| Clementine (Äerdmoundsond) | |
| Missiounszil | Äerdmound |
| Client | US-Verdeedegungsministère |
| Drorakéit | Titan 23G |
| Startmass | 424 kg (inklusiv Dreifstoff) |
| Startdatum | 25. Januar1994 |
| Startramp | Vandenberg Air Force Base |
| Enddatum | 14. Mee1994 |

Clementine war eng US-amerikanesch Raumsond, déi1994 denÄerdmound ausgefuerscht hat.
Mat der Sond Clementine déi vumNaval Research Laboratory gebaut gouf, wollt deVerdeedegungsministère vun de Vereenegte Staaten eng nei Generatioun vu Kameraen, Solarzellen an aner Instrumenter testen. Als Zilobjet gouf de Mound erausgesicht. Zanter demExplorer 49 am Joer1973 hat keng US-Sond méi de Mound ugeflunn. Mat engemSwing-bymanöver beim Mound sollt d'Sond spéider aus dem Äerdschwéierfeld katapultéiert ginn an denAsteroid(1620) Geographos erfuerschen. Fir déi Missioun huet den US-Verdeedegungsministère du mat derNASA zesummegeschafft. Et waren och Systemer ausFrankräich vertrueden. D'Sond hat 80 Milliounen US-Dollar kascht an hat e Gewiicht vu 424 kg.
D'Clementine ass de25. Januar1994 mat engerTitan 23G gestart. Et war déi éischt Raumsond, déi vun derVandenberg Air Force Base a Kalifornie gestart gouf. Si hat den 19. Februar eng polar Ëmlafbunn ëm den Äerdmound erreecht. D'Sond hat bis Mee ronn 95% vun der Mounduewerfläch kartéiert (am Ganze ronn 1,6 Milliounen Eenzelbiller). Wéinst enger Computerpann gouf de 7. Mee d'Missioun fir den Asteroid(1620) Geographos z'erfuerschen ofgebrach. Déi feelerhaft Dreifwierkzündung hat d'Sond an eng Eegerotatioun vun 80 Ëmdréiunge pro Minutt versat. Duerno gouf d'Sond op eng Bunn ëm d'Äerd gefouert, fir e puer Instrumenter am Fluch duerch d'Van-Allen-Ceinture z'ënnersichen. Am Juni1994 huet d'Sond du komplett versot.
Nieft de ville Fotoen hu besonnesch1996 publizéiert Hiweiser op Waasseräis umMoundsüdpol fir Interessi an der Fuerschung gesuergt. Déi Hiweiser ware mat Hëllef vu Radarmiessunge festgestallt ginn. Si gouf als sou bedeitend aklasséiert, datt eng weider Sond fir op de Mound ënner dem NummLunar Prospector bei der NASA virgeschloen a bewëllegt gouf.