Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Clint Eastwood

Vu Wikipedia
Clint Eastwood
Gebuer31. Mee1930
San Francisco
NationalitéitUSA
EducatiounLos Angeles City College,
Seattle University,
Oakland Technical High School,
Piedmont High School
AktivitéitFilmproduzent, Filmschauspiller,Filmregisseur, Gastronom,Komponist,Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller,Regisseur,Schrëftsteller, Aktivist,Sänger
AuteursrechterWierker sinn duerch Auteursrechter geschützt
ParteiLibertarian Party,Republican Party
FonctiounPresident vun der Jury am Filmfestival zu Cannes
Member vunAmerican Academy of Arts and Sciences
GielercherCommandeur vun der Légion d'honneur, Commandeur des Arts et des Lettres‎, National Medal of Arts, Directors Guild of America Award, Oscar fir de beschte Regisseur, Oscar fir de beschte Regisseur, Oscar fir de beschte Film, Oscar fir de beschte Film, Kennedy-Präis,Golden Globe Awards,César du cinéma, Gëllene Léiw, Golden Boot Awards, Golden Boot Awards
Famill
Bestuet matDina Eastwood (31.3.1996–12.2014),
Maggie Johnson (15.12.1953–1984)
Liewenspartner(in)Sondra Locke (1975–1989),
Frances Fisher (1.1.1990–1.1.1995),
Christina Sandera (2014–18.7.2024)
PappClint Eastwood Sr.
MammMargaret Ruth Runner
KannerKyle Eastwood, Alison Eastwood, Scott Eastwood, Francesca Eastwood, Morgan Eastwood, Kathryn Eastwood, Kimber Lynn Eastwood

DeClint Eastwood, gebuer den31. Mee1930 alsClinton Eastwood Jr., Jong vun der Francesca Ruth Runner an dem Clinton Eastwood Sr., zuSan Francisco aKalifornien, ass enUS-amerikanescheSchauspiller,Filmregisseur, Produzent,Komponist aPolitiker.

Privatliewen

[änneren |Quelltext änneren]

Dem Clint Eastwood seng Famill huet schottesch, iresch, hollännesch an englesch Wuerzelen. Seng Kandheet huet hien an der Bucht vunOakland verbruecht. Säi Papp war Comptabel (eenzel Quelle soen och Stolaarbechter), deen an der amerikanescher Depressiounszäit an den 30er Jore seng Aarbecht verluer huet. Hien huet sech du mat senger Famill op der Westküst duerchgeschloen an op Bensinnsstatioune geschafft.

De Clint ass an 10 verschidde Schoule gaangen. A senger Jugend huet hien als Bëschaarbechter amOregon, als Aarbechter an engem Stolwierk, als Schwammmeeschter, op Bensinnsstatiounen an als Magasinier am Ersatzdeellager vuBoeing zuSeattle geschafft.

De Clint Eastwood war zweemol bestuet. Hien huet néng Kanner (fënnef Meedercher a véier Jongen) an dat vu fënnef verschiddene Fraen.

1953 huet hien d'Maggie Johnson bestuet (e Bestietnes dat bis 1978 gehalen huet) an hat mat hir 2 Kanner: (Kyle *1968 an Alison *1972).

1960 huet hien d'Roxanne Tunis kennegeléiert mat där hien eng laangjäreg Affär hat. De 17. Juni 1964 gouf hir DuechterKimber gebuer.

1978 léisst hie sech vu senger éischter Fra Maggie Johnson scheeden. E lieft 15 Joer laang (vun 1975 bis 1990) mat der SchauspillerinSondra Locke zesummen.

Carrière beim Film

[änneren |Quelltext änneren]

Ufank

[änneren |Quelltext änneren]

Schonn1954 huet de Clint Eastwood säin éischte Filmvertrag beiUniversal ënnerschriwwen (fir 75 Dollar d'Woch), mä hien ass laang Zäit net iwwer de Statistestatus erauskomm. Säin éischten Optrëtt huet hien 1955 an "Revenge of the Creature". Mä a ville Filmer muss ee scho ganz genee hikucke wann een en net verpasse wëllt, z. B. als Bomberpilot anTarantula!. Wärend där Zäit muss hien dacks op dat auswäiche wat en tëscht der Schoul a bei der Arméi geléiert huet: Piscinë botzen an als Schwammmeeschter schaffen.

Seng Filmrolle sinn ëmmer méi kleng ginn a schliisslech war hie frou wéi en1959 eng Haaptroll an enger Televisiounsserie krut: Deen naiven an onerfuerene Rowdy Yates an der SerieRawhide, déi duerno zimmlech erfollegräich ginn as. Vun1958 bis1965 huet hien den zweete Mann nieft dem Trekker Gil Favour (Eric Fleming) op engem Véidriff gespillt, deen ënnerwee ëmmer erëm opgehale gouf.

An der leschter Staffel huet den Eastwood d'Haaptroll iwwerholl, et sollt awer säin Äddi vun der Tëlevisioun sinn.

Vun 1964 bis 1970

[änneren |Quelltext änneren]

De RegisseurSergio Leone huet en amerikaneschen Acteur fir säi FilmPer un pugno di dollari gesicht. DenHenry Fonda an denJames Coburn ware fir de Budget vum Film awer ze deier, an dunn huet de SandalefilmschauspillerRichard Harrison dem Leone de Clint Eastwood virgeschloen.

Dem Leone säi bëlleg produzéierte Western ass an Europa e sensationellen Erfolleg ginn, an huet domat e richtege Boom fir Italo-Western augesléist. De Clint Eastwood, deen d'Haaptroll als wéineg gespréichegen, "coolen" Kappgeldjeeër, gespillt huet an éiweg en Zigarillo am Bak hat (wéi hie selwer an engem Interview gesot huet ass him am Ufank bal schlecht ginn dovun), huet domat de Grondstee fir seng Carrière an och fir säin Image geluecht. 1965 a 1966 huet hien dunn och d'Haaptroll am Leone senge FilmerPer qualche dollaro in più,anIl buono, il brutto, il cattivo gespillt.

1968 goung den Eastwood zeréck opHollywood, wou hien a verschiddene Filmer weider säin Image als Revolverheld respekiv "grousen Haarde" fleegt wéi z. B. anHang 'em high (1968) oderKelly's Heroes (1970).

Vun 1971 bis an d'80er

[änneren |Quelltext änneren]

1971 ass dem Clint Eastwood zu Hollywood deen definitiven Duerchbroch gelongen. Ënner der Regie vum Don Siegel hat hien d'Haaptroll als Harry Callahan am Film "Dirty Harry". A senger Filmroll spillt hien en Inspekter dee mat zimmlech zweiwelhafte Methoden (no beschter Wild-West-Manéier) op Verbriecherjuegd geet. Den "Dirty Harry" gëtt eng Aart Kult-Figur. Am selwechte Joer dréint den Eastwood och säin éischte Film als Regisseur, de Psycho-ThrillerPlay Misty for Me.

Als Action- a Westernheld zielt den Eastwood bis an d'80er Joren zu de weltwäit populäerste Filmschauspiller. E spillt nach e puermol d'Roll vum Inspecter Harry Callahan an ass an Action-Filmer wéi "Thunderbolt and Lightfoot" (1974) oder "The Gauntlet" (1977) erfollegräich.

Parallel zu senger Carrière als Acteur profiliéiert sech de Clint Eastwood och als Filmregisseur. Hien dréint Filmer, wéiThe Outlaw Josey Wales, e Western (1976) oderBird, d'Biographie vum Jazz-MusekerCharlie Parker.

1986 gëtt den Eastwood Buergermeeschter zuCarmel-by-the-Sea. Op der Lëscht vun de Republikaner hat hien 72 % vun de Stëmme kritt. No 2 Joer huet hie seng Demissioun ginn.

1993 spillt en am ThrillerIn the Line of Fire een FBI-Agent deen an den Alter komm as.

1992 fënnt e mat dem Western "Unforgiven" d'Unerkennung vun Hollywood a kritt als Regisseur a Produzent vum Film säin éischtenOscar. Fir säi Wierk als Produzent gëtt en 1994 mamIrving G. Thalberg Memorial Award ausgezeechent.

1995 ass den Eastwood Regisseur an Haaptduersteller, nieft der Meryll Streep, an der melancholescher Libesgeschicht "The Bridges of Madison County".

Den 29. Februar 1996 kritt e vumAmerican Film Institute (AFI) deLive Achievement Award fir säi Liewenswierk als Schauspiller, Regisseur a Produzent.

Zanter 1993 ass den Eastwood nëmmen nach ënner eegener Regie am Kino ze gesinn. En dréint Thriller wéi "Absolute Power" (1996) oder "Blood Work (2002). 2003 kann hien als Regisseur vum däischteren Drama "Mystic River" bei de Filmkritiker e groussen Erfolleg verbuchen.

2005 ass en de grousse Gewënner vun der Oscar-Verdeelung a kritt fir säi Boxer-Drama "Million Dollar Baby säin 2. Regie-Oscar.

Filmer als Schauspiller

[änneren |Quelltext änneren]

Kino

[änneren |Quelltext änneren]

Televisioun

[änneren |Quelltext änneren]
  • Rawhide - Serie (1959 - 1966) (217 Episoden)

Filmer als Regisseur

[änneren |Quelltext änneren]

Kino

[änneren |Quelltext änneren]

Televisioun

[änneren |Quelltext änneren]

Filmer als Komponist

[änneren |Quelltext änneren]

Kuckt och

[änneren |Quelltext änneren]

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
 Commons: Clint Eastwood – Biller, Videoen oder Audiodateien
Autoritéitskontroll
Sozial Medien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Clint_Eastwood&oldid=2605395
Kategorien:
Verstoppt Kategorien:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp