Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Coco Chanel

Vu Wikipedia
Coco Chanel
am Joer 1931
GebuertsnummGabrielle Chasnel
Gebuer19. August1883
Saumur
Gestuerwen10. Januar1971
Hôtel Ritz
NationalitéitFrankräich
AktivitéitMoudendesigner, Direkter, Modist, Couturier, Costumedesigner
Famill
Liewenspartner(in)Hans Günther von Dincklage

D'Gabrielle Chasnel, genanntCoco Chanel, gebuer den19. August1883 zuSaumur a gestuerwen den10. Januar1971 zuParäis, war eng franséischMoudendesignerin a Geschäftsfra. Si huet an de fréien 1910er Joren de spéidereMoudenimperiumChanel gegrënnt a gëllt als bedeitend Perséinlechkeet an der Geschicht vun derMoud.

Vun 1913 un huet si déi deemools bal revolutionär, funktionell Dammemoud fir selbstbewosst modern Frae matlancéiert. Déi huet sech duerch engJupe bis op d'Wueden oder eng laberBox charakteriséiert, mat lasse Gezei fir den Uewerkierper, dat mat engemRimm zesummegehale ginn ass, an dacks enger Coupe mat kuerzen Hoer.

An den 1920er huet d'Coco Chanel dat "klengt Schwaarz" entwéckelt, eRack, dee bis haut e Klassiker an der Dammemoud ass. 1922 huet si deParfumChanel Nº 5 op de Maart bruecht, deen als de meeschtverkaafte Parfum op der Welt gëllt. Mëtt der 1950er Joren ass hire Chanel-Costume weltbekannt ginn.

D'Coco Chanel war bekannt fir hir Determinatioun, hir Ambitioun an hir Energie, déi si an hirem Beruffs- an och an hirem Privatliewe gewisen huet. Doduerch huet si et souwuel zu finanziellem Erfolleg als Geschäftsfra wéi och zu sozialer Prominenz an der franséischer High Society bruecht, ënner anerem och wéinst de Bekanntschaften, déi si duerch hir Aarbecht geknëppt huet.

Der Coco Chanel hir EntrepriseChanel ass haut weltwäit aktiv. Mat 6,6 Milliarden Euro Joresëmsaz(2014)[1] gehéiert se zu de gréissten a wichtegsten an der Moudebranche.

Wéinst der Influenz vun hirem Wierken, besonnesch wat d'Haute Couture betrëfft, ass si 1999 als eenzeg Persoun vun hirer Beruffsgrupp op d'Lëscht vun den 100 aflossräichste Persoune vum 20. Joerhonnert opgeholl ginn, déi vun der ZäitschrëftTime kompiléiert ginn ass.

Biller

[änneren |Quelltext änneren]
  • E Costume vun 1965
    E Costume vun 1965
  • De Parfumsflakon Nº 5
    De Parfumsflakon Nº 5
  • Variatioune vum "Klenge Schwwarzen"
    Variatioune vum "Klenge Schwwarzen"

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Coco Chanel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. lemonde.fr:Chanel en grande forme, Richemont et Prada à la peine (16. September 2015)
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Coco_Chanel&oldid=2515674
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp