De Karl war tëscht 714 a 741Hausmeier vun de fränkeschen Deelräicher. Am DeelräichAustrien war en doriwwer eraus 715 bis 717, 718 bis 720 an 737 bis 741 Staatschef, well et kee Kinnek gouf. Dat selwecht gëllt fir d'DeelräichNeustrien tëscht 737 a 741.
Wéi säi Papp714 gestuerwen ass, hätt en am Fong sollten, wéi deen, Hausmeier ginn, dat ëm sou méi well seng zwéi Bridder Drogon a Grimoald och schonn dout waren. Mä dem Pippin seng Wittfra, d'Plektrud, huet en aspäre gelooss, an hiren Enkel, denTheodebald (Jong vumGrimoald II, dee just 6 Joer hat), zum legitimen Ierwen erkläert.
Dat huet zu Revolten doruechter am Räich gefouert, well d'Provënzfürsten net akzeptéiert hunn, datt eng Fra - a sief et tëschenzäitlech - un der Spëtzt vum Räich stéing.
D'Frankeräich tëscht 481 bis 814
715 konnt de Karl fortlafen an huet sech un d'Spëtzt vun der austrasescher Revolt gestallt. Nodeem se d'Neustrier geklappt haten, huet en och d'Plektrud, déi mat hirem Enkel zuKöln war, dozou bruecht[a wéi dann?], opzeginn.
De Karl huet fir d'éischt deClotaire IV. op den Troun bruecht amplaz vumChilperic II. No an no huet en d'Kontroll am Frankeräich iwwerholl, zulescht, andeems en d'Neustrier an der Schluecht beiSoissons geschloen hat. Hien huet och d'Räich no Osten hi vergréissert, andeems en tëscht 720 an 738 d'Gebidder vum haitegenÉisträich aSüddäitschland eruewert hat.
Wéi deClotaire IV.719 gestuerwen ass, huet de Karl dem Chilperic II. nees missen den Troun iwwerloosen, mä deen ass schonn 721 gestuerwen. Duerno huet de Karl denThierry IV., Jong vumDagobert III. um Troun installéiert.
Charles de Steuben,Schluecht vu Poitiers, vum Charles de Steuben, Musée vum Versailler Schlass
732 huet de Karl d'muselmanesch Arméie vumAbd el Rahman, dem Gouverneur vuSpuenien, bekämpft. Déi haten zanter711 d'Ibeeresch Hallefinsel eruewert a wollte sech elo iwwer d'Pyrenäen ausbreeden.725 hate se schonn deLanguedoc an e groussen Deel vun der haitegerBourgogne an hirer Hand, mä ware vum Herzog vun derAquitaine zeréckgeworf ginn. 732 huet den Abd el-Rahman eng nei Offensiv gestart, mam Zil,Tours ze plëmmen.
Den19. Oktober732, hunn de Karl an den Herzog vun der Aquitaine hir Truppen zuMoussais, tëschtTours aPoitiers, zesummegeluecht. De25. Oktober koum et zur Schluecht, déi d'Franke fir sech entscheet hunn, an dem Abd el Rahman seng Truppen hu sech doropshin zeréckgezunn.
Nom Doud vum KinnekThierry IV. (737) hat de Karl genuch Muecht, fir keen neie Kinnek méi brauchen ze sichen. Hien huet domat d'Muecht am Frankeräich selwer iwweroll, déi e bis zu sengem Doud, 741, gehalen huet.
Fir un de Karl Martell z'erënneren ass zuMärel an derStad eng Strooss no him benannt: d'rue Charles Martel verbënnt de boulevardMarcel Cahen mat der Märelerstrooss.
Jean Deviosse,Charles Martel; Paräis (Tallandier), 1978.
J. Jarnut,Karl Martell in seiner Zeit, Sigmaringen, 1994.
Salah Guemriche,Abd er-Rahman contre Charles Martel - La véritable histoire de la bataille de Poitiers; Paräis (Perrin), 2010; 311 S.;ISBN 978-2-262-02960-9