY-SA Lizenz verëffentlecht. Dat heescht also, datt bei d'Basisversioun CC BY nach de Modul SA koum, an d'Texter vu jiddwerengem gebraucht a reproduzéiert gi kënnen, och a verännerter Form, ënner de Konditiounen (1) datt d'Auteuren déi zum Artikel bäigedroen hu genannt ginn (ze gesinn ënner dem Reider "Versioune weisen"), an (2) datt d'Lizenz déi selwecht bleiwe muss an och mat "CC-by-sa/3.0" ugi gëtt. Fir e Wikipedia-Artikel richteg ze zitéiere klappt een am beschte lénks d'Geschirkëscht op a klickt do op "Dës Säit zitéieren".

Projet cc-lu

[änneren |Quelltext änneren]

D'Adaptatioun vun der Creative Commons Lizenz un d'lëtzebuergesch Jurisdictioun ass vun derLuxcommonsa.s.b.l. de 15. Oktober 2007 lancéiert ginn[1]. Apaart um Projet ass datt déi lëtzebuergesch Lizenz direkt an der Versioun 3.0 erauskoum.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Quell:Luxcommons CC-lu Launch Event 15.10.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Creative Commons – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Creative_Commons&oldid=2641252
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp