Chang'e-1 | |
---|---|
![]() | |
Typ | Äerdmoundsond |
Land | China |
Agentur | CNSA |
COSPAR-Bezeechnung | 2007-051A |
Mass | 2.350 kg (beim Opschlag) |
Start | 24. Oktober2007 |
Startplaz | Kosmodrom Xichang |
Drorakéit | CZ-3A |
Status | Opschlag um Mound den1. Mäerz2009 |
D'Chang'e-1 (嫦娥一号) war déi éischtRaumsond vun derChina National Space Administration (CNSA) an déi éischt vun op d'mannst dräi geplangt Missiounen amMoundprogramm vun der Volleksrepublik China. D'Sond gouf de24. Oktober2007 gestart, an hat de5. November2007 eng Moundëmlafbunn erreecht. Si ass den1. Mäerz2009 geziilt op de Mound opgeschloen. Mat hir goufen Technologië fir zukünfteg Missioune getest genee wéi d'Beschafenheet vun der Mounduewerfläch an dem Gestengs studéiert. De Präis vun der Sond gouf mat 169 Milliounen US-Dollar uginn.[1] Weider Missioune waren:2010 de MoundorbiterChang'e-2 an2013 eng mëll Landung matChang'e-3.
De Programm gouf no derMoundgëttinChang'e genannt. Si daucht an engem chineesesche Märchen op, an deem eng jonk Fee op de Mound flitt.
Am Januar2006 gouf vun derchineesecher Regierung bekanntgemaach, datt d'Fabrikatioun vun der Raumsond an hirer Drorakéit ugelaf wier. De25. Juli2006 huet d'Testphas vum Satellit ugefaangen.[2] Am Dezember2006 gouf de Satellit am Startzentrum getest.
DenOrbiter huet op enger Konstruktioun vumDFH-3-Kommunikatiounssatellit baséiert. D'total Mass war 2.350 Kilogramm, wouvun 130 Kilogramm op en ettlech wëssenschaftlech Instrumenter gefall sinn:
De Positiounsystem huet véierRadioteleskope mat Duerchmiesseren tëscht 25 a 50 Meter benotzt, déi zuShanghai,Peking,Kunming anUrumqi stinn.[4] Fir d'Koordinatioun an d'Datesammlung war deSheshan 25-Meter Radioteleskop vumShanghai Astronomical Observatory zoustänneg, deen op derSheshankopp zuSongjiang, engem Distrikt vuShanghai steet, zoustänneg.[5] Fir den Antrëtt vun der Sond an de Moundorbit gouf d'Missiounskontroll zousätzlech vun denESA-ESTRACK-Statiounen zuMaspalomas a Spuenien, zuKourou aFranséisch-Guayana a vun derNew Norcia Statioun anAustralien ënnerstëtzt.[6]
D'Chang'e-1 gouf de24. Oktober2007 um 10:05UTC mat enger Drorakéit vum TypCZ-3A vum chineesescheKosmodrom Xichang gestart. Si ass an en Äerdorbit mat enger Ëmlafzäit vu 16 Stonnen agetrueden an huet hir Sonnepanéilen opgemaach. Den nächsten Dag goufen déi eegen Dreifwierker kuerz gezünt an d'Sond op eng Ëmlafbunn vu 600 Kilometer Héicht bruecht. Banne siwen Deeg goufen nach weider dräi Orbittransfere gemaach, bei deenen d'Sond op eng ëmmer méi héich Ëmlafbunn transportéiert gouf, fir schliisslech mat engem sougenannten „Äerd-Mound-Transfer“ d'Ëmlafbunn sou grouss ze maachen, datt de Mound erreecht konnt ginn.
No klenge Bunnkorrekturmanövere konnt d'Sond de 5. November, wou si nëmmen nach 300 Kilometer vum Mound ewech war, dat entscheedend Manöver ufänken an an eng Moundëmlafbunn aschwenken. No zwéi weidere Bremsmanövere koum d'Chang'e-1 de 6. November op eng Moundëmlafbunn op enger Héicht vun 213 bis 1700 Kilometer an enger Ëmlafzäit vun dräianenghallef Stonnen. De 7. November erreecht si no engem drëtte Bremsmanöver hir definitiv Bunn, op där si de Mound op 200 Kilometer Héicht an 127 Minutte ëmkreest. Vun dëser Kreesbunn aus huet si dann ugefaangen, mat all Instrumenter u Bord a mat alle véier chineesesche Radioteleskope op der Äerd, ze schaffen.
De 26. November huet d'CNSA dem Publik eng éischt Moundfoto vun der Sond presentéiert. De chineesesche Ministerpresident Wen Jiabao huet am Pekinger Kontrollzentrum e Bild dat aus 16 Eenzelfotoe zesummengesat war, presentéiert.[7]
Den1. Mäerz2009 ass d'Chang'e-1 geziilt um 09:13 Auer MEZ um Äerdmound opgeschloen.