Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Clyde Tombaugh

Vu Wikipedia
Clyde Tombaugh
Gebuer4. Februar1906
Gestuerwen17. Januar1997
Las Cruces
NationalitéitUSA
EducatiounUniversitéit vum Kansas
AktivitéitAstronom, Universitéitsprofesser
GielercherJackson-Gwilt Medail

DeClyde William Tombaugh, gebuer de4. Februar1906 zuStreator amIllinois, a gestuerwen de17. Januar1997 zuLas Cruces amNew Mexico, war enUS-amerikaneschenAstronom.

Den Tombaugh huet1930 denZwergplanéitPluto entdeckt, dee bis2006 als den néngtePlanéit vun onsemSonnesystem ugesi gouf.

De Clyde war en Autodidakt. Hien huet vu sech ausGeometrie anTrigonometrie geléiert. Am Alter vun 20 Joer huet hie säin éischtTeleskop gebaut.

Hien huet deMars an deJupiter observéiert an huet demLowell-Observatoire zuFlagstaff, d'Zeechnunge vu sengen Observatioune geschéckt.

Eigentlech hat hie sech nëmmen Hëllef an Iddie vun där Säit erwaart, awer deVesto Melvin Slipher, den Direkter vum Observatoire, huet him1929 eng Plaz als Fuerschungsassistent (junior astronomer) ugebueden. Den Tombaugh huet déi Plaz ugeholl a blouf 14 Joer do.

Den18. Februar1930 huet hien d'Entdeckung vu sengem Liewe gemaach, wéi hien e beweeglechen Objet als de laang gesichtenTransneptuneschen Objet erkannt huet.

An de Joren duerno huet den Tombaugh nach méi wéi honnertAsteroiden entdeckt, an och zwéin neiKoméiten.

Den19. Januar2006, ass engRaumsond mat dem NummNew Horizons op de Pluto geschéckt ginn, fir deen z'erfuerschen. U Bord vun der Sond goufen och Äsche vum Clyde Tombaugh matgeschéckt.

De Clyde Tombaugh war zanter1934 mat der Patricia (Patsy) Edson bestuet, an d'Koppel hat zwee Kanner.

Gielercher

[änneren |Quelltext änneren]

No him benannt sinn ë. a. d'Tombaugh-Cliffs an der Antartktis, den Asteroid(1604) Tombaugh, deMarskraterTombaugh, de periodescheKoméit274P/Tombaugh-Tenagra an d'Tombaugh-Regioun, eng Regioun um Zwergplanéit Pluto.

Literatur

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Clyde Tombaugh – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Clyde_Tombaugh&oldid=2535102
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp