Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Computer

Vu Wikipedia
En Design vun engem modernenDesktopPersonal Computer vun 2005
En Amiga 1000 Computer vun 1985
En Apple II vun 1977
E Commodore PET Personal Computer vun 1977
En Altair 8800 Computer vun 1975
Den Intel 8008 Mikroprozessor vun 1972
Den Zuse Z3 vun 1941

EComputer (vumengl.to compute „rechnen“) ass en Apparat, deenInformatioune mat programméiertenAlgorithme (Computerprogrammer) verschaffe kann. E Computer ass also engRechemaschinn, déi zousätzlech fräi programméiert ka ginn.

Uganks waren d'Computeren op d'Verschaffe vun Zuele beschränkt, mä hautdesdaags si s'an den Industrienatiounen a praktesch alle Beräicher vum Liewen erëmzefannen. A Firmen an Administratiounen gi se fir d'Späicheren, d'Verschaffen an d'Visualiséiere vun Informatioune benotzt. Fir Natur- an Ingenieurswëssenschafte sinn déi zur Zäit leeschtungsstäerkste Computeren dat wichtegst Aarbechtsgeschier iwwerhaapt, dat komplex Mechanismensimuléiert, z. B. an der Klima- oder an der Nuklearfuerschung. Et sinn och ëmmer méi Privatleit, déi e Computer fir déi ënnerschiddlechst Uwennunge benotzen, a sief et nëmme fir sech mat Computerspiller z'ënnerhalen.

Déi meescht technesch Apparater, vum Telefon iwwer dem Zänndokter säi Buerer, bis hin zur Mënzpréifung an engem Wuerenautomat, ginn haut vun integréierte Klengstcomputere gesteiert.

Provenance vum Numm

[änneren |Quelltext änneren]

Den englesche BegrëffComputer, vum Verbto compute (vumlat.computare, „zesummerechnen“), huet ufanks Mënsche beschriwwen, déi laangwiereg Berechnunge gemaach hunn, zum Beispill d'Astronomen am Mëttelalter. 1938 huet deKonrad Zuse den éischte fräi programméierbare mechanesche Rechner gebaut, deen am haitege Sënn schonn dem Begrëff entsprach huet. Am Numm vum 1946 virgestalltenElectronic Numerical Integrator and Computer (kuerz ENIAC) daucht d'Wuert fir d'éischt als Bestanddeel vum Numm op. Doduerch huet sech Computer als Gattungsbegrëff fir déi neiaarteg Maschinnen etabléiert.

Geschicht

[änneren |Quelltext änneren]
  • 15 - 16. Joerhonnert: DeLeonardo Da Vinci hat Pläng gemaach fir déi éischt Rechemaschinn, déi mat Zännrieder sollt funktionéieren.
  • 1822: huet de MathematikerCharles Babbage an England den éischte mechanesche programméierbare Computer entwéckelt fir Steieren ze berechnen. En hat och e Budget fir en ze bauen, mais dee Computer gouf ni fäerdeg gebaut.
  • 1938: DeKonrad Zuse huet denZuse Z1, e fräi programméierbare mechanesche Rechner gebaut, deen awer wéinst Problemer mat der Fäerdegungsprezisioun ni richteg funktionéiert huet. Den Z1 huet schonn d'Fléisskommarechnung beherrscht. AmZweete Weltkrich gouf en zerstéiert a spéider no den Originalpläng komplett nei gebaut, mat Deeler, déi vu moderne Fräs- an Dréibänke gemaach goufen. Deen Nobau vum Z1 ass mechanesch voll funktiounsfäeg an huet eng Rechevitesse vun 1Hz (eng Rechenoperatioun pro Sekonn).
  • 1941: DenZuse Z3, deen de Konrad Zuse an deem Joer fäerdeg huet, gëllt haut als deen éischte wierklech funktiounsfäege Computer vun der Welt. Et ass een elektromechanesche Computer. Als Motivatioun fir en ze baue gëtt alt behaapt, datt den Zuse ze liddereg war fir op der Hand ze rechnen.
  • 1947: D'Erfindung vum Transistor (John Bardeen, Walter Houser Brattain an William Shockley).
  • 1958: D'Erfindung vum integréierten Schaltkreess, dem IC (Jack Kilby an Robert Noyce).
  • 1968: D'Erfindung vumMikroprozessor (Marcian Edward Hoff).
  • 1969: Éischt Realisatioun vun engem Mikroprozessor, demIntel 4004 (Federico Faggin).
  • 1971: Éischte Mikroprozessor umMaart, denIntel 4004 (Federico Faggin).
  • 1975: Ee vun den éischteMikrocomputeren, deen aSeriëfabrikatioun geet an um Marché verkaaft gëtt, denAltair 8800.
  • 1976: De MikrocomputerApple I geet an d'Seriëfabrikatioun, deen éischtePersonal Computer alsKit, fir selwer zesummenzebauen.
  • 1977: De Personal ComputerCommodore PET geet an d'Massen-Seriëfabrikatioun, deen éischtePersonal Computer, deen een direkt ka benotzen.
  • 1977: De Personal ComputerApple II geet an d'Massen-Seriëfabrikatioun, ee Personal Computer deen een direkt ka benotzen.
  • 1981: Éischte Betribssystem firx86 Personal Computer, denMS-DOS.
  • 1981: Éischte Personal Computer mat MS-DOS, denIBM Personal Computer.
  • 1984: Éischte Personal Computer matMaus,Tastatur an engergraphescher Benotzeruewerfläch, denApple Macintosh.

Iwwer vill Tëschenetappe gouf de Computer vun hallwer Foussballsterraingréisst op Raum- an duerno Schafgréisst verklengert. Deen éischte kommerziell erfollegräiche Computer fir doheem, denApple II, gouf vun Apple Computer an de70er Joren an der Garage vumSteve Jobs sengem Elterenhaus gebaut, no de Pläng vumSteve Wozniak ënner der Leedung vum Jobs. Wéi IBM de Potential vum Ee-Mann-Computer realiséiert huet, hu si1981 deen éischtePersonal Computer presentéiert, mat engemBetribssystemMS-DOS, deen IBM beimBill Gates vuMicrosoft fir 80.000 $ op Liewenszäit lizenséiert huet.Apple Computer huet net geschlof an umApple Macintosh geschafft, deem éischte Computer mat Maus a Fënsteren um Schierm, deen den 1. Januar1984 presentéiert gouf.

Meilesteng vum moderne Computer

[änneren |Quelltext änneren]

D'Meilesteng vum modernen elektroneschen digitale Computer baséieren op 4 Etappen:

  1. D'Entwécklung vum integréierte Circuit an de50er-Joren.
  2. D'Entwécklung vun engerProgramméiersprooch Enn vun de60er-Joren, warscheinlechC vumKernighan aRitchie beiAT&T.
  3. D'Entwécklung vun engem BetribssystemUnix, och bei AT&T.
  4. DenInternet mamTCP/IP-Protokollgrupp.

Funktiounsweis

[änneren |Quelltext änneren]

Grondsätzlech muss ee bei engem Computer tëscht zwéi Beräicher ënnerscheeden: derHardware, déi déi physesch Komponente vum Computer duerstellt, an derSoftware, ënner där een d'Programméierung vum Computer versteet.

Hardwarearchitektur

[änneren |Quelltext änneren]

No der Beschreiwung vumJohn von Neumann vun1946, déi als „Von-Neumann-Architektur“ an d'Geschicht agaangen ass, definéiert een och haut nach ëmmer véier Haaptkomponente fir e Computer:

  • d'Recheneenheet (Arithmeetesch-Logesch Eenheet (ALU)),
  • d'Steiereenheet,
  • de Späicher an
  • d'An- an Ausgabeenheet(en).

An den haitege Computere sinn d'Rechen- an d'Steiereenheet meeschtens zu engem eenzege Baustee verschmolt, der sougenannterCPU (Central Processing Unit „zentraleProzesser“).

Softwarearchitektur

[änneren |Quelltext änneren]

E Computer versteet eigentlech just eng ganz limitéiert Zuel vun definéierten, einfache Befeeler. Typesch Befeeler sinn z. B. „kopéier de Contenu vun der Späicherzell 5 a setz en an d'Zell 10“, „addéier de Contenu vun der Zell 7 bei de Contenu vun der Zell 13 a setz d'Resultat an d'Zell 20“, „wann de Contenu vun der Zell 999 genee 0 ass, dann ass den nächste Befeel an der Zell 30“.

Déi Befeeler bestinn ausBinärcoden, der sougenannter Machinnesprooch. Sou ass z. B. de Code fir eng bestëmmt Kopéieroperatioun fir Intel-Mikroprozessoren „10110000“. Elo schreift awer keen e Softwareprogramm direkt an der Maschinnesprooch, mä éischter an engerProgramméiersprooch, déi spéider da vun engemCompiler automatesch a Maschinnesprooch ëmgewandelt gëtt.

Fir datt net all Programméierer d'Rad erëm komplett frësch erfanne muss, setze modern Programmer dacks op aner Programmer wéi d'Betribssystem (z. B.Windows oderLinux) oder Befeelsdatebanken (z. B.dll-Dateien) op.

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Computer hardware – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Computer&oldid=2611579
Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2026 Movatter.jp