Bei deChamberwale vum1. Mäerz1925 goufe 47 Deputéiert an dat nationaalt Lëtzebuerger Parlament, d'Chamber gewielt.
Partei | Sëtz |
---|---|
Rietspartei | 22 |
Aarbechterpartei | 8 |
Radikal-Sozialisten ("Vereenegt Lénksparteien") | 5 |
Onofhängeg Nationalpartei | 3 |
Radikal Lénk | 3 |
Onofhängeg National Vereenegung | 2 |
Onofhängeg Lénkspartei | 2 |
Onofhängeg Rietspartei | 1 |
Liberal Lénk | 1 |
Aarbechter- a Bauerepartei | 0 |
Bauerepartei | 0 |
Total | 47 |
D'Rietspartei huet par Rapport zu 1919 fënnef Sëtz (an domat déi absolut Majoritéit) verluer, blouf awer bei wäitem déi stäerkst Partei. Déi fréierLiberal Liga, déi bis 1919 déi dominant politesch Stréimung an der Chamber war, hat sech 1924 an dräi Splitterparteie gespléckt (d'Radikal Sozialistesch Partei (Parti socialiste radical), d'Liberal Lénk (Gauche libérale) an d'Radikal Partei (Parti radical), déi deementspriechend kee fir si befriddegend Resultat kruten. Och d'Sozialdemokraten (déi sech ewellAarbechterpartei genannt hunn) konnten net u Sëtz zouleeën. Allgemeng hu bei dëse Walen eng ganz Rëtsch kleng Parteien oder Gruppéierunge kandidéiert (dacks just an engem eenzege Waldistrikt). Och wa se wéineg bis keng Sëtz kruten, hu si dach deene "Grousse" Stëmmen ewechgeholl. Nationalistesch Parteien hu liicht u Sëtz gewonnen.
Well d'Rietspartei keng Koalitioun mat enger Partei wollt agoen, déi géint den Eisebunnsaccord mat der Belsch gestëmmt hat (wat de Grond vum Mësstrauensvote géint déi vireg Regierung war), koum et den 20. Mäerz 1925 zu enger Koalitiounsregierung vun e puer méi klenge Parteien, derRegierung Prüm.
D'Kommunistesch Partei, déi alsAarbechter- a Bauerepartei opgetrueden ass,[3] hat just am Walbezierk Süden eng Lëscht opgestallt mee krut net genuch Stëmme fir e Kandidat an d'Chamber ze schécken.
Partei / Lëscht | Zentrum | Süden | Norden | Osten | Total |
---|---|---|---|---|---|
Rietspartei | 5 | 6 | 6 | 5 | 22 |
Aarbechterpartei | 1 | 6 | 1 | / | 8 |
Radikal-Sozialisten ("Vereenegt Lénksparteien") | 5 | / | / | / | 5 |
Onofhängeg Nationalpartei | / | / | 3 | / | 3 |
Radikal Lénk | / | 3 | / | / | 3 |
Onofhängeg National Vereenegung | 1 | 1 | / | 0 | 2 |
Onofhängeg Lénkspartei | / | / | / | 2 | 2 |
Onofhängeg Rietspartei | / | / | 1 | / | 1 |
Liberal Lénk | 1 | / | / | / | 1 |
Aarbechter a Bauerepartei | / | 0 | / | / | 0 |
Bauerepartei | / | 0 | / | / | 0 |
Total | 13 | 16 | 11 | 7 | 47 |
/: keng Kandidaten an deem Bezierk
Gewielt goufen (Situatioun virun der Ernennung vu Ministeren):
11 Baueren a Wënzer, 11 Affekoten, 4 Eisebunner, 3 Geschäftsleit, 3 Dokteren, 3 Véidokteren, 2 Industrieller, 2 Gewerkschaftssekretären a jee eenNottär, Geeschtlechen, Zänndokter, Drécker, Zigarettefabrikant, Ingenieur, Comptable, Beamten an Transportentrepreneur.[1]