Movatterモバイル変換


[0]ホーム

URL:


Op den Inhalt sprangen
Wikipedia, déi fräi EnzyklopedieDéi fräi Enzyklopedie
Sichen

Cliff Burton

Vu Wikipedia
Cliff Burton
Gebuer10. Februar1962
Castro Valley
Gestuerwen27. September1986
DoudesursaachVerkéiersaccident
NationalitéitUSA
EducatiounChabot College
AktivitéitMuseker, Gittarist
Member vunMetallica

DeClifford Lee "Cliff" Burton, gebuer den10. Februar1962 zuCastro Valley,Kalifornien, a gestuerwen de27. September1986 no beiLjungby aSchweden, war en US-amerikanesche Bassist, dee mat der Trash-Metal-BandMetallica bekannt gouf. Hie goufCliff Burton oder einfach nëmmeCliff genannt.

Liewen

[änneren |Quelltext änneren]

De Cliff as1962 als drëtt Kand vu sengenHippie-Elteren Jan a Ray gebuer ginn. Hien hat zwee Gesëschter an ass op d'Highschool zuSan Francisco gaangen, wou hie Museksstonne geholl huet. Als éischt huet hiePiano spille geléiert, am Joer1976 dannE-Bass. Dës Instrumenter hu säi Museksgoût ausgemaach, dee ganz ofwiesselungsräich an aussergewéinlech war, hien huet nämlechRockmusek vuMotörhead,Jimi Hendrix aBlack Sabbath, awer och klassesch Musek gelauschtert.

Nodeem hien d'Highschool am Joer1980 gepackt hat, ass de Cliff derHeavy Metal-BandTrauma bäigetrueden.Metallica, seng spéider Erfollegsband, war, nodeem deRon McGovney ausgetruede war, op engem Concert vu Trauma dobäi, a si ware sou vum Cliff Burton sengem Talent um Bass, besonnesch bei sengem Solo, faszinéiert, datt si hien nom Concert gefrot hunn ob hie sechMetallica wéilt uschléissen.

Metallica

[änneren |Quelltext änneren]

Bei Metallica hat de Cliff säi gréissten Erfolleg.

Hien huet mat hinnen 3 Albumen opgeholl:Kill 'em All,Ride The Lightning anMaster Of Puppets. Hien huet sech aktiv um Songwriting bedeelegt, dëst souwuel bei den Texter wéi bei der Musek. Den Numm vum éischten AlbumKill 'em All kënnt och vun him. Hie war bekannt fir seng Bass-Soloen, zu engem Deel an de Studioopname vunOrion oderAnesthesia Pulling Teeth, engem 4 Minutte laange Bass-Solo, zum aneren op de Concerten, wou hien eng Improvisatioun mat verschiddenen Deeler vunAnesthesia spillt. Seng Soloe sinn fir d'Benotzung vuWah-Wah anDistortion-Effekter bekannt. Dës benotzt hien och an de LidderFor Whom The Bell Tolls anThe Call Of Ktulu, béid vum AlbumRide The Lightning. De chromateschen Intro vuFor Whom The Bell Tolls gëtt och vum Cliff um Bass gespillt, e gëtt awer dacks iertemlecherweis als Gittarsmelodie gehalen. D'Haaptmelodie vun deem Lidd huet hien och erfonnt. Dat reng instrumentaalt LiddOrion vum AlbumMaster Of Puppets gëtt vu ville Fans als "säi" Lidd ugesinn. Dëst huet domat ze dinn, datt déi meescht Melodien aus senger Fieder stamen. Et kritt een de Bass a kaum soss engem Metallica-Lidd souvill ze héiere wéi an dësem: nom vum Bass gespillten Intro spillt dësen, alt erëm mat Verzerrung, eng Bridge. De rouegen Deel ass och vum Cliff gespillt. Dëse Riff gëtt dacks als "Cliff's Riff" bezeechent, obwuel en zu senge Liefzäiten ni live gespillt gouf. Zum Schluss kënnt dann nach e Bass-Solo, deen eenzege "richtege" Bass-Solo dee Metallica an engem Lidd jee abruecht huet.

De Burton huet sech niewebäi och vill mat Poesie beschäftegt. Ee vu senge beschten a bekanntste Spréch gouf no sengem Doud vu senge Kolleegen an d'instrumentaalt Lidd "To Live Is To Die" abruecht. Och vun dësem Lidd gouf den Haaptriff vum Burton geschriwwen.

Doud

[änneren |Quelltext änneren]

No engem Concert zuStockholm ass den Tourbus vuMetallica de 27. September 1986 géint 7 Auer moies op enger klenger Strooss kuerz virun der StadLjungby a Schweden an d'Schleidere komm an ëmgetippt. D'Leit am Bus si mat liichte Blessuren ewechkomm. Nëmmen de Cliff Burton, deen zum Zäitpunkt vum Accident a senger Kabinn geschlof huet, gouf duerch d'Fënster geschleidert an ass ënner dem schwéiere Bus leie bliwwen.

De Chauffer vum Bus huet kuerz nom Accident behaapt, d'Ursaach wier eng veräiste Strooss gewiescht, doropshin ass denJames Hetfield déi lescht 500 Meter, déi de Bus gefuer war, ofgelaf, konnt awer néirens Äis entdecken. Den Hetfield sot, datt de Chauffer no Alkohol geroch hätt. Hie war sou rosen op de Chauffer datt hien en op der Plaz entlooss huet an en op d'Geriicht geholl huet, allerdéngs gouf de Chauffer do fräigesprach.

Ekipement

[änneren |Quelltext änneren]

De Cliff hat 3 Bassgittaren, dorënner eeRickenbacker 4001. 2 Verstäerkeren an 3 Effektpedallen. Hien ass ee vun den éischte Bassisten déi op hire Concerte matDistortion- oderWah-Wah-Pedalle gespillt hunn.

Um Spaweck

[änneren |Quelltext änneren]
Commons: Cliff Burton – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vun „https://lb.wikipedia.org/w/index.php?title=Cliff_Burton&oldid=2582646
Kategorien:
Verstoppt Kategorie:

[8]ページ先頭

©2009-2025 Movatter.jp